Den digitalen Zäitalter ass nëmmen eppes fir déi Jonk? Wouhier dann. Den Interessi vun den eelere Generatioune fir déi Sujete klëmmt. Dacks ass et awer esou, dass si beim technesche Fortschrëtt an der leschter Rei stinn an nokucken. Fir si aktiv ze ënnerstëtzen, gëtt am Juni eng Online-Sécherheet-Konferenz organiséiert. Mat der ASBL GoldenMe an enger Silver Surferin hu mir iwwert d’Erausfuerderungen an d’Chancë vum technesche Fortschrëtt geschwat.
Si sëtze ronderëm e groussen Dësch, op deem vereenzelt nach Pizzakartonge stinn. Bei Kaffi a Kuch gëtt vill gelaacht – weder ze iwwersinn nach ze iwwerhéieren, dass de Grupp sech gutt versteet. „Dat sinn eis Silver Surfers“, seet d’Anne Frausing vun der Organisatioun GoldenMe spéider wärend dem Interview. Si si feste Bestanddeel vun de Smartphone-Caféen, Konferenzen an Events vun der Organisatioun, also alles, wat sech ëm déi digital Sécherheet an d’Inklusioun vun eisen eelere Matmënschen dréint. Ganz einfach gesot si Silver Surfer·inne pensionéiert IT-Begeeschterter.
D’Anne ass d‘Responsabel vun dësem Grupp aus Benevollen a leet och selwer Formatiounen. „D’Liette ass eng Silver Surferin“, ënnersträicht hatt a weist op säi Géigeniwwer. „Eigentlech souz ech an der Sozialkommissioun vun der Gemeng Betzder“, hëlt d’Liette aus. Iergendwann ass si dunn u GoldenMe komm. „Ech war begeeschtert vun hirem Contenu, hiren Offeren.“ An elo ass d’Liette Deel vum Trupp u motivéierte Senior·innen. „Mir ginn an deene Beräicher ënnerstëtzt, an deene mir eis net sou sécher spieren.“ D’Anne erkläert, dass d’Benevollen déi néideg Formatioune kréien, fir sou gutt et geet virbereet ze sinn. „Mir mussen un déi Leit kommen, bei deenen et méi schwéier ass si ze erreechen. Bei allem Progrès dierfe mer kee vergiessen.“
Ofgesi vum techneschen Deel, geet et awer och oft drëms, de Leit nozelauschteren, si net eleng ze loosse mat hirem Frust an hinnen d’Angscht virum Onbekannten ze huelen. Verschiddener sinn ze vill virsiichteg, menge béid Fraen. „Ech hu scho Situatioune matkritt, wou d‘Leit just zwee Sitte consultéieren, well se just deene vertraut hunn“, rifft sech d’Liette an Erënnerung. „Schlussendlech huet sech erausgestallt, dass et genee dës zwee Sitte waren, bei deenen se besser gehat hätten, opzepassen.“ D’Anne gëtt ze bedenken: „Si ginn also nëmmen op zwee Sitten a verpassen domat esou vill, wat fir si nëtzlech a flott kéint sinn.“
Sech net schummen, mee ëm Hëllef froen
Grad wa Mënschen eleng sinn – well net jiddereen·t d’Chance huet, op Familljememberen ze zielen, déi engem alles erklären –, kéinte se d’Online-Medien esou villfälteg benotzen. D’Anne an d’Liette sinn iwwerzeegt, dass een·t an der Famill selwer oppe mam Sujet soll ëmzegoen an direkt ugeschwat soll ginn, wann Aussestoender eppes mierken, wat net sou leeft, wéi et soll. „Et ass jo dacks eng Erpressertechnik, déi hannendru stécht“, hëlt d’Anne aus. „Dat geet mat der Zäit ëmmer weider an hält no der éischter Iwwerweisung seelen op.“
„Et sinn net just d’Geforen an d’Risiken, mee déi gutt Aspekter, déi jidderee fir sech kann erausfilteren.“ – Liette, Silver Surferin
