Zone 30: Respektéiert de Gaardenzwerg!

D’Gemeng Suessem huet déi lescht Wochen hir nei Zone-30-Campagne lancéiert. De Mobilitéitsschäffen Mike Lorang erkläert, wéi eng Roll e Gaardenzwerg bei deem Theema spillt.

D’Iddi ass et d’Leit erëm ze sensibiliséieren an nach eng Kéier drun z’erënneren, wat eng Zone 30 ass. Mir kréie vill Reklamatiounen eran, datt an den 30er Zonen ze séier gefuer gëtt. Mir kënnt et perséinlech och esou vir, wéi wann d’Zone 30 vu muncher engem vergiess gi wier. Et ass un der Zäit ze reagéieren.

 

Mam Gaardenzwerg geet d’Gemeng en éischter ongewéinleche Wee. Wéi een Effet erhofft dir iech duerch de bäertegen Zwerg mat der rouder Mutz?

De Gaardenzwerg fält op a stécht eraus, wat bei enger Campagne ni vun Nodeel ass. Natierlech hätte mir och ee grousst Zone-30-Schëld kënnen huelen, mee mir hunn eis bewosst fir dëse méi humorvolle Wee entscheet. Hoffentlech froen d’Automobiliste sech och wat mat senge Kleeder passéiert ass. Laangfristeg wier et flott, wann de Gaardenzwerg zum Symbol vun der Zone 30 an der Gemeng géif ginn.

Wisou ass den Zwerg iwwerhaapt plakeg?

De Chauffer war ze séier. Hätt e sech un déi erlaabten 30 Stonne- kilometer gehalen, hätt de Gaardenzwerg seng Kleeder nach un. Mir erhoffen eis, datt den Zwerg opfält, zu Gespréicher ureegt an am Idealfall munchereen dozou beweegt de Fouss vum Gas ze huelen.

 

Sinn d’Chauffere sech de Geforen an der Zone 30 guer net méi bewosst?

Wie mat 50 km/h an enger Zone 30 ënnerwee ass, verléiert 2 Punkten a muss 145 € bezuelen. D’Reaktiounszäit an de Bremswee si vill méi laang an de Risk vun engem déidlechen Accident ass mat 50 km/h véier Mol méi héich wéi bei Tempo 30. Dat gëtt dacks vergiess. Mam Gaardenzwerg wëlle mir d’Leit drun erënneren, wou si grad ënnerwee sinn. E soll e weidert Puzzlestéck sinn, fir den Trafick berouegt ze kréien.

Méi Informatiounen iwwert déi ganz Campagne op suessem.lu/zone30

 

Scannt de Cover vum kuerz&knapp. mat der Artivive App an erwächt de Gaardenzwerg zum Liewen.
Setzt den Zwerg an déi Zone 30, wou hien am meeschte gebraucht gëtt an taggt d’Gemeng Suessem op Facebook & Instagram.

 

 

 

You don't have permission to register