Kichen, Erënnerung a Recycling: Fir de Projet vun der Cuisine Banale war d’Gemeng Suessem d’Gebuertsplaz vun enger aussergewéinlecher artistescher Initiativ, déi eise Bléck op Objeten, hir Notzung an och op d’Bezéiungen tëscht de Mënschen op eng nei Aart a Weis hannerfreet.
De Projet selwer gouf vu Studio d-o-t-s entwéckelt – dem Laura Drouet (Fra) an dem Olivier Lacrouts (Fra/Ita) – an zesumme mam Breanne Johnson (Can), Eléonore Grignon (Fra), Quentin Gaudry (Fra) an dem Sarah Hornung (Lux) realiséiert. Finanzéiert vun der Gemeng Suessem, ass de Projet d’Resultat vun enger enker Zesummenaarbecht tëscht Kënschtlerinnen a Kënschtler, Gemengeservicer a lokale Partner.
Wärend enger Residenz vun dräi Wochen am Fréijoer 2026, hunn déi 6 Kënschtler·innen eng mobil Kichen entwéckelt, déi quasi komplett aus recycelte Materialien zesummegesat ass. Dës goufen ënner anerem beim SIVEC gesammelt a stamen deels och aus fréieren artisteschen Installatiounen. Eng Approche, déi Kreativitéit, Nohaltegkeet a kollektiivt Denken op eng originell Manéier matenee verbënnt.
„Mir schaffen net mat neie Materialien, mee mat Elementer, déi schonn eng Geschicht hunn. Et geet drëms, hinnen nozelauschteren a sech virzestellen, wat si nach kéinte ginn“, erkläert den Olivier Lacrouts.
Eng staark lokal Verwuerzelung
De Studio d-o-t-s ass an der Gemeng Suessem keen Onbekannten. Am Kader vum Programm loop fir Esch2022 hat den Duo mam Projet „Histoires de serres“ d’Erënnerung un déi fréier Zären um Zolwerknapp thematiséiert.
Mat Cuisine Banale gëtt dësen Usaz weidergefouert an nach ausgebaut: Et geet net méi nëmmen drëms, Geschichten ze sammelen, mee e Raum ze schafen, an deem nei Geschichten entstinn, gedeelt a weider gedroe kënne ginn.
Aus Offall ginn nei Ressourcen
Am Mëttelpunkt vum Projet steet eng staark Iddi: Offall net als eppes Wäertloses ze betruechten, mee als Ressource mat Potenzial. Metallstécker, Placken, Plexiglas, en zénke Spullsteen an aner Objeten, déi eigentlech ausgedéngt haten, bilden eng Zort „materiellt Archiv“, dat zu neiem Liewe erwächt gëtt.
Eng Schréips, eng Schweessnout oder Spuere vum Gebrauch si keng Feeler. Si erziele vum Liewen an de Weeër, déi een Objet hannert sech huet
No an no ginn dës Elementer zu nëtzleche Bestanddeeler ëmgestalt: Aarbechtsflächen, Regaler, eng Wäschstatioun oder esouguer e Grill. Dobäi bleiwen d’Spuere vun hirer Vergaangenheet bewosst erhale – si si visibel a gewollt.
„Eng Schréips, eng Schweessnout oder Spuere vum Gebrauch si keng Feeler. Si erziele vum Liewen an de Weeër, déi een Objet hannert sech huet“, ënnersträicht d’Laura Drouet.

Eng Kichen als Treffpunkt
D’Cuisine Banale ass vill méi wéi eng Kichen. Si gëtt zu engem Treffpunkt, deen d’Leit zesummebréngt. Hei gëtt gekacht, Wëssen ausgetosch a verschidde kulinaresch Traditiounen a Praktiken komme mateneen a Kontakt.
Alldeeglech Gesten kréien esou eng nei Bedeitung: Kachen, zesumme schaffen oder botze ginn zu Momenter, déi Mënsche matenee verbannen an e Gefill vu Gemeinschaft schafen.
E liewegt a kollektiivt Archiv
Inspiréiert vum mëttelalterleche System vun de „banalités“ gëtt dëst Konzept op eng zäitgenëssesch Aart nei interpretéiert. D’Notzung vun der Kichen baséiert net op enger finanzieller Géigeleeschtung, mee op engem immaterielle Bäitrag: engem Rezept, enger Anekdot oder enger kulinarescher Traditioun.
Mir hunn d’Iddi vun engem soziale Kompost entwéckelt, wou Geschichten zesummekommen, sech vermëschen a sech mat der Zäit weider veränneren
Dës Geschichten a Souvenire ginn an Enveloppe gesammelt a bilden no an no e liewegt Archiv, dat permanent méi grouss gëtt. „Mir hunn d’Iddi vun engem soziale Kompost entwéckelt, wou Geschichten zesummekommen, sech vermëschen a sech mat der Zäit weider veränneren“, erkläert den Olivier Lacrouts.
Eng flexibel a modulär Struktur
D’Kichen setzt sech aus verschiddene Moduller zesummen, déi sech de Besoinen an den Ëmstänn upassen:
- e Preparatiounsmodul als mobil Aarbechts- a Stockagefläch;
- eng Feierplaz als waarme Mëttelpunkt fir kollektiv Momenter;
- eng Waasserstatioun fir Botz an Ënnerhalt;
- e Kompostmodul fir organescht Material a gesammelt Geschichten;
- ee Seegel, dat e gemittlechen a flexibele Raum schaaft.
Zesumme bilden dës Elementer eng modulär Struktur, déi sech un déi verschiddenst Evenementer a Plazen upasse léisst.
E gelongene Start
Bei der Aweiung den 30. Mee 2026 am Matgesfeld hunn ëm déi fofzeg Persounen d’Kichen entdeckt an e flotte gemeinsame Moment erlieft. Déi kënschtleresch Ekipp huet dobäi eng éischt kulinaresch Erfarung mat vegetaresche Platen ugebueden, déi op der Plaz preparéiert goufen.
A wéi geet et weider?
D’Cuisine Banale ass als liewege Projet ugeluecht, dee sech weiderentwéckele soll. Och an Zukunft wäert d’Kichen op Gemengevenementer um Matgesfeld oder op anere Plazen zum Asaz kommen. Ausserdeem ass geplangt, de Projet och engem méi breede Public zougänglech ze maachen.










