Am Déngscht vun de Bierger

Eng Rencontre mat den Agents municipaux ass e bësse wéi ee Besuch beim Zänndokter: quasi jiddwereen huet am Laf vu sengem Liewe schonns mussen dru gleewen, et mécht net wierklech Spaass, a bezuele muss een an der Reegel zum Schluss och nach. Duerch hir Funktioun als Wiechter vum rouende Verkéier, kënnt et net vun ongeféier, datt si am Volleksmond säit jeehier net ganz respektvoll als “Pecherte” geruff ginn. 

Dobäi hunn si nach eng ganz Rei weider Aufgaben, wéi de Moreno Barone, ee vun den dräi Agents municipaux aus der Gemeng Suessem, erkläert: “E groussen Deel vun eiser Aarbecht ass a bleift d’Mediatioun.” Déi dräi Männer an de bloen Uniforme sinn awer och an anere Missiounen am Déngscht vun de Bierger ënnerwee.

“An eiser Funktioun als Agents municipaux, iwwerwaache mir nun emol de rouende Verkéier, dorënner fält ë. a. d’Parken an der Gemeng, ma mir suergen och fir d’Sécherheet bei de Schoulen”, erkläert de Jos Dicken, Chef de Service.

An hirer Qualifikatioun als Bannhidder, am Franséischen ënnert dem Begrëff Garde champêtre bekannt, schlichte si tëscht Noperen, suergen dofir datt dat kommunaalt Polizeireglement agehale gëtt, ma si iwwerwaachen och d’Sécherheet an d’Propretéit uechtert d’Gemeng.  “Mir ginn an der Moyenne véier Mol d’Woch geruff, well onerlaabt Knascht ofgeluede ginn ass”, verréit de Jos Dicken. Wa si an den Tuten eng Adress fannen, da kënne weider Schrëtt ageleet ginn.

Dobäi sti mir bei de Schoule fir d’Kanner ze schützen, an net fir d’Elteren ze schikanéieren.

Oft hunn awer och Nopere sech an den Hoer, well eng Garage zougeparkt ginn ass oder d’Hecken net uerdentlech geschnidde sinn. “An 80 Prozent vun de Fäll kënne mir hëllefen, bei 10 Prozent ass d’Besserung leider just vu kuerzer Dauer a bei deene leschten 10 Prozent ass d’Duch tëscht de Noperen komplett zerschnidden”, esou de Jos Dicken, dee säit der Grënnung vum Service am Joer 2014 mat dobäi ass.

Hir gréissten Erausfuerderung gesinn d’Agents municipaux awer am Groussraum ronderëm d’Schoulen. “Dobäi sti mir bei de Schoule fir d’Kanner ze schützen, an net fir d’Elteren ze schikanéieren”, erkläert de Sven Pescarolo a weist drop hin, datt vill Eltere moies gestresst sinn an hir Kanner am léifste géife mam Auto bis an de Klassesall féieren. U Parkplaze feelt et oft net, ma déi si villen Elteren ze wäit ewech.

“Mir hunn natierlech Verständnes fir d’Elteren, mee et geet eis an éischter Linn dorëms, datt de Kanner näischt geschitt. Dofir wier et sécherlech sënnvoll, wa si sech moies just zwou Minutte méi laang géifen Zäit huelen. Et ass jo och am Interessi vun hire Kanner”, esou de Sven Pescarolo weider.

Op d’Fro hin, wéi si hiren Déngscht fir d’Bierger weider verbessere kënnen, hu si eng eenheetlech Meenung: si kënne gären nach méi oft geruff, respektiv kontaktéiert ginn. “Wann d’Leit sech bei engem Theema onsécher sinn oder e Problem hunn, da kënne si eis ganz gäre kontaktéieren a sech renseignéieren. Mir hëllefe jiddefalls ëmmer gären”, esou de Moreno Barone ofschléissend.

 

 

You don't have permission to register