E sonnege Mee-Dag am Park vum Suessemer Schlass. Tëscht ale Beem, der Poussette vun hirem klenge Jong an hirer Hondsdamm Balu schléit d’Sandrine Reuter en neit Kapitel an hirem Liewen op. Zanter Enn Mäerz vertrëtt déi 41-Järeg d’CSV am Gemengerot – e Schratt, dee fir si souwuel gutt iwwerluecht wéi och eng logesch Weiderféierung vun hirem Engagement ass.
No engem kuerzen Ofstiecher op Déifferdeng ass d’Sandrine Reuter haut nees do ukomm, wou hir Wuerzele leien: am Haus vun hire Grousselteren am ale Kär vu Suessem. „Ech hu vir, an dëser Gemeng al ze ginn“, seet si mat Iwwerzeegung. Fir si ass Suessem vill méi wéi eng Uertschaft – et ass hir Heemecht.
D’Decisioun, sech politesch ze engagéieren, ass net vun haut op muer gefall. „Iergendwann hunn ech mir gesot, datt et net duergeet, sech just am Veräinsliewen anzebréngen. Wann ee wierklech eppes beweege wëllt, muss een och op engem aneren Niveau Verantwortung iwwerhuelen.“
Eng Politik no bei de Leit
Datt si dëse Wee mat der CSV geet, huet och mat hirer Familljegeschicht ze dinn. Hir Mamm Carine war iwwer vill Joren am Gemengerot aktiv. Trotzdeem huet d’Sandrine Reuter hir Wiel ganz bewosst getraff: „Ech hu mech intensiv mat de Wäerter an dem Programm auserneegesat – an et huet einfach zu mir gepasst.“
Politik war am Elterenhaus ëmmer en Thema, wann och ouni grouss Gesten oder Pathos. Dës sachlech Approche präägt si bis haut, genee wéi den Austausch mat hirer Mamm an hire Kolleeginnen a Kolleegen am Gemengerot.
Déi éischt Gemengerotssëtzungen huet si als „erausfuerderend“ erlieft. Besonnesch déi grouss Quantitéit un Informatiounen an déi zum Deel komplex Sprooch hätten hir vill ofverlaangt. Fir sech virzebereeden, huet si al Gemengerotssëtzungen beim Spadséiere goe gelauschtert. „Mee perséinlech um Dësch ze sëtzen, ass nach eng ganz aner Hausnummer.“ Iwwerrascht war si och vum Toun, deen heiansdo an den Debatten ugeschloe gëtt. „Do muss ech mech sécher nach e bëssen dru gewinnen.“
Am Alldag gëtt si nach relativ seelen direkt als Gemengeréitin ugeschwat. Amplaz vu konkrete politeschen Uleies steet meeschtens eng aner Fro am Mëttelpunkt: Wéi kritt een dat alles ënner een Hutt? „Du bass elengerzéiend, du schaffs, du hues en Hond – dat sinn d’Froen, déi d’Leit mir stellen.“
Tëscht Puppelchen, Beruff a politeschem Engagement
Beim Gespréich am Schlasspark ass hire Jong Jona ëmmer dobäi, genee wéi hir Hondsdamm Balu. Den Alldag ass gutt gefëllt – a wäert an Zukunft nach méi intensiv ginn. Aktuell erliichtert de Congé parental hir den Ufank am Gemengerot. „Meng Prioritéite sinn am Moment de Puppelchen, den Hond an de Gemengerot.“
D’Zäit, wou ech owes nach dräi Episode vun enger Serie hannertenee gekuckt hunn, ass definitiv eriwwer.
Am Hierscht kënnt dann och erëm de Beruff dobäi. Am Centre pour le développement intellectuel begleet si Kanner mat besonnesche Besoinen. Datt sech all dës Verantwortung vereene léisst, gesäit si realistesch. „Ech muss léieren, méi ze delegéieren.“ A mat engem Laache füügt si bäi: „D’Zäit, wou ech owes nach dräi Episode vun enger Serie hannertenee gekuckt hunn, ass definitiv eriwwer.“
D’Sandrine Reuter ass zanter Jore fest am Veräinsliewen verankert. Als Presidentin vun der Harmonie Suessem an aktiv Musekerin setzt si sech besonnesch fir de musikaleschen Nowuess an. „Et ass wichteg, datt déi nächst Generatioun no kënnt.“ Dësen Asaz spigelt sech och an hire politesche Prioritéiten erëm. Besonnesch um Häerz läit hir de Benevolat: „Et gëtt ëmmer méi schwéier, Mënschen dozou ze motivéieren, sech fräiwëlleg ze engagéieren.“
Als jonk Mamm kuckt si och mat engem anere Bléck op verschidden Themen. Besonnesch Froen am Beräich vun der Infrastruktur sinn an de Fokus geréckelt. „Wéi schafe mir genuch modernen a qualitativ héichwäertege Schoulraum fir all Kand?“ Gläichzäiteg si fir si attraktiv Spillplazen a Schoulhäff wichteg – Plazen, wou sech Alldag a Gemeinschaft op natierlech Aart a Weis verbannen.
Diversitéit an Zesummenhalt
Suessem beschreift si als „e gelongent Zesummespill vu Vergaangenheet a Moderne“ – vum Schlass iwwer de Gaalgebierg bis op Belval. Virun allem awer ass et fir si „mäin Doheem, meng Heemecht“.
De Park, an deem eist Gespréich stattfënnt, ass fir si eng Plaz voller Erënnerungen. „Als Kand hunn ech hei am Waasser gespillt an Hütte gebaut. Als Teenager wollt ech eng Disko an der aler Scheier.“ Fir d’Zukunft wënscht si sech, datt dëse besonnesche Site fir jiddereen zougänglech bleift. „Egal wéi en an Zukunft genotzt gëtt – et soll een hei kënne verweilen an de Kader genéissen.“
Als Kand hunn ech hei am Waasser gespillt an Hütte gebaut. Als Teenager wollt ech eng Disko an der aler Scheier.
Als Presidentin vun der Kommissioun fir Chancëgläichheet an Diversitéit schafft si dorun, verschidden Acteuren zesummenzebréngen an nei Initiativen unzestoussen. Vill vun dëser Aarbecht geschitt nach hannert de Kulissen, mee konkret Projeten – wéi en Diversity Day an de Schoulen – sinn schonn an der Virbereedung.
Beduecht a reflektéiert
Och privat huet d’Sandrine Reuter bewosst hire Wee gewielt. Si huet sech dozou entscheet, Mamm ze ginn – och ausserhalb vun engem klassesche Familljemodell. „Ech wollt onbedéngt Mamm ginn, an a mengem Alter kann een et sech net erlaben, nach Joren ze waarden“, seet si.
Datt dëse Wee haut och eleng méiglech ass, empfënnt si als grousst Gléck. Hire Jong beschreift si als „absolutte Prachtkärel“, an d’Réckmeldungen aus hirem noen Ëmfeld waren iwwerwältegend positiv.





