Zanter méi wéi zwanzeg Joer engagéiert sech d’Simone Asselborn-Bintz am Déngscht vun der Gemeng an hire Bierger·innen. Als Conseillère, Schäffin, Deputéiert a schliisslech Buergermeeschtesch huet si d’Entwécklung vu Suessem aktiv matgestalt an dobäi ëmmer un enger Iwwerzeegung festgehalen: Politik no bei de Leit entsteet virun allem duerch Nolauschteren an den Dialog. An dësem Interview schwätzt si iwwert hire politesche Parcours, d’Erausfuerderungen, virun deenen d’Gemeng haut steet an iwwer Projeten, déi hir besonnesch um Häerz leien.
Wat huet dech ursprénglech motivéiert, an d’Politik ze goen?
Et gouf am Fong zwou Saachen, déi ech a mengem Liewen ni wollt maachen: beim Radio schaffen an an d’Politik goen. (laacht) Dat huet och mat menger Mamm ze dinn, déi genee dat gemaach huet. Wéi si 2000 gestuerwen ass, hunn ech ugefaangen nozedenken. Ech hat d’Gefill, datt hir sozial Aarbecht nach net ofgeschloss war. An där Zäit hunn ech och de Georges Engel kennegeléiert, an du koum eng Saach bei déi aner. Bei de Walen 2005 sinn ech direkt an de Gemengerot gewielt ginn – an hat zënterhier d’Gléck, ëmmer Deel vun der Majoritéit ze sinn (laacht).
Gouf et ee besonnesch markante Moment an deenen 20 Joer?
Een eenzegen Moment gëtt et esou net. Et sinn der vill. Meng éischt Walen, meng Vereedegung am Parlament oder och nach déi lescht Gemengewalen, bei deenen ech fir d’éischt als Buergermeeschtesch ugetruede sinn an d’Lëscht ugefouert hunn. Am Alldag präägt mech virun allem den direkten Austausch mat de Bierger·innen.
Huet sech däi Bléck op d’Politik verännert?
Net fundamental. De groussen Ënnerscheed läit an der Verantwortung an doran, wat ee konkret ëmsetze kann. Als Conseillère bréngt ee sech thematesch an. Als Buergermeeschtesch muss ee vill méi am Bléck behalen – vu klenge Detailer bis zu de Gemengefinanzen iwwert déi nächst Joren.
Du waars Conseillère, Schäffin a Buergermeeschtesch – wéi ënnerscheede sech dës Rollen an der Praxis?
D’Rolle si schonns kloer verschidden. Als Schäffin dréit een zwar scho méi Verantwortung, mee de Fokus läit dach op den eegene Ressorten. Als Buergermeeschtesch huet een déi global Verantwortung an et muss een iwwer alles informéiert sinn. Dat funktionéiert natierlech just mat engem gudden a vertrauensvollen Zesummeschaffen am Schäfferot an mat gudden a motivéierte Mataarbechter·innen. Ech soen ëmmer gären “d’Buergermeeschtesch ass ëmmer nëmmen esou gutt, wéi d’Ekipp ronderëm se.”
D’Buergermeeschtesch ass ëmmer nëmmen esou gutt, wéi d’Ekipp ronderëm se
Déi gréissten Erausfuerderung als Buergermeeschtesch ass…
Den Zäitmanagement. Als Buergermeeschtesch muss ee sech bewosst sinn, datt ee quasi ronderëm d’Auer am Asaz fir d’Gemeng ass. Bei mir koum nach dobäi, datt ech am Ufank nach am Parlament souz an d’Pandemie grad ausgebrach war. Eng aner Erausfuerderung sinn déi vill Nimm, déi ee sech mierke muss. Do muss ech heiansdo elle kierpen, wa mir een Numm net afält (laacht).
Op wéi eng Projete bass du besonnesch houfreg?
Datt et eis gelongen ass mam Artikuss eng héichwäerteg kulturell Infrastruktur an eis Gemeng ze bréngen. Natierlech och fir eis Veräiner. Donieft läit mir och d’Stäerkung vum lokalen Handel um Häerz, egal ob Metzler, Bäcker oder Epicerie.
Gouf et Decisiounen, déi dir besonnesch schwéier gefall sinn?
Jo, virun allem Personalentscheedungen. Et ass ni einfach, eng Beamtin oder e Beamten entloossen ze mussen. Schwéier fale mir och nach ëmmer Begriefnesser, besonnesch wann ech déi verstuerwe Persoun kannt hunn oder einfach d’Trauer vun de Leit vun no matkréien.

Wéi gees du mat Kritik oder Widderstand ëm?
