Zwou Gemengen, eng Geschicht

Am Häerz vun Europa, wou Grenzen sech iwwerkräizen a Kulturen openeentreffen, gëtt et eng eenzegaarteg an historesch Verbindung: d’Partnerschaft tëscht der Gemeng Suessem zu Lëtzebuerg an der Gemeng Chauffailles a Frankräich. Dëse Bond, deen iwwer Jore geknäppt an duerch gemeinsam Erausfuerderunge gestäerkt gouf, huet viru kuerzem e Revival erlieft. Dëst gouf duerch de Besuch vun enger franséischer Delegatioun an eiser Gemeng markéiert, ugefouert vun der Buergermeeschtesch vu Chauffailles, Stéphanie Dumoulin, a vum Gemengerot a Jumelagebeoptragte Roland Labrosse.

Wéi si den 11. November 2023 owes op der Gemeng zu Bieles ukomm sinn, waren d’Chauffaillonnes a Chauffaillons – wéi se léif genannt ginn – voller Virwëtz. „Et war eis éischt Visitt bei Iech,“ erënnert sech Stéphanie Dumoulin, a laacht beim Gedanken un hir ufänglech Confusioun vis-à-vis vun der Struktur vun der lëtzebuergescher Gemeng. „Mir hunn d’Differenz tëscht der Gemeng Suessem, der Uertschaft Suessem, dem Belval a Bieles net verstanen. Mee den Empfang war ganz häerzlech.“

D’Geschicht vum Renouveau vum Jumelage huet 2022 ugefaange mat engem Besuch vum Schäffe Mike Lorang an dem Gemengerot Marco Goelhausen a Frankräich. D’Retourkutsch gouf et dëst Joer duerch de Besuch vun eise franséische Frënn. Wéinst politeschen Differenze war d’Partnerschaft wärend ongeféier zwanzeg Joer agefruer. Déi aktuell Efforte markéieren en „neit Kapitel fir béid Gemengen,“ ënnersträicht d’Stéphanie Dumoulin.

Si betount, datt d’Erënnerunge vun de Bierger·inne vu béide Gemenge weisen, dass de Jumelage en déifgräifende kulturellen an edukativen Impakt hat an huet: „Vill Awunner·inne bei eis hunn iwwer d’Jore Leit vu Suessem opgeholl oder sinn op Suessem op Besuch gaangen, besonnesch wärend Schoulaustauschprogrammer oder Visitte vu Clibb. Mir däerfen net vergiessen, datt d’Partnerschaft op historesche Fakte berout: D’Invasioun vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich an den Exil vun de Lëtzebuerger·innen. Dësen Austausch huet eng permanent Spuer an der kollektiver Erënnerung vun de Leit vu Chauffailles a Suessem hannerlooss.“

„Et ass wichteg, un der Frëndschaft tëscht de Vëlker fir eis zukünfteg Generatiounen ze schaffen.“ – Stéphanie Dumoulin

D’Visitt vun der Delegatioun vu Chauffailles vum 11. bis 13. November 2023 war esou organiséiert, dass d’Visiteur·eus·en eng Iddi vun der Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft vun der Gemeng Sanem kritt hunn. Et gouf och e Stopp um Belval gemaach. „Ze gesinn, wéi en alen Héichuewen zu engem liewege Quartier ginn ass, inspiréiert ee schonn,“ staunt de Roland Labrosse. „An d’Produktiounsanlag ass komplett intakt bliwwen, super renovéiert, mat all de Schmelzausgäng an de Gosskanäl, asw. Dat huet eis gewisen, wéi Geschicht a Modernitéit kënne coexistéieren.“ De Gemengerot huet eng gewëss Familiaritéit mat Lëtzebuerg, well säi Bouf wunnt hei. Déi vill Facettë vun der Gemeng Suessem waren awer eppes ganz neies fir hien. Dat ëmfaasst och e kuerze Besuch um Wanterfeeling – enger Kombinatioun aus Chrëschtmaart an Erliefniswelt mat Spektakelen – beim Suessemer Schlass, an e Bléck an d’Gemengenarchiven, wou de geschichtsträchtege Jumelage akribesch dokumentéiert ass.

