„Bei iech klappt alles!“

Nom Rebranding um Ufank vum Joer hëlt den Artikuss lues awer sécher Ulaf fir d’Jubiläumsjoer 2024. Virum Season Opening mat der Lëtzebuerger Militärmusek de 17. September ware mir d’Ekipp besichen, déi dëser kultureller Ariichtung Dag fir Dag Liewen anhaucht. E ganz perséinleche Réck- an Ausbléck.

Dem Dany Niesen seng Ae fonkelen. Hie muss net laang iwwerleeën, wann een hie freet, wat den Artikuss auszeechent: „Et ass kee Centre culturel, deen heiansdo fir Concerte genotzt gëtt, sou wéi et an anere Gemengen dacks de Fall ass. De Sall gouf vun Ufank un als Plaz fir professionell Live-Musek a Spektakele geplangt, an ass a senger Gréisst a Qualitéit eemoleg an eiser Géigend.“ Et war deemno déi richteg Ulafplaz fir de jonken Techniker, dee kuerz virdrun eng Tëschenetapp bei der WSA ageluecht hat, fir schlussendlech awer ze mierken, datt d’Musekswelt hie bei wäitem méi passionéiert. Den Dany schafft eréischt e puer Méint am Artikuss, mee säi Wee am Liewe war fréi virgezeechent. Fir Frënn a Famill huet hie schonn als Kand ëmmer den Techniker gespillt, wann ee gebraucht gouf.

Beim Patrick Steichen huet d’Experimentéieren an déi Richtung als jonken Teenager ugefaangen. Och haut nach bastelt hie mat Leidenschaft un High-End Lautsprecher a Verstäerkeren, wann e mol eng fräi Minutt huet. Säi berufflecht Liewe war, wéi bei deenen aneren och, duerch d’Welt vum Evenementiel gepräägt, woubäi sech duerch seng Aarbecht am Theaterberäich mat der Zäit de Schwéierpunkt Luuchten erausgeschielt huet. Hie war am Artikuss de Mann vun der éischter Stonn. Schonn éier de Sall am September 2014 offiziell opgoung an hien als Techniker ugefaangen huet, war hie Portier, an huet d’Gebuert hautno materlieft. „Et gouf natierlech iwwer d’Joren experimentéiert, wat d’Programmatioun ugeet. Mee den Artikuss huet elo säi Wee fonnt“, stellt de Luuchtemann fest, deen awer net nëmmen dat mécht. Genee wéi de Sall muss och d’Ekipp hannendru flexibel sinn a bleiwen. De Patrick suergt allgemeng fir den Entretien an neit Material, a probéiert d’Vulleperspektiv ze behalen, fir de Sall sou funktionell wéi méiglech ze gestalten an de Maximum erauszehuelen.

Patrick Steichen an Dany Niesen

Wann een nom Expert a puncto Toun freet, weist jiddereen ouni ze zécken op de Pol Milbert. Hie koum viru bal 5 Joer an den Artikuss. „Nom Informatikstudium a Frankräich war fir mech kloer: ech wëll ni Informatiker ginn“, geckst de Pol. Gutt, datt hie schonn als Student dohanne sengem Hobby konnt nogoen. „Ech hunn zu Montpellier an engem Tounstudio geschafft a vill vu Profie geléiert. Et war learning by doing.“ Am One World Studio, deen hien duerno hei zu Lëtzebuerg vum Klaus Gehlhaar iwwerholl hat, hu sech am Laf vun de Joren déi bekannt Nimm aus der lokaler Musek d’Klensch an de Grapp ginn. De Pol huet sech net nëmmen hannert dem Mëschpult, mee och op der Bün wuelgefillt, als Museker. „Ech hu mat 7 Joer ugefaange Piano ze spillen, an duerno: éischte Präis, Harmonie, Jazz… an ech hu vill Danzmusek a mengem Liewe gespillt, dacks eleng, wou ech Keyboard a Gittar gespillt an dobäi gesongen hunn. Mee ech muss éierlech soen, iergendwann huet een es sat, an da gëtt een dat fräiwëlleg op.“

„Mir hunn de Virdeel, datt mir alleguer Teamplayere sinn an de Fräiraum hunn, fir eis géigesäiteg kreativ weider ze bréngen.“ – Dany Niesen

Egal wat hannert de Kulisse geschitt: the show must go on, do sinn sech d’Techniker eens. Och wann en Apparat grad zum falsche Moment de Geescht opgëtt, muss eng Léisung fonnt ginn. Imprevue gehéieren zum Geschäft. „Déi meescht Nerve kaschte grouss Produktiounen“, seet d’Susanne Egert, déi administrativ Directrice vum Artikuss. „Du hoffs ëmmer, datt déi 2-3 Deeg virum Event alles bleift wéi geplangt. Mir hate rezent erëm zwou Produktiounen, bei deenen déi Deeg virdrun nach Auerzäite geännert hunn an Ëmbuchungen hu misste gemaach ginn. Et muss een trotzdeem professionell bleiwen. Ech fannen et wichteg, bei de Kënschtler, egal ob renomméiert oder net, e gudden Androck ze hannerloossen. Fir den Artikuss, an och fir Lëtzebuerg.“

