ËWK August: Oh Mamie

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass Oh Mamie?

Hannert Oh Mamie stécht d’Jennifer Lyszyszack (ganzer 57 Punkten am Scrabble). 1991 zu Metz gebuer, huet et si op de LISAA Stroossbuerg gezunn, wou si hire BTS an der visueller Kommunikatioun gemaach huet. Ab 2013 schafft si als selbstänneg Grafikerin an Illustratorin, bis si 2015 d’Serigrafie fir sech entdeckt. Doropshi schafft si erëm a Kommunikatiounsagencen ier si 2018 als senior graphic designer bei d’Ekipp vum Studio JCS stéisst.

Charakteristesch fir hiren Universum ass en differenzéierte Bléck op d’Saachen, dacks mat engem méi däischteren oder witzegen Touch, wat och an den Detailer vun hire grafesche Produktiounen erëmgespigelt gëtt.

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

Fresh representéiert déi idealistesch Onbeschwéiertheet fir déi de Mount August steet: d’Sonn, déi duerch d‘Vegetatioun verdeckt gëtt, dat kloert Waasser, d’Rou an d’Natur, déi wuchert. Et ass eng kleng Erënnerung dorunner, wéi et kéint sinn, am Contraire zu de verknaschte Plagen op der Welt an dem knaschtege Waasser, dat vill Touristen am Summermount August hannerloossen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register