Trisomie 21: Mir sinn eng Gesellschaft

Haut ass de Weltdag vun der Trisomie 21, och Down-Syndrom genannt. Den 21. Mäerz gouf och net willkürlech erausgesicht. Effektiv hunn d’Zuelen 21 an 3 eng wichteg Bedeitung. Se sti fir den 21. Chromosom, deen 3 Mol bei de Persoune mat Trisomie 21 virkënnt. E weidert Symbol fir dësen Dag ass d’Droe vun zwou verschiddene Strëmp. Op dës Aart a Weis kann ee seng Solidaritéit mat de Persounen, déi den Down-Syndrom hunn, ausdrécken an dorobber opmierksam maachen, datt all Mënsch eenzegaarteg ass.

 

„Wisou Strëmp als Zeeche fir den 21. Mäerz erausgesicht goufen, ass ville Leit eventuell net geleefeg: Strëmp hunn effektiv déi selwecht Form wéi e Chromosom. Dëst Joer gouf den Design vum Carmen Hertz, engem Member vun eis, ausgewielt. Mir passen och op, datt d’Material organesch ass a schaffen hei mat Natural Vibes, engem lokale Fabrikant, zesummen.“, erkläert eis d’Sandrine Messmer, Member vum Conseil d’Administration vun der Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl. D’Strëmp kënnen d’ganzt Joer iwwer bei der Associatioun kaaft ginn.

Wisou Strëmp als Zeeche fir den 21. Mäerz erausgesicht goufen: Strëmp hunn effektiv déi selwecht Form wéi e Chromosom.

Dëst Joer um Welt-Down-Syndrom-Dag fënnt awer och en Event statt, dat d’Sandrine Messmer mat organiséiert: „Mir si besonnesch houfreg dëst Joer d’Presentatioun vun eisem Restaurant Madame Witzeg zu Bieles virstellen ze kënnen. Hei handelt et sech ëm e Restaurant, dee Leit mat Trisomie 21 beschäftegt. Doniewent stinn och nach en Optrëtt vum Dreamteam21 an d’Ausstellung ¿Puzzled! um Programm.“

Mat vill Häerz a groussem Elan ass d’Sandrine Messmer elo scho bal 6 Joer aktiv bei der Associatioun dobäi. Si ass selwer Mamm vun engem Kand mat Down-Syndrom a gëtt och éierlech zou, datt den Ufank keen einfache war: „Et kënnt villes op een duer. Ech hu mech och gefrot, ob ech domadder wäert eens ginn. Ufanks huet ee vill Rendez-vouse bei Doktere fir ze kucken, ob d’Kand gesond ass. Natierlech misst ech och léieren domat ëmzegoen, datt mäi Kand Trisomie 21 huet. An engems hunn ech awer och missen d’Trauer veraarbechten keen „normaalt“ Kand ze hunn. Wat medezinesch Fakten ubelaangen, do krut ech vill Informatiounen. Allerdéngs, wat déi méi mënschlech Froen ubelaangt, war et méi schwiereg Äntwerten ze fannen. An der Stad krut ech vun engem Dokter d’Broschür vun der Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl, déi ech schlussendlech och kontaktéiert hunn. D’Joer drop hunn ech mech schliisslech direkt als Member am Conseil engagéiert.“

D’Missioun vun der Associatioun ass et de Persoune mat Trisomie 21 en eegestännegt an erfëllt Liewen an alle Beräicher z’erméiglechen.

D’Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl gouf am Joer 2000 vun e puer Familljen, déi e Kand mat Down-Syndrom hunn, an enger Kinesitherapeutin gegrënnt. D’Missioun vun der Associatioun ass et de Persoune mat Trisomie 21 en eegestännegt an erfëllt Liewen an alle Beräicher z’erméiglechen. D’Associatioun setzt sech virun allem fir d’Promotioun vun der Selbststännegkeet vun de Persoune mat Down-Syndrom, fir hir professionell Zukunft, Wunnengsstrukturen, Ënnerstëtzung vun de concernéierte Familljen, d’Sensibiliséierung vun der Gesellschaft a fir d’Inklusioun an.

D’dynamesch Ekipp vun Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl assuréiert verschidde Servicer an ass domat mat déi wichtegst Ulafstell hei am Land a Bezuch op den Down-Syndrom. Follgend Servicer riichte sech direkt un d’betraffe Persounen: Begleedung a Consultatioune fir concernéiert Familljen, Diskussiounsgruppe fir Eltere mat hire Bëbeeën a fir Jugendlecher an Erwuessener mat Down-Syndrom, an Aktivitéiten, wéi Zumba, Danzen a Vakanzenaktivitéiten, fir der e puer ervirzehiewen. Doniewent adresséiere si sech un d’ganz Populatioun a leeschte vill Sensibiliséierungsaarbecht, liwweren Informatiounsmaterial an hunn en Dokumentatiounszenter.

2021 war och e ganz besonnescht Joer fir d’Associatioun. Si konnten hiert 21-järegt Bestoe feieren. Och wann d’Pandemie hinnen dann awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet fir dat richteg ze feieren, esou huet d’Associatioun et effizient genotzt. Houfreg kucke si op d’Evolutioun vun der Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl an hirem Buch XXI zeréck a loossen déi vergaangen zwee Joerzéngte Revue passéieren. D’Sandrine Messmer war mat dorunner bedeelegt XXI ze verfaassen: „D’Buch ass e Réckbléck op all d’Aktivitéiten an Ereegnesser vun der Associatioun, déi an de leschten 21 Joer stattfonnt hunn. Wann ee bedenkt, datt alles mat engem Grupp vun Elteren ugefaangen huet, an haut ziele mir eng 150 Memberen. Besonnesch stécht fir mech eraus, datt all Kollaboratioun, déi mir haten, positiv verlaf ass.“

D’Leit mat engem Handicap sollen net vun der Gesellschaft getrennt ginn. Mir sinn eng Gesellschaft.

Et goufe scho vill Fortschrëtter gemaach, mee an d’Zukunft bléckend, ginn et nach ëmmer Saachen, un deene geschafft muss ginn. Ofschléissend wënscht sech d’Sandrine Messmer Follgendes: „Ech wënsche mir, datt de Public keng Differenze méi gesäit. D’Leit mat engem Handicap sollen net vun der Gesellschaft getrennt ginn. Mir sinn eng Gesellschaft.“

D’Associatioun lieft gréisstendeels vu Donen. Wann Dir méi iwwert Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl an hir Aktivitéite wëllt gewuer ginn, besicht hir Websäit: www.trisomie21.lu.

You don't have permission to register