Fufu, Pondu & Biteku

1977 war den Alexis Kombo eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Deemools als Staff-Member vum Boxer Pierre Kabaso, dee fir e Kampf op Esch-Uelzecht komm ass. Dem Alexis seng Rees ass dono weidergaangen iwwer Bréissel, wou hien zwee Joer gewunnt huet, bis op London, wou hien et awer just 6 Méint ausgehalen huet.

De Süde vu Lëtzebuerg hat et dem jonke Mann ugedoen. Hei war et kleng a virun allem roueg. Ganz anescht wéi an der Provënz Kasaï am Häerz vun der Demokratescher Republik Kongo, dem Alexis senger Heemecht. Mëtt der 80er Joren huet d’Famill Kombo hire Wunnsëtz zu Esch opgeschloen, éier si pénktlech zum Joerdausendwiessel op Zolwer geplënnert ass, wou si och haut nach wunnt.

„Ech diskutéiere gären an hu Spaass un der Politik“, esou den dynamesche Pensionnaire, dee niewent senge wéchentleche Lafausflich an de Bësch, och an der Politik ganz engagéiert ass. Aacht Joer schonn ass de sympathesche Mann scho Member vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem. Houfreg ass hien dobäi op déi sëllegen Eventer, déi si organiséieren a vun deenen hien och selwer profitéiere kann: „Am Café des langues kann ech endlech Lëtzebuergesch léieren“, laacht den Alexis.

Et gëtt dat giess, wat do ass, virun allem also Geméis a Fufu

Fir de Gustoso dëscht den Alexis dat op, wat typesch fir den Zentrum vum Kongo ass: vill Geméis. „Et gëtt dat giess, wat do ass, virun allem also Geméis a Fufu”, esou den Alexis, dee heiansdo bis zu dräi Mol d’Woch Fufu preparéiert. Zu besonneschen Evenementer gëtt och emol nach Fësch oder Fleesch zerwéiert. An der kongoleesescher Kichen gëtt et keen Ënnerscheed tëschent Entrée an Haaptplat, et ësst een alles zesummen.

Liicht méi speziell am Menü sinn d’Chenilles grillées, gegrillte Raupen, déi vill Vitaminnen a Proteinnen enthalen, ma net solle giess ginn, wann een allergesch op Insektestéch oder Mieresfriichte reagéiert. Wann den Alexis ee Plat glëscht, da gëtt deen och gekacht, egal wéi laang et dauert: „Ech hu jo Zäit“. Bis op d’Chenilles, déi hie vu Bréissel matbruecht huet, kritt een all d’Ingrediente fir dëse Gustoso an de Supermarchéen oder zu Esch-Uelzecht an enger Epicerie africaine.

 Fir de Pondu brauch een:

  • Maniok Blieder
  • Auberginnestécker
  • Fësch vun ärer Wiel
  • Ueleg
  • Salz

D’Maniokblieder zerdrécken, mat Auberginnestécker an dem Fësch 90 Minutte an engem Dëppe mat Ueleg kächele loossen. Salzen.

 

Fir de Biteku brauch een:

  • Biteku Blieder (déifgefruer)
  • Auberginnestécker
  • Ueleg
  • Salz

D’Bitekublieder an enger Pouz Salz 45 Minutten an engem Dëppe mat Ueleg kächele loossen. No 15 Minutten d’Auberginnestécker dobäiginn.

 

Fir de Fufu brauch een:

  • Polenta/Fufupolver

D’Polenta an en Dëppe mat waarme Waasser (ouni Salz) schëdden a 5 Minutten zéie loossen. Derno zerwéieren.

 

Fir de Makayabu brauch een:

  • 1 Filet Cabillaud
  • Paprika
  • Ueleg

De gedréchente Fësch (Cabillaud) een Dag am Waasser zéie loossen. Derno fir 10 Minutten an d’Friteuse zappen an um Enn mat Paprika dekoréieren.

 

Fir d’Chenilles brauch een:

  • Fäerdeg preparéiert Raupen
  • Zwiwwelen

D’Raupe mat Salz an Zwiwwele fir 40 Minutten an engem Dëppe mat Ueleg kächele loossen.

 

Fir d’Banane plantain brauch een:

  • Kachbanannen

D’Kachbannen schielen, a Rondele schneiden a kuerz an d’Friteuse zappen.

 

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register