Flow Music Festival 2023

Erlieft nach eemol déi bescht Momenter vum ‘Flow Music Festival’ vum 20. bis den 23. Juli 2023 am Park um Belval.

Weider Informatiounen, esouwéi eng grouss Fotogalerie op www.flowfestival.lu 

Iwwer 4 Deeg huet sech de Site erëm an eng grouss Bün verwandelt, wou ee quasi nieft Spillplazen an enger Skaterpist Musek live erliewe konnt.⁣

Mat dësem Festival solle besonnesch déi jonk Lëtzebuerger Museker·innen eng Plattform gebuede kréien, fir sech dem Public ze presentéieren. An dat och nach an engem eemolege Kader, tëscht Héichiewen an dem Zolwerknapp, wou bei beschtem Wieder eng relax Atmosphär ze fannen ass.⁣

Et goung donneschdes lass mat engem Afterwork, an z.B. den Acts Dj PC, dem Mambo Schinki an der Hunneg-Strëpp. Freides stoung ganz am Zeeche vun elektronescher Musek mat ënner anerem den DJs Packo Gualandris a Miss Nat-H-Lee, The X an Them Lights. Samschdes war d’Richtung éischter Pop/Rock mat ënner anerem EDSUN a Maz. Sonndes, fir ofzeschléissen, ass et eng Nummer méi Alternativ ginn, mat Bands wéi Seed to Tree, Superdrive, Le Vibe an Tuys.⁣

Déi dräi Gewënner·inne vum ‘Open Call’ kruten och d’Méiglechkeet, sech op der Festivalbün ze beweisen: Maehila, Morfaz a Sempervirent.

Mat der Serie “NOISE” sidd dir um Bols vun der Kultur an der Gemeng Suessem.

 

You don't have permission to register