Säit Februar 2026 huet d’Gemeng Suessem ee Sportskoordinator. Wat dee mécht, léisst seng Bezeechnung scho verroden, ma seng Aarbecht kann een direkten Impakt op ären Alldag hunn. Mir hunn eis mam Dan iwwert seng nei berufflech Aventure ausgetosch.
Virum Gemengenhaus an der Sonn treffe mer eis bei herrlechem Fréijoerswieder mam Dan Gantrel, dem neie Sportskoordinator vun der Gemeng. „Wann ech kann dobausse sinn, da sinn ech dobaussen“, hat hien eis puer Minutte virdru gesot, wéi mer gefrot hunn, wou mer den Interview maache sollen. Et ass eng entspaanten Atmosphär, genee sou, wéi et bei den Dan passt.
„Ech sinn zu Nidderkuer obgewuess, mee zënter 2003 wunnen ech zu Zolwer. Et war vill hin an hier, mee sinn ëmmer erëm zeréckkomm“, erzielt hien. Haut ass hien 39 Joer al an zënter dem 1. Februar Sportskoordinator an eiser Gemeng an zousätzlech den neie Sekretär vun der Sportskommissioun. Sport ass fir hien net nëmmen eng Passioun – et huet hien déi lescht Jore markéiert. „Déi sportlech Welt ass meng Welt“, seet hien ouni ze zécken. Zënter klengem un huet hien déi verschiddenst Sportaarten ausprobéiert an ass bis haut an de verschiddenste Beräicher aktiv. „Vum Skate kenne mech vill Leit, ech si säit Joren aktiv an der Federatioun an och am Club.“ Mee dobäi bleift et net – och Lafen, Gravel a Mountainbike huele vill Zäit vu sengen Deeg an.
Neie Liewensofschnëtt
Dass hien elo bei der Gemeng schafft, huet fir Iwwerraschung gesuergt. „Déi éischt Reaktioun war dacks: ‚Wat? Du? Bei d’Gemeng?‘“, seet hien a laacht. Den Dan war säi lieweslaang selbstänneg, als Besëtzer vun zwee Sport a Kleeder-Shopps an der Stad, war hie säit en denke ka säin eege Patron. „Ech hunn dee Beruff gär gehat, en huet mir vill Dieren opgemaach. Iwwert d’Joren hat ech esou vill Opportunitéiten, hu lénks a riets Kontakter geknäppt.“ Mee fir hien ass kloer: „All Job ass dat, wat s du draus méchs.“ Genee esou gesäit hien och seng nei Funktioun als Sportskoordinator. „D’Gemeng gëtt mir d’Méiglechkeet, e Service opzebauen, fir den Bierger do ze sinn a nei Méiglechkeeten am lokalen Sport ze schaafen, fir Laangfristeges eppes opzebauen.“ Hie gesäit dësen neie Liewensofschnëtt als grouss Chance. „Dat ass eng Opportunitéit, wou ech mech ka voll entfalen an ech sinn enorm dankbar, dass ech dat vertraue vun eisem Gemenge- a Schäfferot entgéint kréien.“
Wat hien dobäi auszeechent, ass säi Gefill fir Mënschen a Verbindungen. „Ech si wéi ee Mediateur, een, dee consultéiert. Ech bauen Netzwierker op an ech maachen dat immens gär.“ Genee dat huet e gemengt, wéi en iwwert d’Renconteren aus de leschte Joerzéngten ze schwätze komm ass. Egal, wat den Dan mécht, fir hie steet d’Mënschlechkeet am Vierdergrond: „Ech brénge Leit gären zesummen. Wa Leit mat engem Laachen heem ginn, dann ass dat immens schéin ze gesinn. Fir mech heescht dat, dass ech eppes richteg gemaach hunn.“
„Déi éischt Reaktioun war dacks: ‚Wat? Du? Bei d’Gemeng?‘“ – Dan Gantrel
Seng nei Aarbecht ass dobäi alles anescht wéi e klassesche Bürosjob, och wann et den Dan op eng Gemeng verschloen huet. „Ech si vill ënnerwee, a Kontakt mat de Leit, de Veräiner aus der Gemeng.“ Am Moment geet et virun allem nach ëmmer drëm, alles kennenzeléieren: d’Clibb, d’Awunner∙innen, d’Servicer an och d’Infrastrukturen. „Ech hunn zwar scho vill kannt, mee elo kucken ech mat engem aneren Aen drop.“
Un de richtege Schrauwen dréinen
Hie wëllt verstoen, wéi alles zesummenhänkt, ier hien eppes iwwert de Knéi brécht. „Ech loosse mir Zäit a gi mir alles ukucken, fir d’Kapazitéite richteg kënnen anzeschätzen.“ De Sportskoordinator hëllt eng zentral Roll an, déi hien als Verbindung tëscht Gemeng, Veräiner a Bierger∙innen gesäit. „Fir mech sinn d’Veräiner déi, déi sech um Terrain oft am beschten auskennen. Si kënne mir soen, wat klappt oder wat besser kéint klappen. Ech sinn do, fir Doleancen entgéint ze huelen, fir ze hëllefen, wou et méi komplizéiert schéngt, mee ganz einfach ka sinn.“ Seng Aufgab ass et, ze begleeden an un de richtege Schrauwen ze dréinen. „Wa si eng nei Iddi fir e Projet hunn, da kommen si bei mech. Ech hëllefen hinnen, sech ze orientéieren.“ Net jiddereen∙t wéisst, wou wat ugefrot muss ginn. Do kënnt den Dan an d’Spill a vermëttelt weider, wann eng Ufro net a säin Aufgabeberäich fällt.
