„Dat war scho wëll“

De Flow Music Festival geet vum 19. bis 21 Juli 2024 um Park um Belval an déi 4. Ronn. Mam Fokus op der lëtzebuergescher Musekszeen start den éischten Dag, freides owes, mat engem kuratéierten DJ-Owend, deen iech an déi passend Stëmmung fir de Weekend komme léisst. Mir hu mam WazToo, engem vun den DJs, deen um éischten Dag vum Flow op der Bün steet, iwwert dëse spezielle Projet, seng Karriär an d’EDM-Zeen geschwat.

„D’Hollerecher Zäit war eng cool Zäit“, erënnert sech de WazToo zeréck a laacht. „Deemools am Point, dat war scho wëll.” De WazToo ass säit iwwer 20 Joer feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger EDM-Zeen. Ma wéi sou oft war dat net vun Ufank un esou, fänkt hien un ze erzielen. „Wéi ech ugefaangen hunn, has de een DJ-Grupp – déi, déi scho méi laang dobäi waren – an do koumen déi Nei iwwerhaapt net eran. Do konnts de maache wat s de wollts, dat war einfach eng Hierarchie an do has du näischt ze sichen.“

Den Ufank war schwéier

Ouni Connections ass et net gaangen an och de WazToo huet misste Weekend fir Weekend opleeën a sech esou een Numm maachen. „An der Woch hunn ech d’Schoulbänk gedréckt, vu freides bis sonndes war ech ënnerwee a méindes ass et nees an d’Schoul gaangen.“ Wéi hien du bis ugefaangen huet mat schaffen, huet sech dee Rhythmus net geännert. Wéi hie sech du bis duerchgesat huet, huet en all Ufro souzesoen op de Leescht geholl: „Passen ech zu deem Event? Wëll ech do wierklech opleeën oder maachen ech et just, well ech mengen, ech misst?” Mëttlerweil gehéiert hien zu der méi erfuerener Generatioun un DJs hei am Land a kann anere weisen, wéi et geet. „Et soll jo sou sinn, dass du däin Handwierk un anerer kanns weider ginn. Als DJ bass de jo bal ëmmer eleng.“

Dofir ass den 19. Juli eppes méi Spezielles um Flow geplangt: Ënnert dem Motto „WazToo and Friends“ trieden e Freidegowend 5 verschidden DJ-Acts bis an d’Nuecht eran op. Et ass fir de WazToo eng éischte Kéier, dass hie bei esou enger Zort Get-Together dobäi ass. „De Projet ass flott, ech triede souzesoe mat Kolleegen zesummen op. Mir trieden awer nach ëmmer alleguer no eneen op.“

„Mir starte méi douce a bauen dann op. All Mënsch huet awer säin eegene Sound.“ – WazToo

Prinzipiell geet d’Musek vun hinnen all an d’Richtung Funky House an Deep House. „Mir starte méi douce a bauen dann op. All Mënsch huet awer säin eegene Sound.“ Den Owend lancéiere mécht een·eng Newcomer·in, deen·déi duerch en offiziellen Opruff – am Kader vun eisem Open Call, dee lescht Joer agefouert gouf – ausgewielt gëtt. D’Relève iwwerhëlt den DJ Dama, no him ass et um WazToo, éier d’Anya an de Beat Gee am b2b (wann zwee DJ’s d’Bün deelen, eegen Tracks spillen an d’Lidder aneneen iwwerginn) zesummen opleeën. Ofgeschloss gëtt d’Soirée vum Duo Tasso&Mitch, déi bis an d’Nuecht eran hannert den Decks stinn.

D’Iddi fir de Freidegowend um Flow ass genee dat – d’Basis ass änlech, mee jiddereen·t mécht säint. „No deem Schema hunn ech se all erausgesicht a lo hu mer déi do Konstellatioun. Ech denken, dass dat gutt harmonéiere wäert“, seet de WazToo. Leit wéi den Dama oder Tasso&Mitch kennt hie scho säit Joren, säi Wee mam Anya huet sech réischt viru kuerzem gekräizt. „Mir hunn eis op engem Festival kennegeléiert, wou hatt mech als DJ gesinn hat. Do si mer an d’Gespréich komm an ech hunn him Tipps ginn, well ech vill Potenzial an him gesinn hunn, wat sech déi lescht Jore bestätegt huet.“

