Opwuessen ouni Damp

D’Fondation Cancer an d’Gemeng Suessem hunn eng strategesch Allianz gebilt, déi den 3. Oktober 2023 mat enger Ënnerschrëft konkretiséiert gouf. Et geet drëms, fir déi ambitiéis Visioun vun enger tubakfräier Generatioun an d’Realitéit ëmzesetzen.

Dës national Initiativ baséiert op enger holistescher Approche: Reegelméisseg Erhéijunge vun den Tubakspräisser, e komplett Reklammverbuet fir Tubak, an nach vill aner Moossnamen. D’Zil vum Ofkommes, Suessem bis 2040 zu enger Commune Sans Tabac ze maachen, ass e Kader ze schafen, wou Kanner a Jugendlecher wäit ewech vum schiedlechen Afloss vum Tubakkonsum opwuesse kënnen, wärend d’Zuel vu Fëmmerten an der Bevëlkerung an engems bedeitend reduzéiert gëtt.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, betount, datt sech d’Majoritéit vun der Bevëlkerung, nämlech 72%, scho géint d’Fëmmen entscheet huet. Si ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der lokaler Zesummenaarbecht fir déi gesaten Ziler ze erreechen, a seet: „Wa mir Hand an Hand schaffen, kënne mir eis Efforte bündelen an déi lokal Acteur·rice·n aus verschiddenen Zilgruppen effektiv mobiliséieren. Schrëtt fir Schrëtt komme mir dem luewenswäerten Zil domat méi no.“ Suessem verflicht sech, Net-Fëmmerszonen anzeféieren an iwwert d’Thema ze informéieren. D’Fondation Cancer ënnerstëtzt als Géigeleeschtung d’Siichtbarkeet vun der Initiativ a bitt fachlech Expertise a Beräicher wéi Sensibiliséierung an Erzéiung un.

D’Simone Asselborn-Bintz, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem, ass begeeschtert vun dëser partizipativer Bottom-up-Approche. „Jiddereen, all Veräin oder Club, kann eng aktiv Roll als Multiplicateur·rice spillen. Dat reegt eis och als Gemengeverwaltung un, Léisunge fir Ëmwelt- a Gesondheetsproblemer ze sichen, wéi d’Verschmotzung duerch Zigarettestëmp. Ech sinn houfreg, datt mir scho vill Empfielungen aus dem Accord ëmgesat haten, ier mir en ënnerschriwwen hunn.“ Dat ass och de Grond, firwat d’Gemeng de Bronze Label krut, deen ënner anerem virgesäit, fir d’Fëmmverbuet virun der Haaptentrée vum Gemengegebai duerchzesetzen.

„Wa mir Hand an Hand schaffen, kënne mir eis Efforte bündelen an déi lokal Acteur·rice·n aus verschiddenen Zilgruppen effektiv mobiliséieren.“ – Lucienne Thommes

Et gi verschidden Niveaue beim Label, all mat méi strikte Krittären. Bronze ëmfaasst d’Ernennung vun engem Verantwortlechen an d’Aféiere vun Anti-Tubaksmoossnamen op Haaptplazen, ewéi de Gemengegebaier. De Sëlwer Label setzt viraus, d’Problematik bei lokal Evenementer an d’Spill ze bréngen a Veräiner a Sportsclubben ze mobiliséieren. De Gold Label erweidert dëst op Busarrêten an aner ëffentlech Plazen, a gesäit vir, Konsultatiounen unzebidden, fir déi Leit, déi mam Fëmme wëllen ophalen.

D’Buergermeeschtesch erkläert: „Eist Zil ass net, de Fëmmerten d’Fëmmen ze verbidden, mee éischter Net-Fëmmerten a vulnerabel Persoune virun den Effekter vum Damp ze schützen.“ Suessem hofft domat e Virbild fir aner Gemengen ze ginn, an de Wee a méi eng gesond Zukunft ze weisen.

 

Weider Informatiounen

www.generationsanstabac.lu/

 

You don't have permission to register