Hëllef fir d’Ukrain

De 24. Februar hu mir all mat Schrecke matkrut, datt Russland d’Ukrain aus dräi Himmelsrichtungen ugegraff huet a sech a Richtung Kiew weidermécht. D’Ukrain widdersetzt sech deem mat aller Kraaft. Zanter elo 8 Joer scho sinn déi zwee Länner op Konfrontatiounskurs. Eis a besonnesch den Awunner·innen, deenen hiert Heemechtsland ënner Attack ass, geet dëst immens no. Mir hunn eis mat der Bieleserin Natalia Pavlyk, Grënnerin a Presidentin vun der Ukraïnka asbl aus eiser Gemeng getraff.

Mir gi kleng awer konkret Hëllefen. Esou si mir sécher, datt alles ukënnt, wou et ukomme soll

„Gëschter war déi éischt Nuecht, an der ech emol erëm duerchgeschlof hunn. Duerch de stännege Kontakt mat eise Leit op der Plaz, ass et mir esouguer virkomm, datt ech nuets am Schlof erschreckt waakreg gi sinn, a geduecht hunn ech wier an engem Bunker an der Ukrain. Duerno hunn ech awer gemierkt, datt ech hei zu Lëtzebuerg an a Sécherheet sinn“, erzielt d’Natalia Pavlyk. „Ufanks huet et ‚just‘ den Oste vum Land betraff, mee haut gi vill Stied an der Ukrain bombardéiert. Am schlëmmsten ass d’Bombardement um 4 Auer an der Nuecht“, ergänzt d‘Bieleserin.

2014 huet d’Natalia Pavlyk d’Ukraïnka asbl an d’Liewe geruff fir hirer ukrainescher Heemecht Ënnerstëtzung a Form vu Spenden an néidegem Material ze schécken. Hei schafft d’Associatioun beispillsweis mat Hospilux an dem Service Moyens Accessoires (SMA) vu Lëtzebuerg zesummen. An der Ukrain ginn ënner anerem Kannerheemer, Spideeler, véier paramedezinesch Brigaden, déi aus Dokteren, Infirmieren, Ambulanzen an e puer Autoe bestinn, ënnerstëtzt. Déi dynamesch a sympathesch Presidentin vun dëser Associatioun erkläert: „Mir gi kleng awer konkret Hëllefen. Esou si mir sécher, datt alles ukënnt, wou et ukomme soll.“

Am schlëmmsten ass d’Bombardement um 4 Auer an der Nuecht

Leschte Weekend konnt een an den Noriichte gesinn, datt hei am Land an och am Ausland ganz vill Leit op d’Strooss gaange si fir d’Ukrain z’ënerstëtzen a sech géint Krich auszeschwätzen. Och mir hunn d’Natalia Pavlyk gefrot, wéi mir am Beschte vun hei aus d’Ukrainer·innen ënnerstëtze kënnen.

„Mir hunn e Spendekonto, ob dee jiddweree gäre kann en Don maachen. Déi Sue ginn direkt un d’Leit an der Ukrain iwwerwisen. Well mir a stännegem Kontakt mat eise Leit op der Plaz sinn, gi mir och direkt gewuer, wat am néidegste gebraucht gëtt. All hallef Stonn kann eppes Neies gebraucht ginn“, esou d’Grënnerin vun der Ukraïnka asbl.

 

Hëlleft och Dir an ënnerstëtzt d’Ukraïnka asbl. Kontosnummer: LU63 1111 7034 0154 0000 (Swift-Code: CCPLLULLL).

 

Fir um Lafende gehalen ze ginn, kënnt Dir d’Ukraïnka asbl op Facebook abonéieren oder op hiren Internetsite www.asblukrainka.pp.ua/ kucke goen. Mir wëllen Iech awer och drop hiweisen, datt den Internetsite eventuell net funktionéiert. Um Dag vun eisem Interview gouf festgestallt, datt d’Websäit vu russeschen Hacker blockéiert gouf.

 

 

Am Juni 2021 hate mir d’Natalia Pavlyk schonns am Kader vun eisem ‚Gustoso!‘ besicht an zesumme gekacht >>>

You don't have permission to register