Bacalhau à la Susana

Am Partnerlook begréissen d’Susana Teixeira an hier Duechter Vittoria eis fir de Gustoso,  deen eis dës Kéier a Portugal entféiert. D’Schiertecher si gebonnen, d’Ouerréng aus der Heemecht – e Kaddo vun der Boma – sëtzen an de Bacalhau brutscht schonn an der Mëllech. D’Susana, eisen Host, beschreift sech selwer als charakterstaark Fra, a genee deen Androck vermëttelt si och. Mat 19 Joer huet et d’Susana à l‘aventure op Lëtzebuerg gezunn an et war fir déi jonk Fra kloer, datt et keen zeréck géif ginn, ganz nom Motto il faut tenter sa chance. An d’Gemeng Suessem, méi genee op Bieles, koum d’Susana, wéi si hire Mann, den Andrea, kennegeléiert huet.

Wärend d’Mamm vun dräi Kanner d’Grompere klassesch op der Hand zu Püree tripst, bleift Zäit vun hirem Liewen ze zielen, dovunner wéi hir Kanner hir lëtzebuergesch Sproochkenntnisser verfeinert hunn, wéi si mëttlerweil méi italienesch wéi portugisesch kacht oder och nach wéi si um Colorissimo vun der Integratiounskommissioun e Nuddelscours fir Kanner ubitt. À propos Verflichtungen: d’Susana engagéiert sech, wou si nëmme kann, sief et op hirer Aarbecht an der Maison relais, an de Sportsveräiner vun hire Kanner oder eben an der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem, an déi si sech gemellt huet, „well ech gäre bei Leit sinn“.

il faut tenter sa chance

Fir de Gustoso proposéiert si eis mam Bacalhau (morue) en traditionelle Plat aus Portugal, deen awer déi eng oder aner Eegekreatioun ze bidden huet, esou datt et e Plat à la Susana ass. Zerwéiert mat engem Porto, gëtt et d’Beignets de morue als Entrée, éier d’Susana eng immens schmock Schossel, gefëllt mam Fësch, Purée, Kabes, Chorizo an Zwiwwelen aus dem Bakuewen hëlt a mat Oliven a Péiterséileg dekoréiert. Dono heescht et Para a mesa – bei den Dësch wgl.

 

Beignets de morue (pastéis de bacalhau)

Dir braucht:

  • 400 g Bacalhau
  • 200 g Gromperen
  • 3 Eeër
  • 1 Zwiwwel
  • Péiterséileg
  • Salz
  • Peffer
  • Ueleg fir ze frittéieren

Wässert de Bacalhau. Kacht en dono bis e mëll ass. Vun der Plack huelen, d’Haut erof- an d’Sprenzen eraushuelen. Dono de Fësch mat de Fanger a kleng Stécker rappen. D’Grompere kache bis se mëll sinn. Zu Püree verschaffen. Mat Péiterséileg, enger Zwiwwel, den Eeër an dem Bacalhau vermëschen. Salzen a pefferen. Gutt vermësche bis d’Pâte homogen ass. Oppassen, datt den Deeg net ze mëll awer och net ze kompakt ass. Den Ueleg an der Pan waarm maachen. Den Deeg vun engem Zoppeläffel ëmmer erëm an en anere ginn, bis de Beignet seng gewënschte Form huet. Am waarmen Ueleg frittéieren, dono um Kichepabeier ofdrëpse loossen.
Als Aperitif oder mat enger grénger Zalot zerwéieren.

Gebakene Bacalhau

  • 4 Filete Bacalhau
  • 1 Liter Mëllech
  • Olivenueleg
  • 5 Zwiwwelen
  • 4 Knuewelekszéiwen
  • Péiterséileg
  • 1 kg mielzeg Gromperen
  • Botter
  • Salz
  • Peffer
  • Muskot
  • Schwaarz Oliven, ouni Kär
  • 1 grénge Kabes
  • 1 Maisbrout
  • Chorizo

 

Filet Bacalhau

D’Fileten an enger Mëschung aus der Mëllech a Waasser kachen. Ofdrëpse loossen, d’Sprenzen eraushuelen an d’Fileten op d’Säit stellen. D’Zwiwwelen an dënn Scheiwe schneiden a se am Ueleg ubroden. Um Enn mat e bësse Péiterséileg verfeineren a mat Salz a Peffer wierzen.

Püree

D’Grompere schielen, a Stécker schneiden an am Waasser kachen. Déi gekachte Gromperen tripsen, Mëllech, geschmolte Botter a Muskot dobäi ginn a vermësche bis de Püree gutt ass. Ofschmaachen a méiglecherweis nowierzen.

Kabes

De Kabes a véier schneiden, de Stronk ofschneiden, kleng schnëppelen an ënnert dem Waasser botzen. Wann d’Waasser bis kacht, de Kabes 15 Minutte kache loossen. Ofschmaachen an ofschëdden. De Knuewelek an engem Dëppe gëllen ubroden an de gekachte Kabes dobäiginn.

An enger Grattinsform dräi Reie maachen

  • Déi ugebroden Zwiwwelen iwwert de gekachte Bacalhau ginn a mat Broutgrimmelen a Stécker Chorizo bedecken
  • De Püree an d’Rei niewendru verdeelen
  • De Kabes an der drëtter Rei verdeelen

Wärend 30 Minutten am Bakuewen op 180° goe loossen. Mat schwaarzen Oliven a Péiterséileg dekoréieren.

 

Gudden Appetit!

You don't have permission to register