Nei Maison médicale um Belval

Aweiung mat der Gesondheetsministesch

Mëttwochs, den 22. September 2021, gouf um Belval an der Avenue du Swing déi fuschnei Maison médicale ageweit. Dëst a Präsenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, der Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz esouwéi de Vertrieder·inne vun dem CMG (Cercle des médecins généralistes) an der AMMD (Association des médecins et médecins-dentistes).

 

Déi meescht vun eis hu schonns iergendwann eemol missen op eng Maison médicale zeréckgräifen, sief dat an der Woch no Feierowend, um Weekend oder och op engem Feierdag. Et kann ee sech nun emol leider net aussichen, wéini ee krank gëtt a fir genau esou Fäll sinn déi dräi Maison-médicallen zu Lëtzebuerg do. Déi nei Adress am Süden ass zanter dem 23. September elo net méi an der Emile Mayrisch Strooss zu Esch, mee op 3-5 an der Avenue du Swing um Belval.

D’Ministesch Paulette Lenert huet ënnerstrach, datt dës nei Maison médicale e weidert Puzzlestéck vun engem moderne Gesondheetssystem wier an huet et begréisst, datt d’Patient·inn·en op dëser neier Adress ënnert optimale Konditioune kënne soignéiert ginn. Doniewent, sou d’Gesondheetsministesch weider, wier et essentiell d’Urgencen op dës Manéier weider z’entlaaschten.

 

 

Déi modern an hell ageriichten 750 Quadratmeter ginn daagsiwwer vun der Croix Rouge an dem Gesondheetsministère genotzt. Den Dokter Guillaume Steichen, Generalsekretär vun der AMMD, war besonnesch frou doriwwer, datt op dëser neier Adress den Dokteren net nëmmen adäquat Dortoiren, mee och Vestiairen an en Openthaltsraum zur Verfügung stinn. Dës nei Infrastrukture géifen d’Nuetsschichten eventuell och erëm méi attraktiv maachen.

D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet hirersäits déi effikass an onkomplizéiert Zesummenaarbecht mam Ministère ervirgehuewen, déi et erlaabt huet, dëse Projet quasi a Rekordzäit z’implantéieren. Des Weidere wier de Belval mat senger Dynamik a sengem Mobilitéitskonzept deen ideale Standuert fir dës nei Maison médicale.

 

 

Adress

Belval

3-5, Avenue du Swing

L-4367 Belvaux

Ëffnungszäiten

An der Woch: vun 20.00 Auer bis 00.00 Auer

Samschdes, sonndes a Feierdeeg: 08.00 bis 00.00 Auer

Wéini Dir op eng Maison Médicale zeréckgräife kënnt?

Allkéiers, wann Dir wéinst Ärem Gesondheetszoustand Ären Hausdokter wëllt opsichen, an net waarde kënnt, bis dësen nees am Déngscht ass.

No Mëtternuecht musst Dir um 112 uruffen. Dësen Uruff gëtt un den Dokter vun der Maison Médicale weidergeleet, deen Iech da sengersäits esou séier wéi méiglech kontaktéiert.

Wann onbedéngt néideg an net anescht méiglech, kann den Dokter och en Hausbesuch bei Iech maachen.

 

You don't have permission to register