Aweiung Kannercampus

Offiziell Aweiung vum Kannercampus Belval freides, den 29. Abrëll 2022, an dëst direkt a Präsenz vun dräi Ministeren. D’Inneministesch Taina Bofferding, den Educatiounsminister Claude Meisch esouwéi de Sportsminister Georges Engel hate sech et net huele gelooss, fir bei dësem feierleche Moment dobäi ze sinn.

D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz war virun allem frou doriwwer, datt een no laangem Waarden – de Kannercampus huet schonns am September 2020 seng Dieren offiziell opgemaach – dës aussergewéinlech Schoul endlech mat alle bedeelegte Partner aweie konnt.

Och wann d’Gemeng schonns munch grousse Projet gestemmt huet, sou war dee vum Kannercampus nach eemol ee ganz besonneschen: iwwer dräi Joer Bauzäit, knapp 23.000 Quadratmeter Gesamtfläch, véier grouss Gebaier an ee Budget vun 62 Milliounen Euro.

Souwuel d’Buergermeeschtesch wéi och d’Ministere sinn an hire Rieden op den innovativen an inklusive Charakter vum Campus agaangen, dee sämtlech Acteuren op enger Plaz matenaner verbënnt: Crèche, Maison relais, Grondschoul, CDI (Centre pour le développement intellectuel) a Sportshal leien um Kannercampus direkt niewenteneen. Dat Ganzt op engem Site mat sëllege fonkelneie Spillplazen an dem Park Um Belval virun der Dier.

D’Schoulkanner hunn der Aweiung direkt a villerlee Hisiicht ee fuerwegen a liewege Charakter ginn, Esou hate si net nëmmen zwou Choreografien astudéiert, mee si hu sech och perséinlech ëm d’Visite-guidéeë gekëmmert. Donieft hunn déi dräi Ministere sech missten op engem Bild veréiwegen, éier och si selwer ee Bild aus dem Picasso-Projet geschenkt kruten.

 

 

 

 

 

You don't have permission to register