Tack för maten – Merci fir d’Kachen

Knapp 80km iwwer Stockholm, ma gutt dräi Autostonnen ewech, läit Blidö, eng vu ronn 24.000 klengen Inselen am Stockholmer Schärengarten an dem Anna Mathieu hir Heemecht. Iwwer siwen Insele fiert een an direkt zwee Mol muss een d’Fär huelen, fir am „magesche Paradis” unzekommen, wéi dem Anna säi Mann Georges d’Insel nërdlech vu Stockholm gären nennt. Alternativ geet et wonnerschéi mam Boot vu Stockholm erop.

 

Magesch an idyllesch si Wierder, déi wärend dem schweedesche Kascht bei Mathieus zu Bieles ëmmer nees falen. Magesch, well och am Abrëll gären nach emol vill Schnéi fält an idyllesch, well ee beim Spadséieren och emol en Elch begéine kann.

Wärend d’Anna Mathieu Wuerzelen a Schweden an an Däitschland huet, ass de Georges vu Lëtzebuerg. Nodeems si sech 1978 zu Heidelberg kennegeléiert hunn, huet et si 2004 mat hire Meedercher Sophie a Marie vun Heidelberg op Lëtzebuerg verschloen. Niewent hirem eegene Verlag, dee si zesummen opgebaut hunn, huet d’Anna 18 Joer e Club Senior zu Monnerech geleet.

Frësch an der Pensioun, huet d’Anna Mathieu eis mat an déi schweedesch Kiche geholl, déi einfach a virun allem antigaspi ass. „Keng Liewensmëttel ze verschwenden ass fir mech selbstverständlech“, erkläert d’Anna an ergänzt mat engem Laachen, „d’Schweeden iesse fir ze liewen a liewen net fir z’iessen.“ An der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem engagéiert sech déi dynamesch Fra mat hire villen Iddie virun allem, well fir si d’Integratioun vu béide Säite geschéie muss.

Och wann de Georges de Kach am Stot ass, esou huet d’Anna fir de Gustoso eng Ausnam gemaach. Preparéiert gouf ee Plat, deem seng Bekanntheet virun allem op ee gréissert schweedescht Miwwelhaus zeréckgeet: Köttbullar, zerwéiert mat Gromperen a Krällebieren. Alternativ gouf et Saumon am Schäffchen, éier e Baiser mat roude Friichten a wäissem Schockela als Dessert opgedëscht gouf. Dozou drénken déi schweedesch Kanner traditionell Mëllech an déi Erwuesse Light Beer iwwer Dësch.

Tack för maten (Merci fir d’Kachen)

Fir d’Entrée: Broutstécker mat Crevetten an enger klenger Dous Störrogen Kaviar

  • Jugurt
  • Frischkäse
  • Klenggeschnidden Zwiwwelen

De Jugurt mam Frischkäse an den Zwiwwele mëschen, op d’Broutstécker leeën, mat 2-3 Crevetten an/oder dem Kaviar beleeën a mat Dëll dekoréieren. Op Wonsch mat e puer Drëpsen Zitroun verfeineren.

 

Fir d’Köttbullar:

  • 700 g Gehacktes
  • 1 Ee
  • 1 Taass Bouillon (ca. 200 ml)
  • 4 IL gedréchent Broutgrimmelen
  • 1,5 TL Salz
  • ¼ TL Peffer

D’Zwiwwele kleng hacken a glaseg ubroden. Déi gedréchent Broutstécker an eng Schossel ginn, de Bouillon driwwerschëdden an e puer Minutten zéie loossen. D’Gehacktes dobäi ginn, salzen a pefferen a mat den Hänn zu engem Deeg knieden. D’Köttbullar formen a mat Botter ubroden. Net ze vill Köttbullar mateneen an d’Pan leeën, fir datt se genee richteg kënnen ugebrode ginn. Nom Broden, d’Ram an d’Pan mam Fett vun de Köttbullar ginn an eng Zooss opkache loossen. D’Ramzooss an enger Schuel an d’Köttbullar an enger virgewiermter Schossel zerwéieren, fir datt se gutt waarm bleiwen. Mat gekachte Gromperen a Péiterséileg dekoréieren.

 

Fir den Dessert:

Baiser mat roude Friichten a wäissem Schockela

  • 4 Eeër
  • 200 g Zocker
  • Salz
  • Zitrounejus

D’Eeër, den Zocker mat enger Pouz Salz an dem Jus vun enger Zitroun esou laang schloen, bis de Mixer schwéier aus der Mass ze kréien ass (ongeféier 6 Minutten). Dono bei 90° Ober-Unterhitze fir 100 Minutten an de Schäffche stellen. Ofkille loossen, mat gefruerene rouden a schwaarze Friichten a mam Schockela beleeën an nach eng Kéier an de Schäffche stellen, bis alles geschmolt ass.

Smaklig måltid – Gudden Appetit!

You don't have permission to register