ËWK Mee: Gilles Scaccia

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass de Gilles Scaccia?

Säit 2013 schafft de Gilles Scaccia ënnert dem Numm Kousca Design Studio als selbstännege Grafiker. Seng Leidenschaft zu der Konscht huet mat senger Léift fir de Skateboard ugefaangen. D’Skateboard-Welt ass eng Liewensaart ouni kënschtleresch Grenzen, déi Musek, Konscht a villes méi matenee verbënnt. Esou ass de Gilles Scaccia zum Zeechnen an zur Fotografie komm. Säi Wee huet mat eege kreéierten T-Shirten ugefaangen an hien iwwert de Lycée des Arts et Métiers op Berlin gefouert, wou hie Kommunikatiounsdesign studéiert huet. Säit 2013 ass hie selbstänneg mat Sëtz am 1535° zu Déifferdeng.

De Kousca schafft säit véier Joer mam Grafiker a Schrëftdesigner Sacha Rein zesummen. Hire Schwéierpunkt läit an de Beräicher vun der visueller Identitéit, dem Editorial, am Print Design an an der Berodung. Op kleng oder grouss Projeten, si entwéckele Léisungen op Mooss.

E puer Wierder iwwert d’Illustratioun…

A menger Illustratioun wollt ech net onbedéngt eng Geschicht erzielen, mee éischter e Gefill vermëttelen. E Gefill vu Freed, positiver Energie a vun enger schéiner sonneger Zäit. Dëst e bëssen am Stil vum Pop Art aus den 80er Joren an deenen och mäi Gebuertsdatum läit.

Et gi ganz ënnerschiddlech Saachen z’entdecken, déi ee mat eegenen Erënnerungen un e Grillfest, e Lagerfeier mat enger Gittar oder un een 1. Mee verbënnt. Op alle Fall soll d‘Illustratioun, mam éischte Bléck op de Kalenner dofir suergen, datt ee voller Energie a Kraaft an e vollgepaakten Dag starte kann.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register