Eng wäit verbreeten Angscht ass a bleift de Phishing: falsch Mailen, Smsen, Uriff oder och Websäiten, wou et de Kriminellen drëms geet, u Geld a perséinlech Informatiounen ze kommen. D‘Online-Kriminalitéit klëmmt rasant a lieft vun de mënschlechen Emotioune wéi Scham, Panik a Stress, erkläert d’Anne. „Wann een emol an esou eng Fal tappt, soll een sech net schummen. A wa sech Betraffener schummen: Sot hinnen, dass dat ville Leit geschitt an dass praktesch jiddereen domat konfrontéiert ass. Mir kréien dach alleguer esou Mailen an dacks huet ee méi schnell geklickt wéi nogeduecht.“
Dofir organiséiert GoldenMe zesumme mat der Gemeng Suessem den 18. Juni eng Konferenz iwwer ausgewielte Sujete ronderëm d’Online-Sécherheet fir Senior·innen. Et gëtt iwwer Cookies, Online-Shopping, Luxtrust an déi gängeg Phishing-Methode geschwat. „Phishing ass mat den Haaptgrond, wisou d’Leit eis kontaktéieren“, preziséiert d’Anne. „Mir erklären de Leit net, wéi dat konkret funktionéiert, mee wéi si sech preventiv schütze kënnen.“ Geplangt ass eng Aart Quiz, fir ze weisen, wat Phishing ass a wéi een·t domat ëmgeet. D’Presentatioun huet e ganz interaktive Volet, fir dass dat, wat erkläert gëtt, sou gutt et geet hänke bleift.
Béid Interviewpartnerinne si sech eens, dass aller digitaler Sécherheet eppes virausgeet – ee séchert Passwuert. Och dat wäert op der Konferenz beschwat ginn. „Eent vun eis, d’Yolande, schafft ganz vill mat Biller”, seet d’Anne. „Zum Beispill dat heiten: ‚Wann dir kee staarkt Passwuert hutt, ass dat esou, wéi wann der är viischt Dier zougespaart, mee d’Fënstere grouss op hutt‘ – dat bleift hänken.“ Mir kommen op de Passwuert-Manager ze schwätzen. „Do hunn ech awer festgestallt“, erkläert d’Liette, „dass d’Leit zeréckhalend sinn an där Saach net ganz trauen.“ Och hei heescht et also: opklären an d’Angscht huelen.
Eegen Datelecks kontrolléieren
„Da schwätze mer nach iwwert de Site www.haveibeenpwned.com, do kann ee seng Mail-Adress aginn, a kucken ob déi eegen Email-Adress an engem Dateleck virkomm ass a wat an esou Fäll gemaach ka ginn, fir dat an Zukunft ze evitéieren.“ Konkret heescht dat, dass déi perséinlech Donnéeën – dat kënnen nieft dem Numm och d‘Social-Media-Accounts, Passwierder oder souguer d’Telefonsnummer sinn – opgegraff an am Dark Web weiderverkaf kënne ginn.
Luxtrust ass e weidere grousse Sujet, een, fir deen déi meeschte Leit sech souwisou bei GoldenMe mellen, weess d’Anne. „Do si mir och a Kontakt mat de Banken, dass si d’Leit opklären.“ Vu 6 Agencë ass jeeweils eng Persoun ausgebilt ginn an ass prett, de Leit genee ze erklären, wéi Online-Banking geet a wéi si mat der App vun der Bank eens ginn. „Mir mussen d’Banke sensibiliséieren a responsabiliséieren“, erkläert d’GoldenMe-Mataarbechterin weider.
„Grad wann een eventuell méi oft eleng ass, kann een immens vill a beräicherend Saache mam Smartphone a mam Internet maachen.“ – Anne Frausing, GoldenMe
E wichtegen Aspekt, deen nach ëmmer net net mat där néideger Opmierksamkeet a Relevanz traitéiert gëtt, ass d’Verantwortung, déi déi offiziell Institutiounen – zum Beispill de Staat – anhuele sollten. „D’Theorie ass do, mee wat mir brauche si reegelméisseg Workshops, fir gemeinsam mat de Leit déi eenzel Fäll ze simuléieren“, erklären déi zwou Interviewpartnerinnen.
