Service IRIS

Zesumme géint d’Vereinsamung. Nei Cooperatioun tëscht dem Service Iris vun der Croix-Rouge an der Gemeng Suessem.

Sech fir déi Vulnerabel an eiser Gesellschaft ze engagéieren – dat ass a bleift d’Uleies vun der Croix-Rouge Lëtzebuerg an de Service Iris steet deem an näischt no. Haaptobjektiv vun dësem Service ass et sech fir d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit vun der Bevëlkerung anzesetzen an dëst andeems e géint déi emotional a sozial Vereinsamung vun eenzelne Leit ukämpft.

Firwat ee Service, dee sech eenzeg an aleng dësem Theema unhëlt ?

Et ass wëssenschaftlech erwisen, datt den Isolement, d’Allengsinn genau esou geféierlech fir d’Gesondheet ass ewéi den Alkohol, den Tabak oder d’Iwwergewiicht (Hold-Lunstad, Smith, Baker, Harris & Stephenson, 2015). Donieft hunn d’Recherchë vu Luanaigh & Lawlor (2008) gewisen, datt d’Gefill vun der Vereinsamung een direkten Impakt op Depressiounen, kognitiven Ofbau, héije Bluttdrock oder Häerzkrankheeten huet.

Et kann een also ouni Weideres soen, datt d’Lutte géint d’Vereinsamung eng wichteg Missioun vun eiser Gesellschaft ass. Sief dat aus engem mënschlechen, sozialen, etheschen oder och finanzielle Bléckwénkel.

Haaptiddi ass et fir sämtlech Ressourcen an der Lutte géint d’Vereinsamung ze bëndelen

Wie verstoppt sech hannert dem Service Iris?

Dat sinn déi zwou Psychologinnen Anne Stremler a Yanica Reichel, esouwéi eng grouss Famill vu ronn 70 Fräiwëllegen. Mat groussem Asaz setze si sech alleguerte géint d’Vereinsamung an an deele gemeinsam Wäerter wéi Solidaritéit oder d’Freed um Deelen. Jiddweree vun dëse Fräiwëllege geet all Woch eng bis zwou Stonne bei senger Kontaktpersoun laanscht an dëst fir ze poteren, fir bis erauszegoen, ee Kaffi ze drénken oder einfach just do ze hëllefen, wou grad Nout um Mann ass.

2021 hu sech d’Tara Jung vum Service Senior+ vun der Gemeng Suessem an d’Anne an d’Yanica zesumme gesat, fir iwwert eng eventuell Zesummenaarbecht ze diskutéieren. Bei deem Treffen ass séier kloer ginn, datt et passt an et ass eng Partnerschaft entstanen, déi elo am Hierscht 2022 konkret an der Gemeng Suessem uleeft. Haaptiddi ass et fir sämtlech Ressourcen an der Lutte géint d’Vereinsamung ze bëndelen: d’Expertise vun der Croix-Rouge a Puncto Formatioun a Begleedung vun de Benevollen op der enger Säit, esouwéi d’Präsenz um Terrain an d’Sensibilitéit fir einsam Bierger säitens der Gemeng.

Elo konkret, wat setze mir gemeinsam ëm?

Zanter der Schoulrentrée dëse September geet eng Ekipp vun Iris um Kannercampus laanscht, fir verschidde Sensibiliséierungsatelieren ze halen. An dëse geet et net nëmmen ëm d’Plaz vun den eelere Leit an eiser Gesellschaft, mee och ëm d’Wichtegkeet vun intergenerationelle Projeten.

Vereinsamung ka jiddwereen treffen

Och wa Vereinsamung jiddwereen treffe kann, esou ass se dach besonnesch bei Leit iwwer 75 Joer verbreet. An awer si mir alleguerte vun dësem Theema betraff, well jiddwereen altert a jidderwee kann eemol an dës Situatioun geroden. An dësen Ateliere geet et virun allem dorëms, de Bléck op eis eeler Matbierger ze änneren. „D’Gefill vun eiser Existenz hänkt zu engem groussen Deel dovunner of, wéi déi aner Leit ee wouerhuelen“. P. Levi – Si c’est un homme –  1947.

Zesumme mat der Croix-Rouge bidde mir am Januar 2023 als éischt Gemeng eng Formatioun fir Fräiwëlleger an deem Kontext un. Dëst bedeit, datt zukënfteg Iris-Fräiwëlleger op der Plaz forméiert ginn a soumadde prett sinn, fir allengstoend Persounen an der Regioun ze begleeden. D’Formatioun dauert 20 Stonnen a beschäftegt sech mat Theemen ewéi der Einsamkeet, der Kommunikatioun, dëm méi al ginn, esouwéi der Roll an der Plaz vum Benevole.

Wann Dir Benevole vum Service Iris wëllt ginn, respektiv wann Dir wëllt, datt ee Benevole Iech Gesellschaft leescht:
www.suessem.lu/iris

 

You don't have permission to register