Genausou wichteg ass fir hien den direkten Austausch mat de Bierger∙innen. „Wann een eng Iddi huet oder motivéiert ass, da kann ech d’Liene schafen. Egal ob et ëm e Club, e Subsiden oder eng sportlech Aktivitéit geet – ech sinn do, fir ze hëllefen.“ D’Zesummenaarbecht tëscht verschiddenen Acteure spillt hei bäi eng essenziell Roll. Besonnesch mam Service, dee sech ëm d‘Kommunikatioun an d’Kultur an der Gemeng këmmert. „Sport ass Deel vun eiser Kultur“, ënnersträicht eist Géigeniwwer. „An ouni gutt Kommunikatioun funktionéiert et net. Wat mer brauchen ass ee gutt Zesummespill vun dësen dräi Facteuren, soss klappt et net.“
„Mir mussen de Leit d’Méiglechkeet ginn, sech iwwerhaapt ze beweegen – an et esou einfach wéi méiglech maachen.“ – Dan Gantrel
Fir den Dan huet sech op privatem Niveau och e bëssen eppes geännert, wéi hien den Job gewiesselt huet, ugefaange mat fréi moies – am Stau steet hien nämlech net méi. „Fréier ass et fir mech all Dag bis an d’Stad gaangen, mäin Alldag huet also mat Stau ugefaangen. Elo schaffen ech do, wou ech wunnen.“ Dat bedeit fir hien eng enorm Verbesserung vun der Liewensqualitéit: „Ech maachen eppes fir ‚meng‘ Leit – an ech gesinn direkt, wat et bréngt.“ A genee do läit seng Motivatioun: „Wann s du gesäis, datt Leit frou sinn, da mécht dech dat selwer och glécklech.“
Fir säin Departement huet hien eng kloer Virstellung. Fir hien ass Sport a Beweegung vill méi wéi just d‘Veräinsliewen. „Sport a Beweegung ass dee perfekten Ausgläich zu eise stressege Liewen: D’Leit kënnen ofschalten, sech entfalen, an dat genee esou, wéi si et wëllen.“ Dobäi ass et him wichteg, de Begrëff „Sport“ méi breet ze denken: „Sport muss net onbedéngt e Club sinn – et muss net an der Ekipp oder mat anere Leit stattfannen, mee kann individuell geduecht ginn.“ Säin Zil ass et, Sport a Beweegung fir jiddereen accessibel ze maachen. „Mir mussen de Leit d’Méiglechkeet ginn, sech iwwerhaapt ze beweegen – an et esou einfach wéi méiglech maachen.“

Ganz konkret plangt hien nei Usätz: „Ech wëll eng Offer schafen, wou een de Sport an d’Coursen einfach mol kenneléiere kann, ouni direkt an e Veräin ze goen.“ Op deem Wee sollen Hemmschwellen ofgebaut ginn: „Den éischte Schrëtt muss ganz einfach sinn. Oft traue sech d’Leit net direkt an en Club ze goen, dofir wier et eng Iddi, den éischte Kontakt mam Sport ganz onkomplizéiert ze gestalten.“ Sport soll dem Dan no net just als Sport gesi ginn, mee als Ausgläich, eppes fir sech an déi eege Gesondheet maachen. Fir hien ass et een Deel vun der „Hygiène de vie“.
„Dat Schéinst ass, wann s du aner Leit eppes zeréck gi kanns. Et wier schéin, wa méi Leit dat esou géife gesinn.“ – Dan Gantrel
Den Dan ass, wéi en et schonn am Ufank vun eisem Gespréich sot, gären dobaussen ënnerwee. „Ech si vill an eisem Bësch. Do maachen ech mäi Sport. Do hunn ech meng Rou“, seet hien a laacht. „Ech fille mech fräi a genéissen, dass et méi roueg ass.” Genee esou gär geet et an awer och mat de Kolleeg∙inne lafen. Sou zum Beispill all mëttwochs ab 11.45 Auer um Gaalgebierg. „Et hat mat den Aarbechtskolleegen ugefaangen, ma jiddereen ass wëllkomm, sech eis unzeschléissen. Mir lafen Trail, 5 bis 7 Kilometer. Et geet net ëm d’Leeschtung, mee ëm d’Freed. Jidderee muss eng Kéier iergendwou ufänken.“ Genee dee Mindset wëll hien un d’Leit dobausse weiderginn. „Probéiert et, maacht mat. Heiansdo entdeckt een eng Passioun, mat där een ni gerechent hätt.“
Am grousse Ganze geet et him ëm Zesummenhalt. „Sport ass eng Sprooch, déi jidderee schwätzt.“ Hie wëll Leit zesummebréngen, iwwer Grenzen ewechdenken an Ënnerscheeder hannert sech loossen: „Leit solle sech kenneléieren an iwwert de Sport zesumme fannen.“ Dobäi spillt och de Benevolat eng entscheedend Roll. „Mir mussen et fäerdeg bréngen, nei Leit ze motivéieren.“ Well fir hien ass kloer: „Dat Schéinst ass, wann s du aner Leit eppes zeréck gi kanns. Et wier schéin, wa méi Leit dat esou géife gesinn. Dat ass mäin Zil.“ An esou bleift een Androck no dësem Gespréich ganz staark hänken: Hei ass een, deen net nëmmen iwwer Sport schwätzt – mee e lieft. An deen d’Motivatioun huet, eng ganz Gemeng zum Beweegen ze bréngen.
Du wëlls eise Sportskoordinator kontaktéieren?
59 30 75 – 671
An hei ginn et weider Detailer zu allem, wat de Sport an eiser Gemeng betrëfft.