ËWK Juni: Julie Wagener

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass d’Julie Wagener?

1990 zu Bogotà a Kolumbien gebuer, ass d’Julie Wagener zu Lëtzebuerg opgewuess. No Ofschloss vun der Konschtsektioun, ass si weider op Bréissel gaange fir Illustratioun ze studéieren. 2015 huet si sech selbstänneg gemaach a schafft säitdeem fir divers Clienten am kulturellen awer och am méi kommerzielle Beräich esouwéi op privat Commande.

Hir Illustratioune sinn oft mat Symbolismen an Allegorien duerchsat a se inspiréiere sech ënnert anerem um Folklor, u Mythen a Legenden aus aller Welt esouwéi un der Konscht- a Filmgeschicht. Si huet ausserdeem e grousse Faibel fir alles wat makaber an okkult ass an dofir ënnerleien hiren Illustratiounen oft eng liicht bedréckent oder geheimnisvoll Stëmmung. Si wëll ongewéinlech Visueller schafen, déi iwwerraschen an interessant fir z‘entdecke solle sinn.

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

De Mënsch lieft innerhalb vun engem komplexen a fragillen Ekosystem. Fir weider op dësem Planéit mat all Liewensform koexistéieren ze kënnen, musse mir all ufänken en duerch e Liewens- a Systemwandel ze schützen. Och wa mir just e klengen Deel vun dëser Natur, dësem Planéit an dësem Universum sinn, hu mir awer eng riseg Verantwortung där mir eis endlech bewosst musse ginn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register