„An alen Dossieren, historeschen Dokumenter a Fotoen ze bliederen, déi d’Geschicht vun der Partnerschaft erzielen, dat war wéi eng Zäitreess an huet eis verzaubert,“ seet de Roland Labrosse, an huet wëlles, dës Erënnerunge mat de Leit vu Chauffailles ze deelen. D’Stéphanie Dumoulin ergänzt: „Ech mengen, bei der aktueller Weltlag mat Konflikter virun eiser Dier ass et wichteg, un der Frëndschaft tëscht de Vëlker fir eis zukünfteg Generatiounen ze schaffen.“ Et eent eis méi, wéi eis trennt. D’Buergermeeschtesch gesäit keng kloer kulturell Grenzen. „Den architektonesche Patrimoine ass natierlech verschidden. Ënnerscheeder gesinn ech eventuell bei Gebailechkeeten,“ seet si, a bezitt sech op dat méi strukturéiert Erscheinungsbild vu Bieles, am Verglach mam franséische Städtebau. „Wat Mentalitéit a Liewensweis ugeet, sinn mir ganz ähnlech.“

„Ze gesinn, wéi en alen Héichuewen zu engem liewege Quartier ginn ass, inspiréiert ee schonn.“ – Roland Labrosse

Zu Chauffailles, am südlechen Eck vum Departement Saône-et-Loire geleeën, an der grénger Landschaft vu Bourgogne-Franche-Comté, lieft eng Gemeinschaft vun 3.700 Awunner. „D’Wiewerei war d’Séil vu Chauffailles. Mee et ass eng Stad, déi sech mat der Zäit weiderentwéckelt huet,“ erkläert d’Buergermeeschtesch, a schwätzt vun der industrieller Vergaangenheet vun der hiwweleger Gemeng, no bei de Bierger. „Awer eist Ierwen ass och de Räichtum am Buedem, eis Bourgogne Wäiner, de Beaujolais, an d’Charolais Fleesch. Mir si schlisslech Fransousen.“ Béid Partnergemengen deelen d’Eegenschaft, e Schlass ze hunn. De Roland Labrosse gëtt zou: „Et ass sécherlech net Versailles. Mee zënter eiser Iwwernam vun der Gemengeverwaltung hu mir ugefaangen, seriö a konsequent ze renovéieren.“ Hie betount d’Ausmooss vun den Aarbechten, déi zu engem kompletten touristesche Komplex féieren, inklusiv Camping, Schwämm a Park. Dëse Projet, mat Spillplaze fir Kanner a Sportinfrastrukturen, soll dat nächst Joer fäerdeg ginn, a weist déi ambitiéis Ëmwandlung vum Site an e multifunktionnellen Espace.

Roland Labrosse

Fir d’Partnerschaft nees ze beliewen, huet d’Stéphanie Dumoulin d’Schafe vun engem Jumelagecomité ugekënnegt. Et ginn och scho konkret Projeten, wéi eng grouss Vëlosmanifestatioun am Juli 2024, erkläert de Roland Labrosse: „Si wäert tëscht 50 an 100 Kilometer ronderëm Chauffailles stattfannen, a mir wäerten eng Etappestad sinn. Mir stinn a Kontakt mat Leit, déi mir bei Iech kennegeléiert hunn, ënner anerem engem Vëloclub, deen interesséiert ass, matzemaachen.“ Fir Suessem a Chauffailles ass d’Treffe vum November 2023 méi wéi just eng diplomatesch Visitt. Et ass net de Schluss vun engem Kapitel, mee den Ufank vun enger schéiner gemeinsamer Aventure.

 

Weider Informatiounen

https://www.chauffailles.fr/

 

You don't have permission to register