Ee weidere Schratt fir méi Schécherheet

Neie Streckendeel virun der Éilereng Schoul

An der Elaboratioun vum Masterplang Mobilitéit ass d’Vitesslimitatioun ronderëm d‘Schoulen e grousse Pilier gewiescht. Mat der Autorisatioun vun de Ponts et Chaussées konnt am leschte Gemengerot vum 21. Mee 2021 de Projet ronderëm d’Schoul zu Éilereng f ir 1.250.000 € eenheetlech gestëmmt ginn.

Esou wäert op enger Längt vun 180 Meter de Streckendeel virun der Schoul vu siwen op sechs Meter méi schmuel gemaach ginn. Ausserdeem gëtt d’Strooss op der Plaz erhéicht a kritt e spezielle Belag, mat enger faarflecher Ënnerscheedung zu den Trottoiren. Bei de Rampen ass den Accès mat manner wéi fënnef Meter besonnesch schmuel. D’Busarrêten an de Beräich ëm d’Rout Luucht gi PMR-gerecht amenagéiert an d‘Plaze virun der Kierch an der Morgue erneiert. Op dësem neie Streckendeel gëtt d’Vitess vu 50 km/h op 30 Stonnekilometer erofgesat.

“Säit iwwer 20 Joer kënnt et ëmmer nees zu geféierleche Situatioune virun der Éilerenger Schoul, ma eréischt säit 2016 ass et méiglech op enger Staatsstrooss d’Vitess op 30 km/h ze reduzéieren“, esou de Fernand Heischbourg, Chef de Service vum Departement Projet. „Aner verkéiersberouegend Moossname gräife leider net, dowéinst si mir frou dëse Projet elo kënnen ëmzesetzen.”

Elo gëllt et déi leschten Autorisatiounen eranzehuelen an de Projet auszeschreiwen, esou datt de Chantier Ufank 2022 ka lancéiert ginn. Verleeft alles no Plang, kéinten d’Aarbechten Enn 2022 ofgeschloss ginn. De Masterplang Mobilitéit gesäit vir, datt verkéiersberouegend Moossnamen an den Uertschafte solle gefërdert ginn. Mam neien Tronçon virun der Schoul zu Éilereng wier e weidere Schratt an Ugrëff geholl. An enger spéiderer Phas soll dëse Projet och virun der Schoul zu Suessem ëmgesat ginn. D’Gemeng schafft weiderhin och drun d’Vitess virun all de Schoulen op 30 km/h ze limitéieren.

 

“Aner verkéiersberouegend Moossname gräife leider net, dowéinst si mir frou dëse Projet elo kënnen ëmzesetzen.”

Déi nei Campagne vun der Gemeng Suessem: Respektéiert de Gaardenzwerg!

Méi Informatiounen iwwert déi ganz Campagne op suessem.lu/zone30
Liest hei den interview mam Mobilitéitsschäffe Mike Lorang >>>

You don't have permission to register