Si kommen zeréck op d‘Konferenz am Juni, respektiv wat den Outcome vun dëser wäert sinn. „Et handelt sech an enger éischter Phas ëm eng Info-Konferenz“, ënnersträicht d’Anne. „De Sujet mat senge verschiddene Volete soll spéider an eenzelne Workshops verdéift ginn. Rezent hate mer sou en Atelier iwwer kënschtlech Intelligenz an hunn divers Froe beschwat: Wat kann alles kënschtlech Intelligenz sinn? Wéi erkennen ech et? Wat si Prompts a wéi benotzen ech se richteg?“ Schlussendlech hu missten zwee zousätzlech Datumer ugebuede gi wéinst der grousser Nofro.
„Fir eise Grupp u Silver Surfers hu mir nächst Woch en iCloud-Training, dee vum Camille, fréieren Informatiker, geleet gëtt“, erkläert d’Anne a kuckt eriwwer. De Camille sëtzt e puer Dëscher weider virum Laptop mat enger anerer Silver Surferin, béid si schonn an de Sujet vu kommender Woch verdéift. „Dann hu mir och nach e Workshop zum Thema Social-Media-Plattformen, Algorithmus an Influencer ugesat. Do hu sech Tonne Leit ugemellt. En aneren Atelier ass ëm d’Mobilitéit gaangen, Google Maps a mobilitéit.lu. Do war den Interessi manner grouss. Et ass mol sou, mol sou.“
D’Liette ass vun allem, wat mat der digitaler Welt ze dinn huet, begeeschtert. Si huet schonn eng Jett Formatioune gemaach a bilt sech nach ëmmer weider. Op d’Fro, ob dat schonn ëmmer sou war, laacht si. „Ech hu mer och Villes selwer bäibruecht.“ Fir d’Liette ass et schonn ëmmer wichteg gewiescht, „net stoen ze bleiwen“. „Ech ginn och net ëmmer mat allem eens, mee genee dowéinst setzen ech mech domat auserneen. A wann ech eemol net eens ginn, ass GoldenMe do, fir ze hëllefen.”
Mat grousser Leidenschaft kläert d’Liette op
D’Liette mécht eng kuerz Paus. „Ech erënnere mech grad un eppes. Eigentlech war ech Deel vun de Senioresécherheetsberoder (SSB), domat huet alles ugefaangen“, erkläert si a fänkt bei deem Gedanken u mat Grinsen. Heibäi handelt et sech ëm ee Grupp Leit, dee sech ganz generell fir d’Sécherheet vun der eelerer Generatioun asetzt. „Mir hunn deemools vill ronderëm den Enkelkand-Trick oder d’Pick-Pockets sensibiliséiert.“ Lues a lues ass d’Nofro fir Online Sécherheet méi grouss ginn, sou dass ee Grupp, elo d’Silver Surfers, sech dorop spezialiséiert huet a vu GoldenMe encadréiert gëtt, wärend d’SSB méi traditionell Sécherheetstheemen ubidden.
Firwat d‘Liette sech an hirer Pensioun esou fir hir Matmënschen asetzt, ass fir d’Silver Surferin ganz einfach ze erklären. „Ech droen dozou bäi, dass d’Leit déi Info, déi fir dee Moment fir si wichteg ass, kréien. Ech hëllefen hinnen net stoen ze bleiwen, mee eens ze ginn. Ech begleede si op engem Wee, dee si manner ofhängeg mécht.“ Fir si ass et wichteg, dass dee ganze Volet vu béide Säite gesi gëtt. „Et sinn net just d’Geforen an d’Risiken, mee och déi gutt Aspekter, déi jidderee fir sech kann erausfilteren. Ech hat lescht Joer eng Formatioun doriwwer gemaach – wéi déi digital Medie benotzt kënne ginn, ouni eng Gefor fir d’Sécherheet duerzestellen. Mir ass et wichteg, de Leit ze weisen, léisungsorientéiert ze schaffen. Mir sollen net just d’No-, mee och d’Virdeeler kucken.“