Eegent Personal huet säi Präis

Et gouf sécherlech scho méi einfach Zäite fir Finanzschäffin ze sinn. D’Pandemie an de rezente Krich an der Ukrain hunn déi ugespaante Finanzsituatioun nach eemol verschäerft. D’Nathalie Morgenthaler verléiert awer net d’Hoffnung a verréit, wéi eng Prioritéiten d’Gemeng beim aktuelle Budget setzt.

 

D’Finanzschäffin Nathalie Morgenthaler iwwert…

 

…déi aktuell Situatioun

“Et läit mir wierklech um Häerz jiddwerengem ee grousse Merci fir säi Versteesdemech a seng Gedold ze soen. Sief dat eisen Awunner·innen, eise Veräiner oder och nach eise Servicer. Déi aktuell Situatioun erlaabt et eis leider net grouss Spréng ze maachen a verschidde Projeten hu mir misse bewosst zerécksetzen. Doniewent hu mir mat Projeten ze kämpfen, déi duerch d’Pandemie Retard kruten a wou elo nach d’Präisdeierecht dobäikënnt. Net ze vergiessen déi grouss Materialengpäss, déi et momentan op ville Plaze gëtt.”

 

…déi ausseruerdentlech Ausgaben

“Am Budget fir 2022 stinn trotz allem am Ganze knapp 50 Mio. € fir ausseruerdentlech Ausgaben dran. Dat si ronn 2 Millioune méi wéi 2021, och wa mir schlussendlech just 36 Mio. € investéiert hunn. Mir si jiddwerfalls der Recommandatioun vum Inneministère nokomm, déi d’Gemengen dozou oprifft weider z’investéieren.”

…den Impakt vun der Pandemie

“Wat d’Covid-19-Repercussiounen op de Budget ugeet, sou si mir nach net iwwert de Bierg. Mir haten och d’lescht Joer erëm knapp 350.000 € u Méikäschten an deem Sënn. Positiv ass allerdéngs, datt d’Dotatioune vum Staat (FDGC – Fonds de dotation globale des communes an ICC – Impôt commercial communal) sech erëm op Virukrisenniveau stabiliséiert hunn.”

 

Mir si jiddwerfalls der Recommandatioun vum Inneministère nokomm, déi d’Gemengen dozou oprifft weider z’investéieren.

 

…steigend Personalkäschten

“Et ass kloer, datt mir d’Personalkäschten insgesamt am A behale mussen. Dozou muss een awer och soen, datt mir eis eist gutt ausgebilte Personal eppes kaschte loossen. Dobäi kënnt, datt mir am Géigesaz zu aner Gemengen alles an Eegeregie maachen a keng Servicer outsourcen. Sief dat am Botzservice, der Kiche vun eise Betreiungsstrukturen oder och nach beim SEA-Personal, dat mir konsequent mat 40-Stonnen-Kontrakter astellen, obwuel mir vum Staat just 30 Stonnen zeréckkréien. Net ze vergiessen eise CIPA Résidence op der Waassertrap, dee weiderhin dat eenzegt Altersheim a Gemengenhand zu Lëtzebuerg ass.”

…déi sozial Verantwortung

“Mir wëllen och weiderhin eng Roll als soziale Patron spillen an och deene Leit eng Perspektiv bidden, déi vläicht net direkt um regulären Aarbechtsmaart ënner Daach kommen. Dëst kann direkt op der Gemeng sinn oder och op indirektem Wee, wéi zum Beispill beim CIGL oder der Eis Epicerie. Ee weidere soziale Projet, bei deem mir zwar net direkt un de Personalkäschte bedeelegt sinn, mee wou mir mat den Ëmbauten hëllefen an och ee ganz faire Loyer froen, ass dee vun der Trisomie21 an der Brasserie vum CIPA.”

 

Bezuelbare Wunnraum schafen ass a bleift eng vun eisen ieweschte Prioritéiten.

 

…d’Hausse vun den Energiepräisser         

“Enger Gemeng deet dat am Portemonni wéi, wat och enger normaler Famill net schmaacht. Wéinst der staarker Hausse vun den Energiepräisser hu mir zum Beispill eleng beim Gas fir d’nächst Joer 450.000 € Méikäschten.”

 

…Upassunge bei den Taxen   

“Doduerch datt den 1. Januar 2022 den Akafspräis vun engem Meterkibb Drénkwaasser vun 1,2 € op 1,5 € HTVA geklomm ass, wësse mir leider elo schonns, datt mir net dolaanscht komme wäerte fir verschidden Taxe ronderëm d’Waasser unzepassen. Dëst doduerch, well et jo gesetzlech festgeschriwwen ass, datt d’Waasserversuergung käschtendeckend muss sinn. Dee selwechten Exercice wäerte mir beim Offall maache mussen, wou mir déi lescht Joren och am Minus waren.”

 

 

 

…d’Scholdesituatioun

“Fir 2022 hu mir een Emprunt vu 16 Mio. € agesat fir eise Budget am Gläichgewiicht ze halen. Esou eppes mécht een natierlech ni gären, mee mir haten 2021 och ee vun 11 Mio. € virgesinn, dee mir schlussendlech awer net ugepak hunn. Wa mir dës 16 Mio. € zéien, klëmmt eis Prokappverscholdung op den 31.12.2022 vu 1554 € op 2301 €. Dës Schold ass awer ganz vertrietbar, leien d’Jorestauxe mat knapp 3% par Rapport zu den uerdentlechen Einnamen nach ëmmer däitlech ënnert den erlaabten 20%.”

 

Mam Pavillon vun der Source Bel-Val, dem Gîte um Minett Trail, dem Ausbau vum Sous-sol vun der Gemeng, der Kräizung Aessen oder den neie Maison-relaisen zu Zolwer an Éilereng investéiere mir awer och iwwert dem Buedem an nohalteg Infrastrukturen.

 

…d’Logementskris

“Bezuelbare Wunnraum schafen ass a bleift eng vun eisen ieweschte Prioritéiten. Wéi op nationalem Plang och, ass dëser Entwécklung an eiser Gemeng leider laang Zäit net déi néideg Opmierksamkeet geschenkt ginn. Dëst huet awer déi lescht Jore changéiert a fir 2022 stinn erëm net manner wéi 12,5 Mio. € am Budget fir de Kaf vun Terrainen, Haiser an Appartementer. Doniewent hu mir 4,5 Mio. € agesat fir um Belval Nord Terrainen ze kafen en Vue vun eiser neier Maison sociale souwéi och Versammlungs- a Manifestatiounsraim fir eis Veräiner.”

 

…ënnerierdesch Investitiounen

“Et ass eis bewosst, datt Investitiounen um Stroossennetz an un der Kanalisatioun am Verglach villäicht net esou spektakulär sinn, an awer sinn se elementar fir d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng. Mat iwwert 13 Mio. € spuere mir och 2022 net an deem Beräich an ech si frou, wann déi gréisser Chantieren an der Déifferdenger Strooss zu Zolwer an an der Rue Grande-Duchesse Charlotte zu Bieles ofgeschloss sinn.”

 

…gréisser Projeten

“Mam Pavillon vun der Source Bel-Val, dem Gîte um Minetttrail, dem Ausbau vum Sous-sol vun der Gemeng oder den neie Maison-relaisen zu Zolwer an Éilereng investéiere mir awer och iwwert dem Buedem an nohalteg Infrastrukturen. Net ze vergiessen de Reamenagement vun der Plaz ronderëm de Centre Culturel am Metzerlach.”

 

You don't have permission to register