Wéi eng Methode gëtt et, fir seng mental Gesondheet ze fleegen? Am November 2023 war en Expert op Besuch an der Gemeng Suessem, deen e puer gutt Rotschléi am Gepäck hat.

Wie kennt dës Situatioun net och? Op der Aarbecht schafft een ënner Héichdrock un engem Projet, deen am beschte virgëschter hätt solle fäerdeg sinn. Den Telefon schellt gefillt all 2 Minutten. Dotëscht kënnt nach en·g Aarbechtskolleeg·in eppes an de Büro froen. Doheem geet et weider. Hond, Kaz a Kanner waarde fir nach entertaint ze ginn. D’Iesse muss awer och nach gemaach ginn, de Stot mécht sech net vun Zauberhand, an dann alles a jidderee bettprett maachen. Schonn eleng dës Opzielung kléngt stresseg.

Ville Leit geet et änlech. Esou war et net verwonnerlech, dass d’Amitiés Françaises de la Commune de Sanem an de Service à l’Égalité des chances et Diversité vun der Gemeng Suessem sech de Mëttwoch, de 15. November 2023 iwwert e volle Festsall gefreet hunn. De Sacha Bachim, diploméierte Psycholog a Fachberoder fir Gesondheetsfërderung a Suchtpräventioun vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) huet eng gutt gefëllte Geschierkëscht mat Tipps an Tricks matbruecht, fir méi resilient ze ginn. An zwar op der Basis vu sengem Spiegel-Bestseller Therapie To Go .

„Et gëtt keng Gesondheet ouni psychesch Gesondheet. Fir gesond ze sinn an et ze bleiwen, ass et also wichteg, och déi psychesch Gesondheet ze fleegen.“ – Sacha Bachim

„Resilienz ass eng Eegenschaft, déi et Mënschen erméiglecht, gutt mat erausfuerderende Situatiounen ëmzegoen a gesond ze bleiwen“, esou de Sacha Bachim. Dëst betrëfft déi Erwuessen, ma awer och eis Kanner. „Mir kënnen als Gesellschaft, als Gemeng oder als Famill dozou bäidroen, dass eis Kanner ënner Konditiounen opwuessen, déi et hinnen erlaben, eng gutt Resilienz ze entwéckelen. Jidderee vun eis kann awer och dozou bäidroen, fir seng eege Resilienz preventiv ze stäerken an ze fleegen“, erkläert eis de Psycholog a Fachberoder vum CNAPA. Et ass änlech wéi beim Zännwäschen, wat mir deeglech maachen, fir eis viru Karies ze schützen. Et kann een och deeglech eppes maache fir déi mental Gesondheet.

Sacha Bachim

1. Kognitiv Verhalenstherapie

Eng méiglech Method ass hei d’kognitiv Verhalenstherapie. Laut dem Sacha Bachim ass dës Method mat enger Këscht ze vergläichen, déi engem vill Handwierksgeschier proposéiert. Dëst huet sech an der Behandlung vu psychesche Krankheete schonn dacks als wierksam erwisen. De Sacha Bachim schwätzt vun engem 4 Faktore-Modell, deen d’Gedanken, d’Gefiller, de Kierper an d’Verhalen ëmfaasst. Dës Method ka besonnesch hëllefen am Fall vu Panik- an Angschtstéierungen, mee och bei Zwangserkrankungen. Mir roden iech hei un, fir mat enger professioneller Persoun aus dem Gesondheetswiesen ze schwätzen, sief et engem·er Doktesch, engem·er Psycholog·in, engem·er Psychotherapeut·in oder engem·er Psychiater.

2. Erreechbar Ziler setzen

Eist Liewe ka beaflosst ginn duerch d’Ziler, déi mir eis setzen. Kënne mir dës Ziler erreechen oder ass et quasi onméiglech? Et dauert net méi all ze laang, a pünktlech fir dat neit Joer, huele sech vill Leit Virsätz. Wa mir eis eppes Neies wëlle virhuelen, wier et net schlecht, sech fir d’éischt emol Gedanken ze maachen, wat eisen Ausgangspunkt ass. Wat mécht eis elo scho glécklech a frou? De Sacha Bachim geet a sengem Buch Therapie To Go op e puer Techniken an, déi dir noliese kënnt, wéi beispillsweis d’Technik 4, mam Titel Die Wunderfrage.

3. Verhale veränneren erfuerdert ufanks en Effort

Am Kontext vum neie Joer wëlle mir och dacks eist eegent Verhale veränneren. Dëst ass alles anescht wéi einfach, zemools wann een iwwer Joren eng aner Routine hat. Wëll een e méi gesond Verhalen adaptéieren, wéi beispillsweis mam Sport ufänken oder mam fëmmen ophalen, erfuerdert dat ufanks méi e groussen Effort. „Wichteg ass et hei, déi nei Gewunnecht deeglech wärend 3 Méint bewosst ëmzesetzen“, esou de Sacha Bachim. Lues a lues wäert et engem da méi einfach falen, dat neit Verhalen ze adaptéieren.