D’Timetable um Flow ass esou konzipéiert, dass et Sënn mécht, wie wéini spillt, erkläert de WazToo. „Mir fänke méi kommerziell un, éischter funky wéi ech scho sot, da gëtt et méi elektronesch éier et a Richtung Deep House geet.“ De WazToo gëtt en Abléck an de Prozess, wéi een·t – oder hien op alle Fall – sech esou een Owend virstellt. Wie gemengt huet, de Leit hannert dem Mëschpult fält net op, wéi de Public mat hinnen interagéiert, dee läit falsch. „Ech mengen d’Leit musse wéinst der Musek kommen. Wa si den Handy an der Täsch loossen a sech op de Moment fokusséiere, kritt een eng ganz aner Dynamik.“

„De Projet ass flott, ech triede souzesoe mat Kolleegen zesummen op.“ – WazToo

Wisou dat sou wichteg ass? „Ech maache mir am Virfeld eng kleng Playlist mat 20, vläicht 30 Tracks. Nom éischte Lidd kucken ech, wéi d’Leit drop sinn a passe mech hinnen un. Heiansdo dauert et méi laang, bis se waarm sinn. Wa se op deng Musek reagéieren, da kanns de däi Set opbauen.” De Worst-Case-Zenario ass also net just d’Enn vun der gudder Stëmmung, mee och dem·der DJ vergeet de Spaass, op der Bün ze stoen. „Wann zwou Stonne laang kee mat dir interagéiert a keen eng Reaktioun weist, dann ass et egal, wat s de spills. Du kanns dir sou vill méi gi wéi s de wëlls, da kriss du se net.“

Succès hänkt vu ville Facteuren of

Sou Owender, grad op Festivaller a Plazen, wou een·t nach ni gespillt huet, si schwéier anzeschätzen, ënnersträicht de WazToo. „Ech loossen et op mech duerkommen. Aktuell hunn ech e grousst Fragezeichen“, seet hien a grinst. „Dat si sou vill Bausteng a Froen, déi am Raum stinn: Wou ass d’Locatioun? Wéi gëtt d’Wieder? Wéi vill kascht den Ticket? Wéi ass d’Laun vum Public? Wéi ass d’Stëmmung um Festival?“

Ob hien nervös ass? „Bëssen nervös sinn ech ëmmer, mee wat bréngt mer dat?“, seet hien. Vläicht schwätzt do och d’jorelaang Erfarung – oder mir froen hien nach eemol am Juli um Flow, éier et op d’Bün geet. No sou laanger Zäit an der Museksbranche ass dat och vläicht wéineg verwonnerlech, well de WazToo ass gutt ronderëm komm, national wéi international. Hien erënnert sech gären un Optrëtter zu London am Ministry of Sound oder am däitschen Hunsrück op der Nature One am Bunker zeréck. „Ech hu viru kuerzem awer och an der Rockhal gespillt, déi éischte Kéier am grousse Sall. Dat war richteg cool.“

No 20 Joer ass de WazToo am progressiven House ukomm. Eppes, wat de Genre Electronic Dance Music sech ëmmer nees unhéiere muss, ass, dass alles d’nämmlecht klénge géif. „Een, dee mech héieren huet, kann den Ënnerscheed maachen tëscht Musek, déi um Radio leeft an deem typesche Festival-Sound“, äntwert den DJ.

Dat mam Gefalen ass souwisou 50/50, seet hie weider. „Natierlech ginn et Trends. Du kanns do matmaachen an eppes Änleches produzéieren. De Problem ass, wann s de 5 Pop-Songs gemaach hues an da kënnt een Techno-Track, gewënns de déi Leit zwar, mee kanns vill anerer verléieren.“ Jiddereen·t muss rausfannen, wat besser bei déi eege Musek an deen eegene Public passt a wat funktionéiert.

Wann hien iergendwann d’Richtung wiessele géif, „maachen ech dat ënnert engem aneren Numm. Dat wier en neie Projet, mee dat kucke mer, wann et sou wäit ass.“ Wat wieren dann 3 Songs, déi Leit, déi de WazToo net kennen, lauschtere sollen? „Uff“, äntwert hien a laascht. „Déi 3 lescht Tracks, déi ech released hunn. Dat beschreift meng Musek ganz gutt.“

Flow Music Festival

DJ Dama – WazToo – Anya b2b Beat Gee – Tasso&Mitch

Foreigners – Skuto – BRLM – De Läb – Mambo Schinki

Laurent Unchained – Jackie Moontan – Tame & The Wild – Chaild

 

Vum 19. bis 21. Juli

Park um Belval

flowfestival.lu

You don't have permission to register