Ukrainesch Vitaminnen

Bis zu 15 Stonnen den Dag an dat fir ëmgerechent 7 Euro, huet d’Natalia Pavlyk an den 1980er Joren an enger Schoul an der Ukrain geschafft. Op der Sich no engem bessere Liewen ass déi dynamesch Fra ufanks den 90er Jore mat 3 Euro am Gepäck op Lëtzebuerg komm. Och wann d’Upassen an d’Sproochbarriär am Ufank net ganz evident waren, esou ass et d’Noperschaft gewiescht, déi hir bei der Integratioun vill gehollef huet. Fir hir gutt Noperen huet si op hirem éischte Chrëschtdag Kränz gebastelt. Dono war d’Äis gebrach, et si reegelméisseg Rezepter ausgetosch ginn a Frëndschafte fir d’Liewen entstanen.

D’Natalia lénks an d’Svitlana riets

De Kontakt zu hirer ukrainescher Heemecht ass awer ni ofgebrach, ganz am Géigendeel. All Dag kritt d’Natalia Messagen aus dem Land um Schwaarze Mier geschéckt, mee leider si bei dësen an de leschte Joren och dacks schockant Krichsfotoe vun der Front dobäi.

Fir hiert Heemechtsland am Konflikt mat Russland z’ënnerstëtzen, sammelt si mat hirer Organisatioun Ukraïnka a.s.b.l. säit Jore Spenden a Material. E voll gefëllte 15-Tonner huet am Mäerz 2021 iwwer 100 Rollatoren, Better a villes méi an den Oste vun der Ukrain bruecht. Beim Luede vum Camion hunn Noperen aus 12 verschiddenen Natioune gehollef, en Engagement, dat d’Natalia elo wëll zeréckginn: Si ass nei an der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem, mam Zil, déi multikulturell Gesellschaft hei an der Gemeng weider ze stäerken.

Fir den ukrainesche Bortsch ze kachen, huet d’Natalia net nëmmen hir traditionell an handgebitzte Wyschywanka-Truecht aus dem Schaf geholl, ma mat hirer Frëndin Svitlana gouf et och kräfteg Ënnerstëtzung an der Kichen. Bortsch ass en Nationalplat, en Eintopf, deen a grousse Quantitéite gekacht gëtt. An der Ukrain wiermt d’Molzecht d’Aarbechter, déi bei äiseger Keelt de ganzen Dag dobausse schaffen. Ma éier et bei den Dësch geet, gëtt eng Drëpp gedronk, och déi soll d’Kierpertemperatur erhéijen.

Fir d’Bortsch:

  • 500g Rëndsrëppercher
  • 2 grouss Zwiwwelen
  • 4 Gromperen
  • 2 rout Rommelen
  • 2 Wuerzelen
  • 300g wäisse Kabes
  • 1IL Tomatekonzentrat
  • 300ml passéiert Tomaten
  • Lorberblieder
  • Salz
  • Peffer
  • Knuewelek
  • Sauerram
Ukrainesch Bortsch

Fir de Bouillon 3 Liter Waasser opsetzen, mat de Rëndsrëppercher, enger Zwiwwel an enger Wuerzel zwou Stonne kache loossen.

De Rescht vum Geméis wäschen, schielen a kleng schneiden. Déi rout Rommelen a Sträifen an de Kabes a ganz dënn Scheiwe schneiden. An enger grousser Pan eng Zwiwwel gëllen ubroden, dono eng Wuerzel dobäiginn. Wann d’Wuerzel Waasser gelooss huet, déi rout Rommelen an d’Pan ginn, déi passéiert Tomaten an en Iessläffel Tomatekonzentrat dobäischëdden. Kache loosse bis déi rout Rommele bëssfest sinn.

No zwou Stonnen d’Fleesch an d’Geméis aus dem Bouillon eraushuelen. D’Fleesch virsiichteg vun der Schank trennen an zeréck an d’Dëppe leeën. D’Gromperen dobäiginn an am Bouillon kache loossen. Esoubal d’Gromperen duerch sinn, d’Mass aus den Tomaten an de roude Rommelen aus der Pan dobäischëdden. Nach eng Kéier opkache loossen, dono de Kabes dobäiginn, wierzen, schmaachen an da mat Brout a Sauerram zerwéieren.

Fir +/- 40 Wareniki

  • 500g Miel
  • 500g Gromperen
  • 1 grouss Zwiwwel
  • 1IL Sonneblummenueleg
  • 200ml waarmt Waasser
  • 1 Pouz Salz
Wareniki

Aus dem Miel, dem Sonneblummenueleg an dem Waasser (lues a lues dobäischëdden) en Deeg knieden. Anescht wéi een et dacks liest, kënnt an eis Wareniki keen Ee dran. Den Deeg ausrullen an duuss mat engem Glas ausdrécken (d’Form vun engem Wäisswäiglas ass ideal). D’Grompere schielen a kachen, d’Zwiwwele gëllen ubroden. Dono d’Gromperen an een Deel vun den Zwiwwelen zesummen duerch de Fleeschwollef ginn, alternativ mam Mixer püréieren. Wichteg ass et, datt keng kleng Stécker méi zeréckbleiwen. Dono 10g vun der Fëllung an 20g Deeg fëllen. Den Deeg schéi formen a fäerdeg ass de Wareniki. 3 Minutten am Salzwaasser kachen. Mat Botter an dem Rescht Zwiwwelen oder alternativ enger Champignonszooss zerwéieren. En Tipp: D’Wareniki kënne fäerdeg geformt och agefruer ginn. Entdeeë brauch een se och net, ma et muss ee se zwou Minutte méi laang am Salzwaasser kache loossen.

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register