Restaurant Madame Witzeg

Op der Waassertrap zu Bieles gëtt et säit Oktober en neie Restaurant. Soubal ee bei d’Madame Witzeg erakënnt, gëtt ee vum ganze Personal mat engem häerzleche Laache begréisst. D’Atmosphär ass frëndlech a roueg an et mierkt een direkt, datt hei eng aussergewéinlech Ekipp zesummeschafft. Souwuel an der Kichen, ewéi och am Service schaffe Mënsche mat Trisomie21, dem sougenannten Down-Syndrom, oder anere kognitiven Aschränkungen. 

Am Alldag gi si vun deenen zwee Responsabele Karin Reding (Chargée de direction) a Steven Kukawka (Kach), ewéi och vun der Educatrice Manon Arent ënnerstëtzt.

D’Iddi fir dësen inklusiven an innovative Restaurant gëtt et scho säit enger Rei Joren. D’Präsidentin Martine Eischen vun der Trisomie21 asbl, selwer Mamm vun engem Kand mat Down-Syndrom, huet sech wéi vill aner Concernéiert d’Fro gestallt, wat no der Schoul geschitt a wéi déi berufflech Chancen fir hiert Kand ausgesinn.

Et ginn zu Lëtzebuerg eng Rei un Ateliers d’inclusion professionelle – fréier Ateliers protégés genannt –wou Aarbechter·inne mam unerkannte Statut vum travailleur handicapé enger Tätegkeet noginn, déi op hier spezifesch Besoinen an individuell Fäegkeeten ugepasst ass. An deenen Atelieren ass een awer meeschtens net a Kontakt mat der Welt dobaussen.

Mir funktionéieren eigentlech wéi all anere Betrib an der Gastronomie och.

Mam Restaurant Madame Witzeg wollt d’ASBL eppes op d’Bee stellen, wat et nach net zu Lëtzebuerg gëtt: eng geliefte Plaz fir Inklusioun an Integratioun. Op der enger Säit en Atelier, wou d’Salariéë siichtbar sinn a Leit, déi eigentlech net vill Beréierungspunkte mat Mënsche mat spezielle Besoinen hunn, kënnen an enger Alldagssituatioun begéinen. Op der anerer Säit kréien déi Leit, déi um éischten Aarbechtsmarché eigentlech keng grouss Chancen hunn, Geleeënheet fir engem normalen Job nozegoen an ze weisen, zu wat si alles mat dem richtegen Encadrement an Training fäeg sinn.

Dat bestätegt och d’Karin Reding : « Mir funktionéieren eigentlech wéi all anere Betrib an der Gastronomie och. Natierlech mat e puer Modifikatiounen, sou ass z. B. de Bestellprozess vereinfacht. » Op enger plastifizéierter Kaart kann een 8 verschidde Platen (2 Entréeën, 4 Haaptplaten an 2 Desserten) auswielen an ukräizen. Och am Hannergrond gëtt mat Checklëschten a Piktogrammer geschafft. D’Zil ass et, datt d’Salariéeën derno selbstänneg schaffe kënnen.

 

 

 

« Wat ech immens schéi fannen, ass datt all eis Salariéeën hei absolut léierfreedeg sinn an alles opgräifen, wat een hinne weist. » D’Karin, forméiert Educatrice graduée, betount weider, datt si virun allem als Team funktionéieren. « Mir mussen eis openee verloosse kënnen an eis vertrauen. »

Niewent dem Vertrauen ass et awer och wichteg, fir d’Selbstbewosstsinn vun de Salariéeën ze stäerken an hinnen d’Angscht ze huelen, och wann emol eppes schif geet, esou d’Karin weider. An engem aussergewéinleche Restaurant wéi hei, erwaart ee sech dann och Versteesdemech vun de Gäscht. Et leeft  vläicht net ëmmer alles perfekt an et kritt een och mol den Teller méi graff dohi gestallt, mee dofir kritt een d’Iessen ëmmer mat engem schéinen, a virun allem éierleche Laachen zerwéiert.

Mir mussen eis openee verloosse kënnen an eis vertrauen.

