Botzaktioun – Josha cleans

Et ass ëmmer rëm e gutt Gefill fir mech, wann ech den Dreck opgeraf hunn an et dono erëm propper ausgesäit.

 

Mat enger eegener Offallsammelaktioun léiere Kanner fréi, Responsabilitéit fir hir Ëmwelt z’iwwerhuelen. E virbildlecht Beispill ass hei den 12 Joer ale Josha vu Suessem. An der Chrëschtvakanz d’lescht Joer huet hien ugefaange beim Suessemer Schlass Offall opzerafen, deen anerer einfach esou an der Natur leie gelooss hunn.

Seng ekologesch Oder kéint hie vu senger Mamm hunn, déi scho säit Joren immens ëmweltbewosst a vegan lieft. Dozou kënnt, datt hie säit September 2021 Schüler am Lycée Ermesinde ass a sech an der Sektioun bzw. Entreprise Nature et Terroirs ageschriwwen huet. D’NatTer këmmert sech an der Enceinte vum Lycée ënnert anerem ëm den Uebst-, Geméis- a Kraidergaart, d’Hecken, Beien, Geessen, Villercher, asw.

Zu hiren Ziler gehéiert et awer och un d’Bewosstsinn z’appelléiere betreffend déi grouss Erausfuerderungen (Verloscht vun der Biodiversitéit, Globaliséierung, Klimawandel, asw.) vun eiser haiteger Gesellschaft. Dës Approche huet seng Verbonnenheet zu der Natur nach zousätzlech verstäerkt, bestätegt dem Josha seng Mamm.

 

Wéi d’Iddi vu senger flotter Eegeninitiativ entstaanen ass, zielt eis de Josha esou: „Ech war an der Vakanz doheem an hat näischt ze dinn. An do hunn ech mir geduecht, datt mir sollten eraus bei d’Suessemer Schlass trëppele goen. Vu datt ech do scho méi oft Dreck ronderëm leie gesinn hunn, hunn ech mir einfach eng Dreckstut matgeholl an alles wat ech am Schlassgaart fonnt hunn, opgeraf an dono an d’Dreckskëscht geheit.“  Säitdeem geet hie bal all Weekend a senger Fräizäit Offall bei d’Schlass sammelen. Dobäi fënnt hien am meeschten eidel Gedrénksbéchsen an Zigarettekëschten.

Ech hunn einfach eng Dreckstut matgeholl an alles, wat ech am Schlassgaart fonnt hunn, opgeraf an dono an d’Dreckskëscht geheit.

Et ass wichteg schonn als Kand e Bewosstsinn fir den Ëmweltschutz an Nohaltegkeet z’entwéckelen, an do mussen d’Erwuessener als gutt Virbild mat engem ëmweltbewosste Verhale virgoen. De Josha a seng Famill sinn heiran e bewonnerenswäert Beispill. Bei eisem Gespréich mam Josha huet een och gemierkt, wéi vill Spaass hien dobäi huet, a gläichzäiteg immens houfreg ass datt hien eppes Sënnvolles bewierkt.

 

You don't have permission to register