No engem Facebook-Post ufangs Dezember 2021 ass alles zimmlech séier gaangen. Knapp dräi Woche méi spéit haten dräi Mini-Schwäin aus dem Saarland en neit Doheem am Matgesfeld zu Bieles. Ma de Gedanken d’Matgesfeld ëm dat eent oder anert Déier ze vergréisseren, ass schonn éischter opkomm, wéi den Natur- an Ëmweltschäffe Steve Gierenz erkläert: „Mir hunn am leschte Summer d’Chance gehat e Bauerenhaff, deen zäitgläich e Bildungszentrum ass, op Hannover kucken ze goen. Schonn do hunn d’Schwäin eis et ugedoe gehat.“

 

 

Nodeems d’Patricia Leineweber, verantwortlech Léierin am Matgesfeld fir e Programm fir nohalteg Entwécklung opzestellen, en Opruff op Facebook gesinn hat, datt 10 Mini-Schwäin urgent aus engem verdreckste Bauerenhaff am Saarland eraus missten, ass d’Organisatioun un d’Rulle komm. Déi néideg Autorisatioune fir d’Déiere sinn ugefrot ginn an d’Ekippe vum Service Technique hunn en Terrain mat Holzdrot zougemaach. Doniewent gouf en Ënnerdaach gebaut an den Transport vun den dräi ausgewuesse Mini-Sai ass organiséiert ginn.

„D’Zesummenaarbecht mat engem Déier huet ee positiven Effet op d’Verhale vu Kanner a Jugendlechen“, erkläert d’Pedagogin Patricia Leineweber. Mat den neie Bewunnerinnen am Matgesfeld huet een also net just den Déieren en neit a proppert Doheem ginn, ma et kann een an noer Zukunft och eng sëllege Kanner frou maachen a mat hinnen e. a. an de Beräicher Verantwortungsbewosstsinn a Selbstwäertgefill schaffen an zäitgläich hir kognitiv a motoresch Fäegkeete stäerken.

Um Enn huet de Mini-Schwäi just nach en Numm gefeelt. D’Schouklassen aus der Gemeng hunn d’Méiglechkeet gehat eng Propos fir déi dräi eranzeginn. Via Voting hunn d’Schwäin d’Nimm ´Dinky, Minky, Pinky´ kritt.

 

You don't have permission to register