Wann de Ball Trampolin spréngt

Roundnet Luxembourg heescht den neie Veräin, dee bei guddem Wieder reegelméisseg am Park um Belval trainéiert. Zu Véier spille se sech e giele Ball am Krees zou, dat ganzt ronderëm en niddregt, ronnt gespaantent Netz, wat un en Trampolin erënnert. Zwee géint zwee versicht ee sech de liichte Ball ze passen an dem·r Géigner·in esou zouzeschéissen, datt deen·déi en net weidergespillt kritt. Dobäi huet ee Spaass, laacht a geckst, an no engem Saz gëtt ee sech frëndschaftlech en High Five. D’Sportaart kënnt aus den USA, wou se éischter Spikeball® genannt gëtt. An Europa allerdéngs versicht een de Sport ënnert dem Numm Roundnet ze etabléieren, erkläert de Kiko, ee vun de Grënner vu Roundnet Luxembourg, an eisem Interview.

Wéi ass de Roundnet Luxembourg entstanen?

Et war e Grupp vun e puer Kolleegen, déi wärend der Covid-19 Kris am Gaart vun engem Frënd zu Suessem ugefaangen huet Roundnet ze spillen. Et hat ee Spaass, et gouf kee Kierperkontakt an et konnt een et zu Véier spillen. Eng vun den eenzege Sportaarten, déi d’Restriktiounen deemools hierginn hunn. Wéi dat schlecht Wieder awer am Wanter opkoum, hu mir eis eng Hal gesicht. Déi nei Hal zu Suessem war du grad opgaangen, an Zack – hu mir e Veräi gegrënnt, fir och bei schlechtem Wieder um Ball ze bleiwen. Esou ass also den éischte Roundnet-Club zu Lëtzebuerg entstanen.

Firwat spillt dir reegelméisseg?

Vun engem Spaass ënner Kolleege gouf e Veräin, deen et mëttlerweil richteg eescht hëlt. Bis an Däitschland op Mainz si mir zesumme fir e Roundnet-Event gereest. Hei hate mir d’Méiglechkeet, géint aner Ekippen unzetrieden a richteg Matcher ze spillen. Speziell bei dëse Matcher ass, datt et keng Schidsriichter ginn, et verlaangt ee Fairplay an Toleranz vun de Spiller. Flott ass och datt, egal op wéi engem Level, jiddwereen dierf op dem selwechten Turnéier spillen. Et ginn zwar verschidde Kategorien, mee trotzdeem spillt een – och wann net géinteneen – alleguer gläichzäiteg.

Kiko

 

Wat ass dat nächst Zil?

No der Weltmeeschterschaft am September 2022 an der Belsch preparéiere mir eis de Moment op d’Europameeschterschaft am September 2024. Um Training spille mir also net nëmme méi Matcher, mee maachen elo och geziilt Übungen, fir d’Muskelen an d’Koordinatioun op e méi héije Level ze dreiwen.

Wou a wéini trainéiert de Veräin?

Den Training ass ab 16 Joer an ass all Sonnden um 18.30 Auer am Park um Belval. Bei schlechtem Wieder trainéiert een zu Suessem an der neier Hal. D’Spiller treffe sech awer heiansdo och mol gären op anere Plazen, fir d’Opmierksamkeet vu potenziell neie Memberen opzegräifen.

Firwat trainéiert dir esou gären am Park um Belval?

Roundnet ass immens flexibel a ka quasi iwwerall gespillt ginn. D’Ekipp spillt awer am léifsten am Park um Belval, well hei net ze vill Beem sinn, e gutt a Stand gehale gëtt a wéinst senger idealer Lag. Roundnet ass e beléifte Sport bei de Studenten an do ass de Park, dee nieft der Uni läit, natierlech immens.

 

Wëlls du Roundnet ausprobéieren oder beim jonke Veräi matwierken?

 

You don't have permission to register