Dat organisatorescht Talent bréngt d’Susanne aus sengem fréiere beruffleche Liewe mat. No Etuden an der Hotelsschoul, gouf et bei him vum Hotelsbetrib iwwer d’Croisièresgeschäft bis bei de Cateringbusiness vill national an international Etappen, ier mat der Pandemie den Déclic koum, sech eng nei Aufgab ze sichen. „Wéi ech virun zwee Joer am Artikuss ugefaangen hunn, hunn ech séier gemierkt, datt et vill méi ofwiesslungsräich a komplex ass, wéi een dat vu bausse mengt. Op eisem Internetsite gesäit ee jo vill Eventer, déi hei organiséiert ginn. Mee dat ass bei wäitem net alles, well och Kongresser, Reuniounen asw. dozou gehéieren, déi sech net un de grand public riichten.“

Susanne Egert

Manuel Ribeiro

De selwechte Constat mécht och de Manuel Ribeiro, deen zanter Februar 2022 Direkter vum Artikuss ass. Hie war nach vun enger anerer Saach iwwerrascht: „Ech hat déi administrativ Säit ënnerschat. D’Leit mengen ëmmer, den Artikuss wier ee vun de konventionéierte regionale Kulturzenteren. Mee mir sinn zu 100 % e Gemengesall.“ Sou oder sou steet een awer a gesonder Konkurrenz mat den anere Kulturhaiser. Dem Manuel no ass et dofir wichteg, d’Nischen, déi ee besat huet, nach weider ze verdéiwen. „De Begrëff A cappella muss net restriktiv sinn. Fir mech heescht dat just: d’Stëmm steet am Mëttelpunkt. Vun Jazz bis Pop, egal ob mat oder ouni Band. Eise Concert vum 25. November – A Tribute to Adele – ass e gutt Beispill dofir. Beim Volet Blosmusek muss een sech och net reng op d’Blechbléiser limitéieren, mee et kann een och déi symphonesch Blosmusek mat eranhuelen. Dofir hate mer am Juli d’Garde Républicaine op Besuch.“

Et mierkt ee séier, datt den Direkter Anung huet vun de Feinheeten an der Musek, och wann hien a jonke Joren u sech als Ingenieur bei Arcelor-Mittal an d’Aarbechtswelt erakomm war. De geléierte Klarinettist war laang an der Diddelenger Stadmusek, an huet och e Background an der Kammermusek. Virum Artikuss war hien 13 Joer laang Kulturjournalist um Radio 100,7 mam Schwéierpunkt Klassik an Jazz.

„Ech fannen et wichteg, bei de Kënschtler, egal ob renomméiert oder net, e gudden Androck ze hannerloossen.“ – Susanne Egert

De Spaass um Beruff verbënnt déi fënnef Membere vun der Ekipp. „Artisten oder de Management soen eis meeschtens just, wat si NET wëllen. Fir de Rescht huet ee fräi Hand. Bei grousse Produktiounen, déi speziell Ufuerderungen hunn, ass et natierlech eppes anescht. Mee am grousse Ganze mécht et Spaass, mat de Kënschtler zesummen eppes ze kreéieren“, sou de Patrick Steichen. „Du hues eben och d’Méiglechkeet, mat groussen Artisten ze schaffen“, ergänzt de Pol Milbert. „Ech hunn de Count Basie Orchestra dierfen ofmëschen, well déi keen eegenen Tounmann matbruecht haten. En aneren Event, deen och hänke bliwwen ass: den Drummer Simon Phillips sot mer direkt no sengem Concert, nach éier e bei de Public gaangen ass – Thank you! That was perfect. Ech hat säi Monitor-Mix gemaach, wat heikel war, well hie mat ganz ville Mikroen op senger Batterie schafft. Dat mécht natierlech méi Spaass wéi just Kabelen opwéckelen.“

Pol Milbert

All Dag ass anescht, an all Event eng nei Erausfuerderung, seet den Dany Niesen. „Ech maache vill Video, an hëllefen do, wou Nout um Mann ass. Wat ech am Artikuss awer enorm schätzen, dat ass datt een Zäit huet. Zäit, fir engem eppes ze weisen. An och Zäit, fir sech eppes weisen ze loossen. Am Privatsecteur ass ëmmer alles op séier getrimmt. Mir hunn de Virdeel, datt mir alleguer Teamplayere sinn an de Fräiraum hunn, fir eis géigesäiteg kreativ weider ze bréngen.“ Fir d’Susanne Egert ass d’Renommée eng vun de Prioritéiten. „Ech wënsche mer, datt den Artikuss weider Leit aus dem ganze Land an och aus dem Ausland unzitt, an datt mer un déi ganz gutt lescht Saison kënnen uknäppen.“ De Manuel Ribeiro wëll eventuell a Richtung Theater nach nei Saachen ausprobéieren. D’Léift zum Detail soll bleiwen: „Et gëtt eng Remark, déi mir praktesch vun allen Artisten ze héiere kréien: Bei iech klappt alles! Mir ginn net nëmme fir d’Technik gelueft, wou ëmmer fir alles eng Léisung fonnt gëtt. Mee den anstännegen Accueil gëtt immens appreciéiert.“ No engem Besuch bei der klenger, sympathescher Ekipp versteet een, firwat.

 

„Coups de coeur“ Musek vun der Artikuss Crew

Susanne Egert : Taylor Swift ft. Bon Iver – Exile
Pol Milbert : Al Di Meola, John McLaughlin, Paco De Lucia – Friday Night In San Francisco
Dany Niesen : Eagles – Hotel California
Manuel Ribeiro : Dream Theater – Octavarium
Patrick Steichen : Sara K – Hell Or High Water

 

 

You don't have permission to register