Vibratiounen, déi ënner d’Haut ginn

Et sinn iwwer 20 Joer hier, dass sech d’Blechbléiser·inne vum renomméierte Royal Concertgebouw Orchestra Amsterdam eng éischte Kéier als eegestännegen Ensembel an den USA presentéiert hunn. An d‘Success Story vun RCO Brass geet weider, ënner anerem de Samschdeg, de 16. Mäerz 2024 mat engem Optrëtt am Artikuss zu Zolwer. Mir hunn am Virfeld beim Trombonist Jörgen van Rijen de Bols gefillt.

„Déi éischt Kéier war ech mengen ech am Alter vu 4 oder 5 Joer zu Lëtzebuerg, an der Vakanz. A spéider dunn als Erwuessenen dacks fir Concerten ze spillen. Ech hat bestëmmt schonn 20 Optrëtter hei, wann net esouguer méi“, sou de Jörgen van Rijen. Hien ass net nëmme beim Royal Concertgebouw Orchestra Amsterdam zanter Joerzéngten ee vun de wichtege Pilieren, mee setzt sech duerch vill aner Projeten als reegelrechten Ambassadeur dofir an, dass säin Instrument – d’Trombone – an Evidenz gesat gëtt. „Ech perséinlech sinn immens frou, op e puer Hochzäiten danzen ze kënnen. Dat grousst Orchester an och RCO Brass maache mer immens vill Spaass. Mee ech spillen och gär als Solist. Wat mäi perséinleche Wee als Museker ugeet, sou hoffen ech ëmmer méi Komponisten ze iwwerzeegen, sech mat der Trombone ze beschäftegen an de Repertoire ze erweideren, sou wéi bei den Trombone Concertoen, déi extra fir mech geschriwwe goufen.“

Vun Taiwan bis Dallas huet de Jörgen scho bei ville renomméierten Orchesteren an Ensembelen als Solist matgewierkt, virun zwee Joer och beim Orchestre Philharmonique du Luxembourg. Bei RCO Brass gëtt et awer eng ganz besonnesch Harmonie, déi organesch gewuess ass. 2003, wéi de grousse Symphonieorchester vun Amsterdam seng US-Tour ofgesot hat, waren d’Blechbléiser·inne vum Royal Concertgebouw Orchestra op Invitatioun eleng eriwwer geflunn, fir Concerten a Masterclasses ze ginn. Et war d’Gebuertsstonn vun RCO Brass. „Ech denken, dass jiddereen dovu profitéiert. An engem groussen Orchester hues de net ëmmer d’Méiglechkeet, un allen Detailer ze feilen. No 3-4 Prouwe muss alles prett sinn, dofir muss et séier goen. An eisem Brass Ensemble huele mer eis Zäit fir d’Feinheeten. Mir wuessen domat an engems als Unitéit zesummen, wouvun de groussen Orchester herno erëm profitéiert“, erkläert de Jörgen van Rijen. RCO Brass ass och e Katalysator fir nei Arrangementer vu klasseschen a moderne Meeschterwierker, déi zum Deel extra fir si geschriwwe ginn a wouvunner de ganze Mikrokosmos vun de Blechblosinstrumenter profitéiert. Si weisen, wéi villsäiteg Blosmusek ka sinn.

De Jörgen huet, wéi déi meescht Museker·inne vu sengem Kaliber, als klenge Bouf an engem lokale Blosorchester ugefaangen. Seng Heemechtsstad Dordrecht läit direkt bei Rotterdam, wou et hien als jonken Teenager dunn an de Conservatoire hi verschloen huet. Do konnt hien sech no e puer Joer an enger Auditioun fir de Rotterdams Philharmonisch Orkest duerchsetzen, a knapps en halleft Joer drop, 1997, stoung d’Dir op fir eng Plaz beim Royal Concertgebouw Orchestra Amsterdam, wat bis haut säin Doheem als Museker ass. „Musek ass eppes, dat ee léiere muss ze appreciéieren, sou dass een erkennt, wat Komplexitéit a Virtuositéit wierklech ass. Dee Léierprozess ass hautdesdaags a Gefor, a mir mussen dogéint ukämpfen“, gëtt den Trombonist ze bedenken. „An eiser Konsumgesellschaft muss alles séier goen. Et ass méi einfach a séier Netflix ze verstoe wéi klassesch Musek. Besonnesch jonk Leit sollen awer wëssen, dass d’Belounung bei verschiddene Saachen ebe seng Zäit brauch.“ De Problem wier virun allem, Jonker op e Concert ze kréien. Wa se bis do wieren, géifen se Interessi fir d’Instrumenter an d’Musek weisen. Den Automatismus, mat der Musek op déi Manéier a Kontakt ze kommen, misst erëm stimuléiert ginn.

„Ech hoffen, ëmmer méi Komponisten ze iwwerzeegen, sech mat der Trombone ze beschäftegen an de Repertoire ze erweideren.“ – Jörgen van Rijen

RCO Brass dréit mat sengem ofwiesslungsräiche Programm säin Deel dozou bäi. „Am Public hu mer meeschtens e Mix aus avertéierte Museksfrënn a Leit, déi sech net esou mat Blechblosinstrumenter auskennen. Mir weisen dofir gär eng breet musikalesch Pallett. Eiser Background ass dee vum klassesche Symphonieorchester, an dovu fléisst bei RCO Brass och en Deel an de Programm an“, präziséiert de Jörgen van Rijen. „Mir presentéiere Barockmusek vu Rameau a Lotti, dann awer och nei arrangéiert Kompositioune vu Bartók an Albéniz, fir just déi ze nennen. D’Haaptthema vun eisem Programm ass u sech Danzmusek, oder komm mir soen: Folk Musek, a säin Afloss op alles vu méi liichter Musek bis bei d‘Klassik. Um Enn spille mir dann eng Suite aus María de Buenos Aires vum Astor Piazzolla, an halen op mat Gershwin.“

D’Tango-Suite um Enn vum Programm, déi op Youtube 1,5 Millioune mol gekuckt gouf, ass ëmmer erëm op en Neits den Highlight fir de Public, a wann een esou wëll den Hit vun RCO Brass. Et gëtt awer och zwee Stécker vu Couperin a Lotti, bei deenen nëmmen Trombonnen ze héiere sinn. „Eng vun de schéinste Saachen, déi s de mat enger Trombone kanns spillen, ass eng Chorale. Mee ech spillen natierlech genee esou gär am Grupp mat Trompett, Cor an Tuba. Mir wiesselen of: mol spille mir Saachen all zesummen, mol just e puer vun eis. Am ustrengendste sinn d’Concerte fir d’Museker, déi di héich Noute spille mussen, zum Beispill d’Trompettisten. Dat ass e richtegen Challenge. Mir mussen also gutt preparéiert sinn an d’Lëpse musse sou munches aushalen.“

De 16. Mäerz 2024 bréngt RCO Brass en 90-Minutte-Programm mat an den Artikuss, dee sech gewäsch huet. A vläit motivéiert de reduzéierten Entréespräis fir Student·inne jo och de jonke Public, sech vun der Virtuositéit op Weltklassniveau vun dësem Blechblosensemble verzauberen ze loossen.

You don't have permission to register