Biergerforum Klimaschutz 2023

Am Kader vun den Ëmweltwoche war den 21. Oktober 2023 de Biergerforum Klimaschutz am Matgesfeld zu Bieles. Interesséiert Matbierger·innen haten d’Geleeënheet, zesummen iwwer Energie- an Klimaschutztheemen ze diskutéieren, Problemer ze benennen a Léisungsweeër auszeschaffen.

Et goung lass mat engem spannende Quiz, deen iwwerraschend Fakten iwwer d’Gemeng Suessem an d’Ëmwelt un d’Liicht bruecht huet. Wësst Dir zum Beispill, wéi vill Stroosseluuchten eis Gemeng beliichten? D’Äntwert (2001) huet méi wéi een·t iwwerrascht. Dräi Theemeberäicher stoungen duerno am Mëttelpunkt, mat deenen sech op déi entscheedend Erausfuerderunge konzentréiert gouf: d‘Lutte géint Energieaarmut, nei Weeër vun der Energieproduktioun an de Schutz vun eise wäertvolle Ressourcen. All Diskussiounsgrupp huet op konstruktiv Manéier zesummegeschafft, an dëst gouf zäitgläich an engem Live-Graphic-Recording visuell festgehalen. De Bilan um Enn war ganz nuancéiert.

Energieaarmut betrëfft ëmmer méi Leit, mee et ass schwéier, si ze erreechen oder si fir Energiespuermesuren ze sensibiliséieren. Informatioun a Berodung sinn entscheedend, souwuel am Beräich vun der Energieeffizienz, dem Ressourceschutz wéi och an der Nohaltegkeet am Allgemengen. Nohalteg Bauprojeten a Renovatioun gehéieren och dozou. D‘Sensibiliséierung misst u sech bei de Kanner an der Schoul ufänken, sou d‘Conclusioun.

Eng Fro war zentral bei de Gespréicher: Wéi kann een op eng effikass Manéier all d‘Bierger·inne mat abannen? Déi bürokratesch Komplexitéit ass eent vun den Hindernisser, well si dacks wéi en onduerchréngleche Labyrinth gesi gëtt. D‘Prozeduren an d‘Waadezäite sinn och Hürde fir esou munch Leit. De Forum huet donieft d’Wichtegkeet vu lokalen Energiegemeinschaften ervirgestrach. D’Iddi, Noperschaften ze stäerken, fir e solidarescht Energienetz opzebauen, maach wéi eng Revolutioun kléngen, déi awer extreem effektiv kéint sinn.

D‘Debatt iwwer de Ressourceschutz huet automatesch dozou gefouert, dass eis Konsumgewunnechte grondleeënd missten hannerfrot ginn. Den Accent gouf op d’Kreeslafwirtschaft, d’Ënnerstëtzung fir lokal Produkter an d’Benotze vu Second Hand Wuer geluecht. Eng weider déifgräifend Iddi, déi sech erauskristalliséiert huet: Parkhaiser an Energiequelle mat Solarenergie ëmwandelen! Schlussendlech hunn d’Participante verschidde Léisunge fir eng besser Kommunikatioun proposéiert: vun der Entwécklung vun enger Noperschafts-App bis bei déi strategesche Benotzung vu Social Media a lokale Medien. D’Gemeng sollt och an allem mam gudde Beispill virgoen, d’Initiativ ergräifen an d’Leit mat op de Wee huelen.

Am Resumé sinn d’Bierger·inne vun der Gemeng Suessem bereet, mat ze diskutéieren a mat konstruktiven Iddien d’Zukunft ze gestalten. De Forum huet nieft konkrete Virschléi och déi néideg Inspiratioun bruecht, fir weider d’Käpp zesummenzestrecken.

 

Weider Informatiounen

https://www.matgesfeld.lu/newsletter

 

You don't have permission to register