Schonn 11 Joer um Kannercampus

Et gi Plazen, do kënnt net all Mënsch hin. Sou och d‘Kichen um Kannercampus, déi Dag fir Dag Honnerte vu Platen zoubereet, dass d’Kanner um Park um Belval gesond a frësch Menüen op den Teller kréien. De Mallory Hetzel, Co-Responsabele vun der Kichen um Kannercampus, huet eis fir ee Moien invitéiert, fir him a senger Ekipp iwwert d’Schëlleren ze kucken.

„Dat gëtt zesumme mat den Educateuren opgestallt an dee Plang geet da bei d’Dieteticienne, déi da kuckt, ob et equilibréiert ass“, erkläert de Mallory Hetzel a bliedert duerch d’Blieder, déi un der Mauer hänken. „Da kënnt de Plang zeréck a wann eppes feelt gëtt dat ugepasst. Réischt da si mer bei der definitiver Versioun.“ Mir gi weider duerch d’Kiche gefouert a sti virun engem iwwerdimensionale Frigo respektiv e Schockfreezer. „Am Summer ass dat natierlech ganz praktesch“, seet de Chefkach wärend en d’Dier opzitt. „Do kënne mer Fleesch am ganze Stéck dra leeën an dat ass dann a puer Stonne prett.“ Hie seet mir sollen eis an de risege Freezer, deen dee Moment aus ass, erastellen. No eisem Zécken erkläert en, dass et ëmmer erausgeet. „Dofir hu mer Sécherheetsmesuren – du kënns ëmmer raus.“

Schonn iwwer 10 Joer schafft de Mallory an der Kichen um Kannercampus. „A 15 Deeg ginn et 11 Joer. Fir genau ze sinn de 15. Mäerz“, erzielt en houfreg. Hien ass net eleng fir d’Kiche responsabel, dës Tâche gëtt sech mam Linda Wagner, wat den Dag vun eisem Besuch leider net do war, gedeelt. Säit dem Februar ass d’Linda um Roude Wee, wou hatt sech ëm all Administratives wat d’Commanden, Präisser, Stocken a sou weider ugeet, këmmert. „Et ass en haarde Wiessel, besonnesch, well ech gärekachen. Zemools d’Pâtisserie maachen ech mega gär.“ Well d’Responsabel viru kuerzem operéiert gouf, konnt hatt seng Aarbecht an der Kichen net méi esou wéi virdru virufueren, wéi hatt dat geléiert huet. „Ech hu meng Hotelsschoul gemaach an duerno sinn ech an d’Schwäiz schaffe gaangen. Ech war am Vieux Manoir beim Murtensee.”

Hatt erzielt vun den éischte Joren op senger Plaz, wéi an dräi Kiche gekacht ginn ass. „Mir sinn dunn ëmmer méi grouss ginn an hu bäigebaut. De Roude Wee ass opgaange, wou mir fir 500 bis 600 Kanner gekacht hunn. Puer Joer drop koum dunn de Kannercampus dobäi.” Fir d’Linda ginn et dëst Joer 18 Joer, säit deem hatt um Kannercampus ugefaangen huet. Hatt ass praktesch säit Ufank un dobäi a virun allem „voll motivéiert dobäi“, wéi et eis op Nofro erzielt. Zesumme mam Mallory huet hatt dat Ganzt zesummen opgebaut.

„Mir sinn duerch déck an dënn gaangen“, seet d’Linda. Och wann et gläich ronne Gebuertsdag um Kannercampus feiert, denkt et net drun, sech eng nei berufflech Missioun ze sichen. „Ech freeë mech op déi nächst Joren an all neien Challenge, dee kënnt.“ De Mallory kënnt op säi Parcours viru sengen Engagement bei eis ze schwätzen. Do virdrun huet hien an engem Restaurant vum Domaine Thermale zu Munneref geschafft a war Responsabel fir de Fësch.

