ËWK Oktober: Jeff Poitiers

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass de Jeff Poitiers?

Als Kand aus den 80er Joren hunn d’Popkultur, awer och Kultserië wéi A-Team a Knight Rider scho fréi e groussen Afloss op dem Jeff Poitiers seng kënschtleresch Kreativitéit gehat. Schonn deemools ass hie méi un Illustratiounen interesséiert gewiescht, wéi un der Matière an der Schoul. Zwar huet de Jeff zu Innsbruck Ekonomie studéiert, mee seng kënschtleresch Oder sollt sech um Enn duerchsetzen a säi weidere Wee definéieren. Tëschent 2007 an 2016 huet de Jeff Poitiers als Designer an art director geschafft, éier hien art director bei cropmark ginn ass, wou hien zanter dem leschte Joer och Partner ass. Säi Fokus läit op corporate a visual identities. Privat kreéiert hie säit Jore Filmaffichen, déi an der Vergaangenheet och schonn Deel vu verschiddenen Ausstellunge ware.

 

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

A menger Illustratioun wollt ech virun allem drop agoen, wéi d’Natur sech am Oktober verännert. D’Faarwen Orange a Brong sti symbolesch fir den Oktober, kombinéiert mam saisonalen Uebst a Geméis. Doniewent hunn ech mir et net huele gelooss dës Elementer mat Halloween ze kombinéieren, e Fest dat och zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift gëtt. De Becher aus Plastik ass de klengen Intrus a menger Illustratioun a soll e Säitenhieb un eis Konsumgesellschaft sinn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register