Zolwer Spatzen: Sang mat!

Zanter méi wéi 50 Joer ass de Kanner- a Jugendchouer ‘Zolwer Spatzen’ ee feste Bestanddeel vum sozio-kulturelle Liewen an der Gemeng Suessem. Wéi vill aner Veräiner, si si natierlech och ëmmer op der Sich no Verstäerkung.

E virgeschriwwenen Antrëttsalter an d’Spatze gëtt et net. Am Idealfall kann ee schonns mat 7 oder 8 Joer dobäi sinn. Och musikalesch Virkenntnisser si keng verlaangt. Dat wichtegst ass a bleift d’Freed um Sangen.

Wann s du matsange wëlls, da mell dech einfach bei den zolwerspatzen@gmail.com.

Mat der Serie “NOISE” sidd dir um Bols vun der Kultur an der Gemeng Suessem.

You don't have permission to register