„Hei kritt keen eppes geschenkt“

De Veräin Rising Phoenix – Fighting Experience, deen säin Doheem an der Gemeng Suessem huet, huet sech an Zäit vun nëmme 4 Joer zu deem Muay Thai Club zu Lëtzebuerg entwéckelt, deen déi meescht aktiv lizenzéiert Memberen huet. Mir waren op engem Training mat dobäi.

Zu dëser Joreszäit ass et ëm 19.00 Auer schonn däischter. Wann een zu Bartreng an der rue du Chemin de Fer bei eng vun de sëllegen Halen abéit, an deene vill kleng a mëttelgrouss Entreprisen ze fanne sinn an déi u sech daagsiwwer belieft sinn, erwaart een net, an enger vun hinnen eng grouss Trainingshal fir Kampfsport ze fannen. De Yannick Schalz wunnt u sech an der Gemeng Suessem, mee aus diverse Grënn gëtt an der Peripherie vun der Stad trainéiert. „D‘ASBL ass natierlech a menger Gemeng ugemellt. An ech hätt och näischt dogéint gehat, zu Suessem eng Plaz ze fannen. Mee trotz Nofro hunn ech iergendwann missten acceptéieren, dass et net klappt“, sou de Clubgrënner, deen awer souwisou Problemer gehat hätt, seng Memberen all ënner ze kréien. „Mir hu relativ séier esou vill Succès gehat, dass et scho praktesch ass, ronderëm d’Stad ze trainéieren. Wann ech all Mënsch géing soen ‚Komm fir 19.30 Auer an de Süden‘, dat géing net klappen.“

Yannick Schalz

Bei eiser Visitt um Training op engem Dënschden Owend ass d’Hal zu Bartreng voller Leit. An et ass vun allem dobäi. „Hautfaarf, Alter oder Hierkonft spillt bei eis keng Roll.“, ënnersträicht de Yannick Schalz. „Mee déi grouss Reegel ass: jidderee gëtt respektéiert. Och wann ee méi staark ass wéi en aneren, sou gëtt trotzdeem keen express dominéiert, fir deen erof ze maachen. Do sinn ech extreem streng.“ Hien huet 2001 mam Kampfsport ugefaangen. Am Taekwondo huet hien 9 Joer laang Kompetitioun gemaach, déi schwaarz Ceinture kritt, war an der Nationalekipp, Landesmeeschter… bis op eemol d’Feier fort war. „Ech maachen net einfach just Sport, fir Sport ze maachen“, resuméiert hien seng Decisioun, en neien Challenge ze sichen. Zanter 2010 sinn säi Blutt, Schweess a seng Zäit virun allem an de Muay Thai gefloss, den thailänneschen Nationalsport. „Et ass fir mech déi komplettst Kampfsportaart, déi et gëtt, soulaang een op de Féiss bleift. Vun den Ielebéi iwwer d’Fäischt, d‘Knéien an d’Been ass alles dobäi. An et gëtt net openee geklappt, mee et ass immens technesch“, zielt den haaptberuffleche Polizist begeeschtert.

„De Succès ass d’Belounung. Wa Leit, déi traumatesch Erliefnisser haten, laang Voicemessagen oder Texter schécken, fir Merci ze soen, oder zum Ausdrock bréngen, dass si méi staark a selbstbewosst gi sinn.“ – Yannick Schalz

Déi grouss Traditioun a Geschicht vum Muay Thai huet de Yannick Schalz duerch seng mëttlerweil 14 Reesen an Thailand verënnerlecht. Do hat hie schonn dräi offiziell Combaten, an huet och schonn dräi Stagen am asiatesche Land organiséiert. „D’Leit sinn dohannen immens respektvoll virum Kampf, mee och duerno. Besonnesch wann ee verletzt oder K.O. ass. Si saluéieren sech, huelen sech an den Aarm. Et ass e richtegen Art martial, deen un ale Wäerter festhält.“ An déi hält de Coach zanter 2019 och selwer a sengen Trainingen héich, woubäi hien säi ganzen Erfarungsschatz probéiert weiderzeginn. „Ech hu fréier ëmmer gehollef Training ze halen, bis de Moment koum, wou ech mir sot: ech wëll d’Saachen anescht upaken an erklären. Ouni béis wëllen ze sinn, mee eis Gesellschaft ass e bësse verweechlecht“, seet de Sportler mat eeschter Minn. Him ass opgefall, dass besonnesch vill jonk Leit guer net méi strapazéierfäeg sinn.

Hie gesäit et als seng Missioun, seng Memberen erëm mental a physesch staark fir d’Liewen ze maachen. „Ech fuerderen si. Nom Training sinn si dacks um Enn, mee hunn e Grinsen um Gesiicht. Trainer sinn heescht, ëmmer dee Leschten ze sinn, dee geet, an deen Éischten ze sinn, dee kënnt. Dat kënnt duerch mäi Beschützerinstinkt“, sou de Yannick Schalz. Seng Memberen si wéi eng Famill. Hien ass ëmmer z’erreechen, egal ob et ëm e Sträit mat der Frëndin geet oder e Problem op der Aarbecht. „De Succès ass d’Belounung. Wa Leit, déi traumatesch Erliefnisser haten, laang Voicemessagen oder Texter schécken, fir Merci ze soen, oder zum Ausdrock bréngen, dass si méi staark a selbstbewosst gi sinn. Dat wëll ech erauskëddelen.“

„Hautfaarf, Alter oder Hierkonft spillt bei eis keng Roll.“ – Yannick Schalz

Pläng fir d’Zukunft gëtt et och. Duerch de groussen Zoulaf ass ugeduecht, d’Equipe iwwer déi 2 Co-Traineren eraus nach weider ze vergréisseren, ouni awer de professionellen Usaz an d’Rigueur op der Streck ze loossen. „Et gëtt och vill Ufroe vu Kanner, mee du kanns e 6-järegen net bei en 100-Kilo-Mann setzen“, sou de Grënner vu Rising Phoenix – Fighting Experience. Kannercourse wieren eng Méiglechkeet, mee Exceptioune bestätegen d’Reegel. „Mir hunn een Ausnametalent vun 10 Joer. E Bouf aus dem Libanon, dee scho Kampfsport gemaach huet, ier hien trëppele konnt. De Papp wollt per force, dass e bei mir am Club trainéiert. Ech sot ufanks Neen, mee dunn huet hien eng Kéier mattrainéiert. Et war wéi am Film: um Enn huet hie Salut gemaach, wéi wann ech de Mister Miyagi wier“, erënnert sech de Yannick Schalz a laacht. De Jong trainéiert zanter hier mat deene Groussen.

 

Weider Informatiounen

https://www.facebook.com/risingphoenixfightingexperience/

https://www.instagram.com/rising_phoenix_muay_thai_lu/

 

You don't have permission to register