Wëllkomm Stëmm vun der Strooss!

Mëttwochs, den 28. September 2022, gouf a Präsenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Aarbechtsminister Georges Engel den neie Site vun der Stëmm vun der Strooss an der Zone um Woeller ageweit. An dësem moderne Gebai hu mam Stëmm Caddy, der Schweesdrëps an der Immo Stëmm direkt dräi essenziell a sozial Servicer en neit Doheem op enger Plaz.

Bal 6 Joer sinn et hier, datt d’Stëmm vun der Strooss d’Iddi vun engem neien, zentralen an effikasse Site opgegraff huet. Nët nëmme well déi aner Sitten alleguerten un hir jeeweileg Limitte stoussen, mee och well d’Demande un d’Servicer vun der Stëmm an der Lescht ëmmer méi grouss gouf.

An der neier Dependance um Woeller konnten déi Responsabel vun der Stëmm elo déi eenzel Ofleef an der Kichen, dem Transport, der Logistik oder och nach der Wäscherei optiméieren an déi therapeutesch Ateliere perfektionéieren. Erauskomm ass esou net nëmmen ee modernen a geraimege Bau, mee virun allem och ee Site op deem d’Weeër kuerz sinn an näischt dem Zoufall iwwerlooss gouf (esou gëtt z. B. d’Hëtzt vun de Killkummeren deelweis dofir genotzt, fir d’Tricote vun der Schweesdrëps ze dréchnen).

Sämtlech Riedner·innen hunn an hiren Interventiounen ënnerstrach, datt den Impakt vun dësem neien dynamesche Site direkt een dräifachen ass: sozial, ekologesch, awer och ekonomesch.

Sozial, well dës nei Gebailechkeeten et enge ronn 90 Leit erlaben, fir an deenen ënnerschiddlechen Atelieren enger gereegelter Aarbecht nozegoen. Op dës Manéier fanne si net nëmmen een alldeeglechen Aarbechtsrhythmus, mee och en Ekippegeescht an idealerweis hir Plaz an der Gesellschaft erëm.

Deemnächst 500 Tonnen Iesswuere virun der Poubelle retten

Ekologesch, well d’Stëmm Caddy aktuell pro Joer net manner ewéi 125 Tonnen Iesswuere virun der Poubelle rett an dës an Zoppen, Zaloten, Jusen, Sandwichen an aner Platen nohalteg verschafft. Duerch déi nei Infrastrukturen soll dës Quantitéit an nächster Zäit esouguer op 500 Tonnen pro Joer eropgoen.

A schlussendlech ekonomesch, well dës verschafften Iesswueren net nëmmen deene Leit zeguttkommen, déi se wierklech brauchen, mee och de Restaurante vun der Stëmm oder anere gudde Wierker.

An der ‘Schweessdrëps’, wou eng 40 Persounen aktiv sinn, ginn all Woch net manner ewéi 4.700 Tricote vu ganz ënnerschiddleche Sportsekippe (Senioren a Jugend) gewäsch, gefaalt an dono nees zeréck bei déi jeeweileg Veräiner gefouert. Eng logistesch Herkulesaufgab, bei der all eenzelnen Handgrëff sëtze muss a wou sech keng Feeler dierfen erlaabt ginn.

Fannt hei déi komplett Galerie vun der Aweiung

Insgesamt huet de Projet um Woeller (Bau an Ekipement) knapp 6 Mio € kascht. Niewent enger staatlecher Ënnerstëtzung vu 4,6 Mio € sinn déi aner Käschten duerch generéis Donen, esouwéi d’Eegekapital vun der Stëmm gedroe ginn.

You don't have permission to register