Iwwer 4.000 km Loftlinn trennen dem Serge Kabore seng Heemecht Ouagadougou vu senger neier Walheemecht Lëtzebuerg. De jonke Mann aus der Haaptstad vum Burkina Faso ass 2020 mat senger Fra Sara op Lëtzebuerg komm, fir genee ze sinn op Éilereng, wou déi zwee zanterhier beim Sara senger Famill wunnen.

Trotz der Pandemie, déi ëm deen Zäitpunkt d’Liewe vun eis alleguerte fest am Grëff hat, huet dee jonken an dynamesche Mann direkt fir en Impakt zu Lëtzebuerg gesuergt. Hien huet nämlech Danzcoursë fir all Alter organiséiert, zum Deel esouguer am eegene Gaart.

De Serge engagéiert sech gären an ënnerschiddlechen Organisatiounen, esou och an der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem.  Doniewent huet hie mat senger Fra zu Esch an der Uelzechtstrooss eng nei afrikanesch Boutique opgemaach, déi d’Kulture verbënnt an handgemaach an originell Produiten aus Afrika op Lëtzebuerg bréngt.

Déi vill Aarbecht hält dee jonke Mann awer net dovun of, ëmmer nees op Ouagadougou ze fléien, wou net nëmme seng Famill, mee och säin Häerzensprojet op hie waarden. Nodeems hie säi Brudder un de Kriibs verluer huet, huet hien eng Associatioun gegrënnt, déi dräi Mol an der Woch mat Kriibspatient·inn·en zesumme Musek mécht an danzt.

„D’Patient·inn·e verbannen d’Chimiotherapie mam Sport a gewannen doraus nei Motivatioun. Zesumme beweege mir all Kierperdeel vu Kapp bis Fouss an oft zaubert d’Musek de Leit en neit Laachen op d’Gesiicht“, erkläert de geléierten Dänzer. Och zu Lëtzebuerg huet hie schonn Associatioune kontaktéiert fir Kriibspatient·inn·en ze hëllefen.

Fir de Gustoso kacht de Serge Benga, e Plat dee säin Ursprong an der Kolonisatioun huet, deen einfach ze kachen ass, vill Vitaminnen enthält a virun allem siedegt. „Benga mécht sat, esou sat, datt déi Jonk am Burkina Faso en hautesdaags ‘Prison Break’ nennen”, erkläert eis de Serge.

Well de Benga einfach ze kachen ass a sech mat de richtegen Zousazstoffer och eng Zäitchen hält, ass et den ideale Plat wärend der Rebellioun am Burkina Faso gewiescht. Dobäi kënnt, datt een de Benga no sengem eegene Geschmaach mësche kann, sief dat mat Polenta, Mais, Couscous oder Räis an dëst vegetaresch, mat Fleesch oder Fësch.

 

Benga mat Räis:

Fir 4 Persounen:

  • 500g Benga Kären
  • 300g Räis
  • Natriumhydrogencarbonat
  • Salz

Kachzäit 30 Minutten

Zwee Liter Waasser kache loossen an de Benga fir 5 Minutten an dat kachend Waasser ginn. Dono d’Hëtzt reduzéieren. E Kaffisläffel Natriumhydrogencarbonat (bicarbonate de sodium) dobäischëdde fir d’Verkachen an d’Verdauung ze vereinfachen.

Eng 30 Minutte kache loosse bis d’Benga-Bounen al dente sinn. Jee no Wonsch, kann de Benga och méi laang am Dëppe bleiwen. Dono de Räis dobäischëdden a wann néideg, och nach Waasser nofëllen. Elo eréischt d’Salz an d’Waasser ginn. De Benga ass prett, wann d’Bounen an de Räis gekacht sinn.

 

D’Zooss:

  • 2 Tomaten
  • 2 Zwiwwelen
  • 1 Paprika

Alles kleng schneiden an an enger Kasseroll mat e bëssen Ueleg ubroden a kache loossen. D’Zooss ass prett, wann den Ueleg op der Uewerfläch schwëmmt.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register