Ëmweltwoch 2022

Erlieft nach eemol déi bescht Momenter vun eiser ‘Ëmweltwoch’ 2022, déi sech tëschent dem 01. an dem 09. Oktober am Bielesser Matgesfeld ofgespillt huet.

D’Suessemer Ëmweltwoch 2022 huet sech intensiv mam Theema vun der Kreeslafwirtschaft ausenaner gesat. Eng Woch laang stoungen am Bielesser Matgesfeld a sengem neien Ëmwelt- a Bildungszenter eng ganz Partie Aktivitéiten um Programm.

Ee ‘Conscious City Walk’, ee ‘Biergerforum Klimaschutz’, eng Rëtsch Atelieren iwwert den Upcycling an d’Erhale vu Liewensmëttel an Objeten, an als groussen Ofschloss déi zweet Editioun vum Matgesfest.

“ESCAPE!” ass d’Serie ronderëm d’Natur an der Gemeng Suessem, déi “gréng” Aktivitéiten a Plazen an de Mëttelpunkt réckelt.

Méi Infoen ënnert www.matgesfeld.lu

You don't have permission to register