Mam Mowgli an der REWA

De Mupp mat op d’Aarbecht huelen – dat ass scho cool. Ma wéi wier et, wann de Mupp net just matgeet, mee och nach matschafft?

Genee dat maachen d’Sarah an de Mowgli. De Mowgli ass nämlech net einfach nëmmen ee Bürosmupp, mee e Besuchshond, a seng Aarbecht besteet doran, reegelméisseg den Awunner∙inne vun der Résidence op der Waassertrap schéi Momenter ze schenken. Fir hien heescht dat: Zäit zesumme verbréngen a vill Freed matbréngen.

Fir d’Sarah ass de Mowgli dobäi vill méi wéi einfach Begleedung. Als Besuchshond kann hien eng Bréck schloen an Interaktioun fërderen – heiansdo brauch et nämlech net vill, fir e Gespréich unzefänken.

Fir een Nomëtteg hunn déi zwee eis mat an d’REWA geholl, fir eis ze weisen, wéi esou een Dag op der Aarbecht ausgesäit.

You don't have permission to register