Dir sidd gefrot!

Den 13. Juni gouf de Pakt vum Zesumme- liewen feierlech a Presenz vum Corinne Cahen, Ministesch fir d’Famill, d’Integratioun an d’Groussregioun, an dem Louis Oberhag, Vizepresident vum Syvicol, ënnerschriwwen. „D’Signéiere vun dësem Pakt representéiert ee weidere Bausteen, dee sech an eis bestoend Aktioune fir Inklusioun an Zesummeliewen areit“, esou eis Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz.

Pakt vum Zesummeliewen – Dir sidd gefrot!

D’Gemeng Suessem engagéiert sech fir d’Participatioun vun eise Matbierger·innen ze fërderen an esou en aktiivt an inklusiivt Zesummeliewen ze promouvéieren. Dir sidd gefrot! Är Meenung ass eis wichteg. Är Participatioun un de kommenden Atelieren ass erwënscht. Är Iddien a Virstellunge vum Zesummeliewen an eiser Gemeng solle gehéiert an ëmgesat ginn. D’Ministesch f ir d’Famill, d’Integratioun an d’Groussregioun Corinne Cahen erkläert: „Am Fong handelt et sech ëm eng Alldagsgeschicht, dass dat Zesummeliewen och richteg gelieft gëtt. D’Leit solle sech do och selwer implizéieren a mat eegenen Iddie kommen. Op dës Aart a Weis gi si och selwer Acteur·trice a konsuméieren dann hir eege Produiten, respektiv hiren eegene Programm.“

Wat ass den Oflaf vun dësem Projet?

Den 12. Mee huet de Projet mam Kick-Off Event ugefaangen. Hei gouf de Pakt vum Zesummeliewen a seng eenzel Etappe virgestallt. Elo no der Signature gëtt e Comité de pilotage an d’Liewe geruff, deen ënnert der Responsabilitéit vum Nathalie Morgenthaler, Schäffin fir de Ressort Integratioun a Chancëgläichheet an Diversitéit, steet. Dëse Comité de pilotage stellt ënner anerem e Questionnaire aus, deen dir heem geschéckt wäert kréien. Är Meenung ass hei gefrot. Nodeems är Besoinen identifizéiert goufen, gi Biergeratelieren organiséiert an deenen zesumme konkret Projete fir eis Gemeng entwéckelt ginn. Schliisslech sollen dës Aktiounen ëmgesat ginn. De Louis Oberhag, Vizepresident vum Syvicol ënnersträicht: „D’Haaptzil vum Pakt vum Zesumme- liewen ass, datt jiddweree sech hei zu Lëtzebuerg abrénge kann als voll-wäertegen a wichtegen Deel vun der Gesellschaft, an domadder och Loscht kritt sech ze engagéieren an der Gesellschaft eppes zeréck ze ginn.“

 

Hutt dir weider Froen zum Pakt vum Zesummeliewen, esou kënnt Dir iech gären un de Service à l’Égalité des chances et Diversité vun der Gemeng wenden: service.secd@suessem.lu oder 59 30 75 – 654.

Är Meenung ass gefrot. Huelt Deel un der Online-Ëmfro >>>

 

You don't have permission to register