Op der emotionaler Achterbunn

Den A cappella Ensembel ONAIR vu Berlin ass renomméiert fir seng Manéier, de Public gefillsméisseg op eng dräidimensional Rees matzehuelen. Bei hirem Optrëtt am Artikuss de Samschden, 20. Januar 2024 presentéiert déi präisgekréinte Formatioun e Réckbléck op 10 Joer Karriär.

„Best Of, dat bedeit fir eis net nëmmen zeréck ze kucken, mee och ze froen: wat gefält eis elo am Moment? Wat ass eis wichteg, als Message no baussen ze droen?“, seet d’Marta Helmin, déi bei ONAIR heiansdo Sopran, heiansdo Alt séngt. Och wann de Grupp zanter 2013 vu 6 op 4 Membere geschrumpft ass, sou ass d’Léift fir den Detail bestoe bliwwen. „Wat eis auszeechent, a wourobber ech och houfreg sinn, dat sinn d’Präisser, déi ONAIR scho kritt huet. Et weist, dass mir an der A cappella Zeen fir Qualitéit stinn.“ Hir ganz eege Manéier, de Sound ze gestalten, spillt dobäi och eng Roll. Si si keng verklemmte Puristen, mee notzen déi neisten Technik, fir de Klang op den nächste Level ze bréngen. Do, wou et Sënn mécht. „Et gëtt ëmmer en intensiven Austausch mat eisem Touningenieur. Bei verschiddene Stécker huet een d’Gefill, mir wieren zu vill méi op der Bün, wéi et de Fall ass. Mee mir hu genee esou gäer déi kleng an einfach Momenter, ouni Mikro oder Effekter, zum Beispill wa mir ‚Halt Mich‘ vum Herbert Grönemeyer sangen. Wéi an engem Spillzëmmer probéiere mir Verschiddenes aus, fir d’Ouer ëmmer nees ze iwwerraschen. Mir spanen de Bou och vu witzeg bis déifgrënneg.“

De Patrick Oliver ënnersträicht déi Ausso vu senger Kolleegin, a setzt nach een drop. „Wann een eis mat 10 A cappella Gruppen an eng Rei stellt, da si mir warscheinlech déi, déi di gréisste Show presentéiert. Eise Luuchtentechniker konzipéiert fir all Lidd eng eege Lightshow.“ Wéi déi aner ONAIR Memberen och ass de Patrick e studéierte Museker. Hien ass de Bariton, a seng Spezialitéit ass d’Beatbox, déi vun Zäit zu Zäit och als Solo am Programm optaucht. „Mir hunn esouwuel beat- a groove-orientéiert Lidder, wou de Rhythmus d’Fundament ass, wéi och balladesque Stécker, wou mir dann all zesummen de musikalesche Fuedem spannen. An deem Fall muss sech jiddereen un deen aneren upassen. De Solist kritt natierlech seng Plaz, well hien oder hatt de Message iwwermëttelt. Mee mir mussen een op deen anere lauschteren.“

D’Rees geet bei ONAIR vu Reggae bis Techno, vu Katy Perry bis Stevie Wonder. En Highlight ass dobäi ëmmer erëm hir Interpretatioun vum Klassiker “Stairway To Heaven”, mee och beim John Miles sengem “Music” ass d’Héngerhaut garantéiert. „Wann e Lidd eis richteg gutt gefält, dann huele mir et mat an de Programm, an da fanne mir och eng Manéier, fir dass et passt. Et gëtt awer zum Beispill och Lidder, déi extra fir eis geschriwwe goufen an déi mir geüübt hunn, déi et schlussendlech awer net op d’Bün packen“, sou d’Marta Helmin, déi Musical-Erfarung matbréngt. De Patrick Oliver ergänzt: „Mir hunn ëmmer den Usproch, eppes Neies ze kreéieren, och bei bekannte Lidder. Mir hu kee Problem, aus engem brachiale Rockstéck eppes Klassesches ze maachen, oder aus enger Ballad eppes, dat funky ass“. De Virdeel ass, dass 3 vu 4 Membere vun ONAIR Arrangeure sinn.

„Mir spanen de Bou vu witzeg bis déifgrënneg.“ – Marta Helmin

Wat bleift no 10 Joer Karriär hänken? „Mir waren op ville Plazen, déi ech soss ni ze gesi kritt hätt“, gëtt de Patrick zou. „2018 an 2019 ware mir zu Moskau, an et war eng immens Erfarung. Ob ech iergendwann erëm kann dohi goen, weess ech net.“ D’Marta war ënner anerem vun den USA, méi genee vu Chicago begeeschtert. „Mir hate viru Joren och e Concert viru 16.000 Leit zu Taichung am Taiwan. Et war eng super Atmosphär. Mir hunn um Enn ‚Wenn ich ein Vöglein wär‘ gesongen, an als Merci hunn d’Taiwanesen dat Vollekslidd fir eis an hirer Sprooch interpretéiert. Dat war e ganz spezielle Cadeau.“ Vum leschte Passage zu Lëtzebuerg 2022 sinn dem Marta iwwregens déi schéin Zuchgaren am Grand-Duché an Erënnerung bliwwen. Mol kucken, wat nom Optrëtt am Artikuss den 20. Januar 2024 fir en Androck hänke bleift.

You don't have permission to register