De Kach Steven Kukawka ënnersträicht, wéi vill den Edoardo an där kuerzer Zäit geléiert huet. Et mierkt een datt hien houfreg dorop ass, datt den Edo, wéi hie vu sengen Aarbechtskolleege léif genannt gëtt, elo scho villes selbstänneg mécht. « Ech hunn nach ëmmer gäre mat Léierbouwe respektiv Léiermeedercher zesummegeschafft an et ass hei eigentlech net vill anescht, wéi op menge Plaze virdrun», erkläert de Steven. Si zwee wieren immens staark an der Kichen a géife sech déi eenzel Aarbechtsschrëtt séier mierken. Beréierungsängscht oder Bedenke fir mat Mënsche mat Trisomie21 ze schaffen hat de Steven keng. Vläicht och well hien duerch seng Mamm, déi och an engem Atelier schafft, oder duerch seng Vakanzenjobs an deem Beräich, fréi a Kontakt mat Mënsche mat kognitiven Aschränkunge koum.

« Ech si wierklech frou hei ze sinn an et mécht mir vill Spaass mat de Leit hei zesummenzeschaffen.  Et ass vill méi relax wéi an der normaler Gastronomie, mee dofir stelle sech aner Erausfuerderungen. Ech hu mech natierlech missen an d’Theematik aliesen, mee ech hunn awer och eng wonnerbar Hëllef vu mengen zwou pedagogeschen Aarbechtskolleeginnen », sou de Steven weider. Esou wéi d’Karin schwätzt och de Steven dovun, wéi wäertvoll et ass, sech kënnen op säin Team ze verloossen. Op senge fräien Deeg bleift hie fir seng Aarbechtskolleegen erreechbar, ass awer och ëmmer frou, wa seng Hëllef net gebraucht gëtt.

Deem kann den Edoardo nëmmen zoustëmmen : « Ech war gëschter de Chef-cuisinier an dat huet gutt geklappt. » Mat engem breede Grinsen erzielt hie wéi frou hien ass bei der Madame Witzeg ze schaffen. Hie géif gäre schneiden a schnëppelen, preparéieren, kachen an och dekoréieren. No engem Stage vun dräi Méint ass den Edoardo den éischte Salarié mam Statut travailleur handicapé deen am Restaurant fest agestallt ginn ass.

Ech war gëschter de Chef-cuisinier an dat huet gutt geklappt.

An dat Nämmlecht kéint am beschte Fall och fir déi aner Stagiairë gëllen. Si kënne wärend hirer Stagezäit eppes Neies entdecken a kucken, ob de Restaurant eppes fir si ass. An da gëtt a ville Gespréicher zesumme gekuckt, wat méiglech ass a puncto festen Aarbechtskontrakt, erkläert eis d’Karin. Am Januar kommen deemno nach 2 Stagiairë mat Trisomie21 dobäi a schonns am Dezember eng Kichenhëllef fir d’Ekipp ze completéieren.

D’Personal soll awer kontinuéierlech vergréissert ginn, an dem Sënn, datt de Restaurant och owes kann opmaachen. Laut Agrement kéinte bei der Madame Witzeg am Ganze bis zu 12 Persoune mam Statut travailleur handicapé agestallt ginn.

Dee Wonsch huet de Mann hannert der Bar och. De Bob huet virdrun an engem Atelier an der Schräinerei geschafft, mee hie seet, datt dat hien net sou ausgefëllt huet wéi dat hei. « Et ass jiddweree fein hei, mir gi gutt betreit an d’Aarbecht hannert dem Comptoir mécht mir vill Spaass. », a weist op d’Gedrénks, dat genau wéi d’Iessen haaptsächlech aus lokalen, regionalen a saisonale Produite besteet.

Wëllt dir dëse flotte Projet ënnerstëtzen an dobäi och nach e gudde Maufel iessen? Da kommt an de Restaurant Madame Witzeg op der Waassertrap laanscht a iwwerzeegt iech selwer vun dësem aussergewéinleche Konzept.

Restaurant Madame Witzeg

60, rue Waassertrap
L-4408 Belvaux

Ëffnungszäiten:

Méinden – Freiden 11.00 bis 15.30 Auer

Kichen ass op vun 12.00 bis 15.00 Auer

Takeaway méiglech

Obligatoresch Umeldung

Tel. 621 737 391 oder concept21@trisomie21.lu

 

Scho fir de Weltdag vun der Trisomie 21, den 21. Mäerz hu mir eis mam Sandrine Messmer vun der Asbl getraff gehat >>>

You don't have permission to register