Foto-Expo am Park Backes

De Christophe Groben stellt am Park Backes aus

Fräiloftausstellung am Park Backes zu Suessem
Vernissage vun der Fotoausstellung: Donneschden, den 1. Juli 2021
D’Ausstellung steet dëst Joer ganz am Zeeche vun de Wierker vum Christophe Groben

De Christophe Groben ass net nëmmen een Zolwer Bouf duerch an duerch, mee och e Mann mat villen Talenter. E Gespréich iwwert säi Wee zur Fotografie, seng Liblingsmotiver a wéi eng Virdeeler säi Beruff bei dësem Hobby mat sech bréngt.

Wat verbënnt dech mat der Gemeng?

Ech ka vu mir behaapten, datt ech e richtegen Zolwer Jong sinn… ech sinn hei grouss ginn, sinn hei an d’Primärschoul gaangen, a wunnen och elo net wäit ewech vu mengem Elterenhaus. Esouguer meng Grousselteren an d’Famill vu mengem Papp senger Säit sinn all vun Zolwer. Säit eh und je verbënnt mech mat Zolwer awer virun allem d’Musek, mat allem wat dozou gehéiert, also och de Basket an dat ganz kulturellt Liewen an der Uertschaft. Ech hu mech also nach ëmmer, vu Klengem u mat Zolwer identifizéiert a sinn hei einfach Doheem.

Wéi bass du zur Fotografie komm?

Esou banal ewéi et nëmme geet. Mir sinn an d’Vakanz gaangen, mäi Papp hat säi Fotoapparat dobäi an iergendwann hunn ech e geholl an hu mech domat ameséiert. An iwwert d’Joren krut ech dann och mäin eegene Fotoapparat, deen ech dono och iwwerall matgeholl hunn. Viru sechs Joer hunn ech mir dunn e professionelle Fotoapparat zougeluecht. Ab do hunn ech mech dann nach vill méi an intensiv mat der Fotografie auserneegesat. Wat automatesch geschitt, vu datt ee ganz aner Méiglechkeeten huet.

Ech ka vu mir behaapten, datt ech e richtegen Zolwer Jong sinn

 

Du bass vu Beruff Polizist … ass dat eng aussergewéinlech Kombinatioun mat Fotografie a Kreativitéit?

Jo an nee. Et ass een effektiv bei deem enge méi an engem strikte Kader, an an deem anere muss de souzesoen eraus aus dengem Kapp. Mee et ass genee déi Mëschung déi et ausmécht, well et eben déi Ofwiesslung ass. An och grad mäi Beruff erlaabt et mir duerch dat villt Ënnerweesinn ganz vill Iddien ze sammelen. Well de Beruff därmoosse vaste ass, gesinn, erliewen, héieren ech vill an dat fléisst och a meng Biller mat an. Ee Beispill ass eng Foto wou d’Sonn genee tëschent dem Knapp an dem Letschëf opgeet… dat konnt ech just esou gesinn, well ech dee Wee all Moien no der Nuetsschicht heemgefuer sinn an dat hätt ech ouni dee Beruff net gehat.

Kann ee soen, datt esou Momenter Inspiratioun fir deng Fotoe sinn?

Net nëmmen. Ech maachen och nach ganz gär Nuetsfotoen, d. h. Laangzäitbeliichtungen. A wat mech nach faszinéiert ass alles, wat mam Wieder ze dinn huet… bei engem wonnerschéinen Donnerwieder kéint ech mech stonnelaang dohinner sëtzen. 

Wat bedeit dës Ausstellung fir dech?

 Et war éierlech eng grouss Iwwerraschung a virun allem eng ganz grouss Éier fir mech, well ech guer net domat gerechent hunn. Ewéi och schonn d’Gewanne vum Gléckwonschkaarteconcours, wat en immenst Erliefnes fir mech war. Mir hunn hei an der Gemeng vill fantastesch Fotografen, déi och scho méi laang dobäi sinn ewéi ech, ëmsou méi beréiert et mech, datt ech dierf meng Biller hei a menger Heemechtsgemeng ausstellen.

“Bei engem wonnerschéinen Donnerwieder kéint ech mech stonnelaang dohinner sëtzen!”

Kanns du dir och an der Zukunft eppes virstelle mat der Fotografie?

Am Moment wëll ech bewosst datt et just en Hobby bleift. Et ass genausou ewéi d’Musek, ech wollt dat bewosst ni professionell maachen, et mécht mer Spaass well et en Hobby ass. Doniewent sinn ech och a mengem Beruff ganz zefridden, mee ech wëll och ni eppes ganz ausschléissen an der Zukunft. Dat erlaabt et mir awer och heiansdo einfach mol kreativ Pausen dertëschent anzeleeën. An deenen ech dann och méi Zäit hu fir meng aner Interessien ewéi de Beachvolley, d’Museklauschteren, d’Fallschiermsprangen an natierlech de Basket… als treien Zolwer Basket-Fan wäert sech dee Punkt och ni änneren.

 Infos Christophe Groben:
Gebuer de 4. Februar 1985
Wunnt säit 31 Joer zu Zolwer
Beruff: Polizist
Instagram: den_geee

 

You don't have permission to register