Eng gréng Avenue zu Zolwer

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring huet um Dënschden, 6. Juni 2023 d’Laureat·inne vum Appel à projets Méi Natur an eise Stied an Dierfer bekannt ginn. Fënnef Gemenge goufe fir ambitiéis Projeten honoréiert, duerch déi urban Espacen a gréng Oase solle verwandelt ginn.

Den Opruff war am Dezember 2022 gestart ginn, an hat als Objektiv, d’Gemengen z’encouragéieren, fir a Wunngebidder fir méi Gréngs ze suergen, zum Beispill op ëffentleche Plazen oder ronderëm Schoulen. Zu de méigleche Mesurë gehéiert zum Beispill d’Demineraliséierung vun den Uewerflächen, fir se duerch Wisen, Beem oder duerchlässeg Schichten z’ersetzen. De Projet vun der Gemeng Suessem hat beim Jury am meeschten Uklang fonnt.

 „D’Gemenge spille voll a ganz hire Rôle als Virbildfunktioun. Ech sinn iwwerzeegt, datt dës Projeten eng reell Plus-value fir d’Biodiversitéit a fir d’Upassung un de Klimawandel wäert hunn, mä virun allem eng besser Liewensqualitéit fir d’Awunner wäert duerstellen.“ – Joëlle Welfring

„Global gesi geet den Trend kloer a Richtung Opwäertung vum ëffentleche Raum“, stellt de Lex Faber fest. Den Associé-gérant vun Zeyen+Baumann ass en Expert an der Stad- a Raumplanung. Konkreet Virbiller fir de Projet Avenue 2025 zu Zolwer gouf et net, mee Inspiratioun gëtt et iwwerall. „Souguer zu New York denken se ëm. Den Times Square huet sech vun enger vill befuerener Plaz zu engem Espace fir Foussgänger entwéckelt. Do gouf einfach decidéiert, Saachen auszeprobéieren.“ Den Urbanist-aménageur begleet Projeten vun der Ufanksiddi bis zur Ausféierung, wou et ëm d’Gestaltung vun eiser Ëmwelt geet, och am stättesche Kontext. Hie war vun de Suessemer Gemengeservicer kontaktéiert ginn, fir am Kader vum Concours vum Ministère verschidde Varianten ze entwéckelen, mat deenen d’Avenue 2000 anescht kéint genotzt ginn. „De Projet ass schonn eleng duerch d’Positioun vun der Fläch interessant, och wa se kleng ass. Déi Spuer, déi ewechfale soll, ass u sech net néideg, fir de Verkéier ze geréieren. En plus schaaft een eng wichteg gréng Vernetzung.“

Lex Faber

D’Avenue 2000 zu Zolwer wäert déi nächst zwee Joer op 1.628 m² eng komplett Metamorphos erliewen, sou de Lex Faber. „D’Versigelung vun de Flächen an de Stied ass problematesch, well net genuch Gréngs do ass. Dofir gi mir hei enger Strooss erëm eng klimatesch Funktioun. Et ginn net einfach e puer Beem gesat, mee de Makadamm gëtt ganz ewechgemaach.“ Beim Choix vu Planzen a Beem setzt een op Zorten, déi heemesch sinn, mee donieft och klimaresistent, well si mat den zukünftege Bedingunge mussen eens ginn. Um Projet ass och eng Landschaftsarchitektin bedeelegt.

D’Avenue 2025 soll och den Zesummenhalt an den Echange tëscht Resident·innen aus dem Quartier fërderen. „D’Awunner·inne ginn an enger nächster Phas mat agebonnen, fir den Amenagement an d’Notzung vun dëser Zon mat ze bestëmmen“, preziséiert de Lex Faber. „D’Fro ass: wat wëllen a brauchen d’Leit? Et sinn Iddien am Raum wéi déi vun der Essbare Stadt, wou een Uebstbeem oder aner Planze fir z‘iesse virgesait. Mee egal ob et herno e Gemeinschaftsgaart, eng Boulepist oder eng Spillplaz ass: et soll e Mehrwert fir d’Leit sinn.“ Wann een d’Pläng gesäit, stellt ee fest, wéi flott a sënnvoll esou eng Ëmgestaltung vum ëffentleche Raum ka sinn. Firwat ginn et net méi där Projeten? „Mat esou enger Entsigelung ass natierlech e Chantier verbonnen, an och héich Käschten“, erkläert den Expert. „Natierlech wier et flott, esou eppes och op anere Plazen ze maachen. Mee esou Raim sinn immens komplex. An enger Haaptstrooss gëtt et z. B. vill Accèsen, wou zum Deel schwéier Transporter driwwer ginn, donieft leie vill Leitungen drënner, an et gëtt nach aner Restriktiounen. Wann een do dru geet, ass et e schwéieren Agrëff.“ Fir d’Avenue 2025 ass et e méi punktuellen Agrëff, an donieft gëtt de Finanzement duerch d’Subside vum Ministère assuréiert.

Wat den Zäitplang ugeet, soll 2024 de Réckbau vun der Avenue 2000 an Ugrëff geholl ginn, an d’Mise en place vun der Avenue 2025 wier dann am Joer 2025. Virausgesat, déi lescht Hürden am Zesummenhang mam Concours a mam Subside gi wéi geplangt geholl.

 

„Nohaltegkeet erreecht een nëmmen zesummen, an zwar Schratt fir Schratt.“ – Simone Asselborn-Bintz

Andeems mir op dësem Stéck Strooss eng Gréngfläch schafen, déi mat neier Vegetatioun Waasser späichert, d’Loft killt an d’Biodiversitéit garantéiert, bidde mir Mënsch an Déier eng nei Zort Avenue, déi duerch d’Matmaache vu jidderengem Liewen agehaucht kritt“, sou d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz.

Véier aner Gemenge goufen an engems fir hie eemoleg Visiounen am Zeeche vun urbaner Nohaltegkeet ervirgehuewen. Stroosse wäert e Parking an e grénge Square verwandelen, a Munneref reamenagéiert seng Place des Villes Jumelées an e shared space, deen d’Reewaasser absorbéiert. Och Ettelbréck an Diddeleng hu wëlles, am Kader vun hire Projeten Asphalt an Natur ëmzewandelen.

D’Ministesch huet ënnerstrach, wéi wichteg dës Zort Projete sinn, en et soll de Startschoss fir weider, ähnlech Initiative sinn.

Post tags:
You don't have permission to register