25 Joer CIGL Suessem: E Portrait

25 Joer sozial, nohalteg, solidaresch a virun allem mënschlech.

De CIGL setzt sech um lokale Plang fir d’Reintegratioun vu Mënschen ouni Aarbecht an, andeems nei Plaze geschaf ginn a Mënschen eng zweet Chance um Aarbechtmaart kréien. D’Beneficaire gi vum CIGL forméiert, kréien d’Méiglechkeet u Formatiounen deelzehuelen a Stagë bei externe Patrone ginn organiséiert. Iwwert dëse Wee hunn eleng am Joer 2022 8 Beneficiairen eng zweet Chance um Aarbechtsmaart kritt an en neie Patron fonnt.

Zäitgläich bitt de CIGL Bierger·innen iwwer 60 Joer eng Hëllef am Alldag un, sief dës duerch de Service ‘Aide à la personne’, andeem Haushaltsaarbechte bei Clienten iwwer 60 Joer duerchgefouert ginn oder duerch de ‘Klengen Atelier’, deen de Cliente bei Aarbechten ëm a ronderëm d’Eegenheem eng Hand upéckt.

De Suessemer CIGL (Centre d’Initiative et de Gestion Local) huet um Donneschdegowend, 20. Abrëll 2023 a Präsenz vum Aarbechtsminister Georges Engel ee Véirelsjoerhonnert gefeiert.

Liest hei méi iwwert d’Aarbecht an d’Servicer, déi vum CIGL Suessem offréiert ginn:
You don't have permission to register