Dat ass eppes, mat deem ee mat der Zäit léiert ëmzegoen. Ufanks hunn ech dat nach vill méi u mech erugelooss, och iwwert déi sozial Medien. Haut ginn ech domat méi souverän ëm, zéien awer kloer Grenze bei hate speech oder perséinlechen Ugrëffer. Den Toun an der Gesellschaft ass méi rau ginn, an dat mécht grad d’Politik net méi einfach.
Wat sinn aktuell déi gréissten Erausfuerderunge fir eis Gemeng?
Mobilitéit, Duerchgangsverkéier, Wunnengsbau a modern Schoulinfrastrukturen. Dobäi kommen d’Gemengefinanzen, déi mir ëmmer am Bléck mussen halen. An den nächste Jore musse mir eis op déi wichtegst Investitioune konzentréieren, sief dat am Schoulberäich oder nach beim Bau vun engem neie Service Technique.
Wéi geléngt et, laangfristeg Strategië mat kuerzfristegen Erwaardungen an Aklang ze bréngen?
Dat ass net ëmmer einfach, well grouss Projete vill Zäit brauchen. Ech kann d’Onverständnis vun de Leit heiansdo gutt novollzéien, wann eppes net méi séier geet. Dofir ass et wichteg, transparent ze erklären, firwat verschidde Prozesser hir Zäit brauchen.
Vill national Decisiounen hunn direkt Auswierkungen op d’Gemengen.
Wat ënnerscheet déi national vun der kommunaler Politik?
Et ass ganz wichteg, datt kommunal Vertrieder·inne wëssen, wat am Parlament diskutéiert an decidéiert gëtt. Vill national Decisiounen hunn direkt Auswierkungen op d’Gemengen. Ech fannen et dofir wichteg, datt d’Gemengen no um Parlament bleiwen.
Wat hues du aus denger Zäit am Parlament matgeholl?
Virun allem e besseren Abléck an technesch Dossieren a Gesetzestexter. Dat huet mir gehollef, op kommunalem Niveau nach méi geziilt ze schaffen. Mee ech hunn och meng direkt a mënschlecht Aart mat an d’Chamber geholl (laacht).
Wéi géifs du däi Féierungsstil beschreiwen?
Ech géif soen demokratesch, Team-orientéiert an empathesch. Mir ass wichteg, datt jiddweree seng Expertise a säi Bléckwénkel ka mat abréngen. Ech schaffen gäre mat motivéierte Leit zesummen, déi Verantwortung iwwerhuelen a matdenken – an dono gëtt déi beschtméiglech Decisioun geholl.
Wéi eng Roll spillt Teamaarbecht am Schäfferot an am Gemengerot?
Eng ganz grouss. Ouni gutt a vertrauensvoll Zesummenaarbecht geet op kommunalem Niveau nëmme wéineg virun. Et geet hei manner ëm Ideologien ewéi ëm konkret Léisunge fir d’Leit, d’Veräiner an déi eenzel Uertschaften a Quartieren. Natierlech ginn et och ënnerschiddlech Meenungen – virun allem am Gemengerot (laacht) – mee et ass wichteg, datt mir respektvoll matenaner ëmginn a gutt zesumme schaffen. An der Hisiicht fannen ech, datt mir hei zu Suessem nach ëmmer gutt matenaner fueren.
Traut iech. Jiddweree kann eppes bäidroen, jiddwereen huet aner Qualitéiten.
Wat motivéiert dech haut nach, politesch aktiv ze sinn?
An der Politik huet een ni richteg d’Gefill um Enn ukomm ze sinn. Et gëtt ëmmer nach Projeten, déi weidergefouert oder ofgeschloss musse ginn. Suessem ass eng Gemeng, an där ee vu klengem u bis an den héijen Alter gutt liewe kann. Déi grouss Erausfuerderung ass a bleift et, dës héich Liewensqualitéit och bei weiderem Wuesstem ze erhalen.
Wéi ee Rot géifs du jonke Leit ginn, déi sech politesch engagéiere wëllen?
Traut iech. Jiddweree kann eppes bäidroen, jiddwereen huet aner Qualitéiten. Wichteg ass natierlech en Interessi un der Politik an un der Aktualitéit. An Zäite vun (ze) séierer Informatioun, ass et och besonnesch wichteg, Saachen ze hannerfroen a sech an Themen eranzeliesen.
Gëtt et ee Projet, deen s du nach onbedéngt wëlls ëmgesat gesinn?
Jo, eng „Maison de la Citoyenneté“ wier fir mech perséinlech e ganz wichtege Projet: en oppent Haus, intergenerationell an interkulturell, wou ee sech begéint, Informatioune kritt oder einfach an enger agreaabler Atmosphär e Kaffi drénkt an zur Rou kënnt.