4. Musse vs. wëllen

Si mir am Fall, fir eis nei Ziler oder e verbessert Verhale wëllen ze setzen oder ze adaptéieren, esou ass et och virdeelhaft, dës fir eis mental Gesondheet richteg ze formuléieren. Et gëtt tatsächlech Ënnerscheeder, déi net nëmme grammatikalesch tëscht de Verbe mussen a wëlle leien, mee och psychesch gesi spillt d’Formulatioun hei eng gewësse Roll. Soe mir eis vill Ech muss nach…, esou gëtt dat gär mat Zwang, negative Konsequenzen a Stress am Kapp associéiert. De Saz Ech wëll nach… gëtt an eisem System éischter mam Wonsch eppes ze maachen oder ze erreeche verlinkt. Hei ass et positiv, well mir dat aus fräie Stécker ëmsetze wëllen.

„Tatsächlech kënne mir vill vun dëse Methode preventiv notzen, fir dass et guer net eréischt esou wäit kënnt, dass eis Gesondheet leide muss.“ – Sacha Bachim

 

5. Entspanung an den Alldag abauen

Eppes wat mir eis dacks virhuelen, an awer net maachen, ass sech am Alldag kleng Pausen ze gënnen, fir sech ze entspanen. Dat war d’Drëps, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet ass eng gängeg Expressioun, déi gären och an dësem Fall bildlech geholl ka ginn. Mir hunn all eng Grondtensioun an eis, déi dat sougenanntent Faass scho méi oder wéineger fëllt. Dozou kommen dann déi kleng Mikrostressfacteuren, wéi beispillsweis d’Kanner, déi moies träntelen an sech net fäerdeg maache wëllen, d’rout Luuchte fir op d’Aarbecht ze fueren, asw. Et kënne sech awer och gréisser Stressfaktoren dobäi gesellen, wéi beispillsweis, dass een Angscht ëm seng Aarbechtsplaz huet oder dass eng nostoend Persoun schwéier krank ass. D’Faass leeft hei méi séier iwwer bei Leit, deenen hir Grondtensioun scho méi héich ass. Wat kann een also maache fir dës Grondtensioun méi niddereg ze halen?

Am Sacha Bachim sengem Buch Therapie To Go kënnt dir déi verschidden Entspanungstechniken noliesen. Eng dovunner konnten eis Participanten an eiser Konferenz direkt matmaachen. Den diploméierte Psycholog huet hei de ganze Sall gedoen anzeootmen, dann e puer Sekonnen d’Loft ze halen, an da méi laang auszeootmen. A Stressmomenter ass eis Ootmung méi séier, well de Kierper alertéiert ass. Beim bewossten an- an ausootme kënne mir eisem Kierper vermëttelen, dass keng Gefor besteet an dass en an engem méi rouegen Zoustand ka bleiwen. Natierlech ass hei déi genee Technik vu Persoun zu Persoun liicht ënnerschiddlech.

6. Sech professionell Hëllef huelen

Och wann ee scho vill preventiv ka maachen, fir dass ee mental gestäerkt ass, ass et ni verkéiert, sech professionell Hëllef ze sichen. De Sacha Bachim huet säi Virtrag mat engem leschte Rot ofgeschloss: „Wann ee mierkt, dass et engem selwer oder och enger anerer Persoun net gutt geet, well d’Stëmmung sech verschlechtert huet, een net méi vill Freed u Saachen empfënnt, déi fréier Freed gemaach hunn, een ënner Ängschten, Suergen oder Schlofproblemer leit, oder e schiedleche Konsum vun Alkohol, Tubak oder anere Substanzen entwéckelt huet, da sollt ee reagéieren an net zécken, fir sech professionell Hëllef sichen ze goen. E gudden éischte Schrëtt kann et sinn, fir mat sengem·er Hausdokter·esch doriwwer ze schwätzen.“

 

Ulafstellen

  • Är·en Hausdokter·esch
  • Psychotherapeuten
  • Psychologesch Berodungsplazen
  • Psychiater
  • Psychosomatesch Fachklinik
  • Selbsthëllefsgrupp

 

Weider Informatiounen

http://cnapa.lu/fr/

 

Mental Gesondheet an eiser Gemeng

D’Gemeng Suessem organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Ligue zweemol am Joer eng Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet, déi jeeweils no der Ouschtervakanz, respektiv am Oktober stattfënnt. Kuckt nom Flyer an der Boîte, respektiv no der Annonce op eise sozialen Netzwierker. D’Zil vun der Formatioun ass:

  • Sensibilisatioun op déi verschidden Aspekter vun der mentaler Gesondheet
  • Wéi reagéieren a wéi agéiere fir engem ze hëllefen?
  • Ab wéini a bis wouhinner kann ee goen, fir enger Persoun ze hëllefen?

Fir weider Informatiounen zu dëser Formatioun kënnt dir gären de Service à l’Égalité des chances et Diversité kontaktéiere per Mail op service.secd@suessem.lu oder per Telefon um 59 30 75 501.

You don't have permission to register