Éier säi Wee hien op Lëtzebuerg féiert, ass de Mallory 4 Joer laang zu Stroossbuerg an der Maison Kammerzell engagéiert. „Ech war ni chaud drop, an enger Kantin ze schaffen“, gëtt hien zou a schmunzelt. „Mee wéi ech hei hi koum a gesinn hunn, wat mir fir eng Chance hunn, mat sou enger gudder Marchandise ze schaffen, huet sech dat direkt geännert. Mir wëssen, dass d’Kanner eppes Guddes op den Teller kréien. Mir hunn ee Cahier de charges, dee wierklech strikt ass.”

„Wéi ech hei hi koum a gesinn hunn, wat mir fir eng Chance hunn, mat sou enger gudder Marchandise ze schaffen, huet sech dat direkt geännert.” – Mallory Hetzel

Et gëtt vill a virun allem frëscht Geméis, „mir hu Bio-Produiten, Fairtrade, Produite vun hei. D’Gemeng huet dat viru 5 Joer mat Sicona sou ënnerschriwwen an dann hale mir eis dodrun. Dat gëllt ze respektéieren“, verséchert eist d’Géigeniwwer. Ronderëm ass eis vill lass. D’Ekipp vum Mallory leeft ronderëm, mee ouni  gestresst ze wierken – jiddereen·t weess, wat ze maachen ass. „Kerstin”, dréint de Mallory sech ëm. „Geet et?“ Si schwätze kuerz a scho geet et weider.

„Dat hei ass e Killraum“, seet en a mécht déi grouss Dier op a kuckt op d’XXL-Kéis-Packungen, déi virun eis leien. „Fir déi Quantitéiten, déi mir net just kachen, mee och lagere mussen, ass dat heiten immens praktesch.“ Pro Dag gëtt fir ongeféier 600 Kanner Iesse verschafft. D’Kichen hei um Kannercampus ass fir de Belval a Bieles zoustänneg, da kommen nach d’Platen am Roude Wee an zu Suessem (+/- 450), an der Schoul 2000 (+/- 120 bis 150), um Scheierhaff (+/- 200) an déi an der Kannerbuerg (+-/ 120 bis 150) dobäi. „Hei ass den Dessert fir muer … wäisse Kéis mat Coulis. Fir 600 Leit sinn dat 60 Kilo wäisse Kéis, déi virbereet musse ginn.“

De Mallory preziséiert, dass d’Iesse bei eventuellen Allergien oder Intoleranzen ugepasst ginn. „Mir Platen, déi lactose- a glutefräi sinn. Mir hu vegetaresch Platen. Mir hunn do eng ganz Lëscht.“ D’Kanner kënne sécher sinn, dass si hiert Iesse mat Zäit viru sech stoen hunn, wa si an d’Mëttespaus ginn. „Mir musse mat der Zäit ëmgoe kënnen. Dat ass däin Zäitmanagement.“ Hien dréint sech a Richtung Aarbechtsfläch, op där eng ganz Rëtsch Behältere mat Geméis gestapelt sinn. „Dat do ass schonn alles gebotzt a preparéiert. Haut gouf et geschnidden a wéi s du gesäis, ass de Paprika och scho fäerdeg.“

„Mir wëssen, dass d’Kanner eppes Guddes op den Teller kréien. Mir hunn ee Cahier de charges, dee wierklech strikt ass.” – Mallory Hetzel

Hie féiert eis an en aneren Deel vun der Kichen a mir gesi virun eis eng enorm Mass u geschielte Gromperen. „Dat sinn 120 Kilo Gromperen – déi Quantitéit viru sech ze gesinn, ass scho Wansinn.“ De Mallory weess genee, wat a senger Kiche lass ass, wie wat schafft, wou wat ze fannen ass. Och wann hien d’Soen huet, schafft d’Ekipp ënnert senger Verantwortung autonom a selbststänneg. D’Stëmmung an der Kichen ass net ugespaant, mir hunn éischter d’Gefill, dass gutt Kolleeg·innen zesumme schaffen. Op d’Fro, ob si no hirer Schicht och hei zesummen iessen, laacht de Mallory. „Selbstverständlech! Dat wier jo onlogesch. E Kach muss säin eegent Iesse schmaachen a kucken, wat en anere virun d’Nues setzt.“

Hei ginn et weider Informatiounen zum Oflaf vum Iessen an der Kichen um Kannercampus: Preparatioun vun de Molzechten

You don't have permission to register