De Karate am Mëttelpunkt mam Karate Club Suessem

Disziplin, Konzentratioun, Respekt an de Wëllen, iwwer sech selwer erauszewuessen: Karate ass vill méi wéi eng Kampfsportaart. Et ass eng Aktivitéit, bei där ee seng kierperlech a geeschteg Fäegkeete stäerke kann, wärend ee sech selwer besser kenneléiert a sech a sengem eegenen Tempo weiderentwéckelt.

Fir eisen neie Video hu mir de Karate Club Suessem besicht, fir méi iwwer d’Welt, d’Passioun an den Engagement vum Karate gewuer ze ginn. Egal ob Ufänger·in oder erfuerene Karateka, Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen: Hei fënnt jidderee seng Plaz an déi eege Progrèsen zesummen mam Club feieren.

Loscht, mat Karate unzefänken? De Club bitt e puer Traininger pro Woch un, déi un déi verschidden Altersgruppen an Niveauen ugepasst sinn:

Trainingszäiten

Méindeg

18.00–19.30 Auer: ab 10 Joer, all Ceinture
20.00–21.15 Auer: ab 14 Joer an Erwuessener, all Ceinture

Dënschdeg

17.00–18.00 Auer: Kanner vu 7 bis 10 Joer, Ufänger·innen
18.00–19.00 Auer: Kanner vu 7 bis 10 Joer, ab Ceinture orange

Mëttwoch

18.00–19.00 Auer: ab 10 Joer, all Ceinturen
20.00–21.15 Auer: ab 14 Joer an Erwuessener, all Ceinturen

Donneschdeg

17.00–18.00 Auer: Kanner vu 7 bis 10 Joer, Ufänger·innen
18.00–19.00 Auer: Kanner vu 7 bis 10 Joer, ab der Ceinture orange

Samschdeg

10.30–12.00 Auer: Training fir Leit ënner 16 Joer, déi u Kompetitioune deelhuelen

E grousse Merci un de Karate Club Suessem fir de léiwen Empfang an den Abléck an hir Passioun. Kuckt iech de Video un an entdeckt de Club!

You don't have permission to register