Ee Joer a Kolumbien

“Et war fir mech schonn ee klenge Kulturschock.” Sou beschreift d’Myriam Schmitt vun Zolwer hir éischt grouss Aventure, déi si viru 26 Joer agaangen ass, an déi hiert Liewen a villerlee Hisiicht nach bis haut positiv beaflosst.

Am Alter vun 23 Joer ass déi geléiert Infirmière deemools fir ee Joer a Kolumbien gaangen, fir zesumme mat Médecins sans frontières ee Spidol zu Puerto Merizalde, net wäit ewech vu Cali, am Südweste vum Land opzebauen. Och wann hir Missioun op der Plaz deelweis méi administrativ war, wéi déi dynamesch Fra sech dat virgestallt hat, esou huet si dat südamerikanescht Land a seng Mënschen direkt an hiert grousst Häerz geschloss an et si Frëndschaften entstanen, déi nach bis haut unhalen. 

Virun allem déi oppen a mëtschgieweg Mentalitéit hunn et dem Myriam, déi no enger Zäit als Hiewan mëttlerweil als Formatrice am Gesondheetswiese schafft, ugedoe gehat. “Déi meescht Leit dohannen hate knapps genuch z’iesse fir sech selwer, an awer hu si dir alles ugebueden an dech op Hänn gedroen, wann s du hire Gaascht waars.” Och déi südamerikanesch Kultur an déi rhythmesch Musek hunn hir vun Ufank u gefall.

Wat déi kolumbianesch Kiche betrëfft, sou kënnt déi an éischter Linn defteg an narhaft dohier. Dobäi gëtt gären op staark Gewierzer a Friichten zeréckgegraff, fir hir och deen néidege salzegen oder gezéckerte Goût ze verpassen. De Bandeja Paisa, iwwersat de Bauereplatto, deen d’Myriam Schmitt fir eis virbereet huet, steet symbolesch fir déi kolumbianesch Kichen an huet seng Urspréng virun allem an deene méi ländlechen an hiwwelegen Deeler vum Land.

Dës Manéier ze kachen huet awer och hire Präis, wéi d’Myriam, déi et och hautdesdaags nach iwwerall ronderëm d’Welt verschléit, mat engem grousse Laache verréit: “Ech dierf kengem soen, wéivill Kilo ech an deem Joer bäigeholl hunn.”

Säit 2017 ass d’Myriam Schmitt ee festen Deel vun der Integratiounskommissioun, an der si sech virun allem wéinst der oppener an onbeschwéierter Manéier vun hire Membere richteg wuel fillt. Eppes wat sécherlech net verwonnert, wann een dem Myriam hir Vergaangenheet kennt.

Fir d’Entrée:

  • 1 Zoppenhong
  • 4 Gromperen
  • 2 IL Planzenueleg
  • 3 IL Pefferkären
  • 4 Zellerisstaangen
  • 3 Muerten
  • 100 g Ingwer
  • 1 Porrett
  • 4 Schalotten
  • 2 Botte Fréijoerszwiwwelen
  • Waasser, wann et zevill akacht
  • Salz a Peffer
Caldo de Gallina – Héngerbritt

D’Waaser an engem groussen Deppen zum Kache bréngen D’Hong uelegen, salzen a pefferen an an dat grousst Dëppe leeën mat den Muerten, dann d’Porrett, d’Pefferkären, den Ingwer, d’Zellerisstaangen an d’Zwiwwelen derbäiginn. Lues kache loosse bis d’Hong mëll ass.

Wann d’Hong fäerdeg ass, et aus dem Dëppen huelen an d’Fléssegkeet (Britt) eemol duerch e Sift lafe loossen. Dono d’Hong an kleng Stecker zerléen an et um Teller mat den Muerten, Gromperen an Britt zeréck uriichten.

Fir den Haaptplat brauch een:

  • 3 Tase rout Bounen
  • 1 kg Gehacktes
  • ½ kg Speck a Wierfelen
  • 6 Chorizo
  • 6 Eeër
  • 2 Kachbanannen
  • Räis
  • 1 Avocado
  • 4 grouss Zwiwwelen
  • 4 Tomaten
  • Salz
  • Frësche Koriander
  • Planzenueleg
  • Esseg
  • Zitroun
Bandeja Paisa – Bauereplatto

D’Bounen schonn den Dag virdrun a Waasser aleeën. Den Dag drop am selwechte Waasser mat e bëssen Ueleg opkachen. Soubal d’Bounen hir Faarf verléieren e bësse Salz derbäiginn.

D’Gehacktes no an no bei mëttlerer Hëtzt ubroden. De Speck a Wierfele schneiden a gutt ubroden. Alles matenee vermëschen an 10 Minutten an der Pan duerchbroden an ofschmaachen.

D’Kachbanannen schielen an a Scheiwe schneiden. Dono liicht platt drécken an an enger Pan knuspereg ubroden. D’Eeër als Spigeleeër zoubereeden, den Chorizo an kleng Stecker schneiden an 1x an der Paan ubroden.

D’Fleesch, d’Bounen, d’Eeër den gebrodenen Chorizo an d’Kachbanannen op engem Platto oder Teller mat Räis zerwéieren, mat Koriander, enger Zitroun an enger Avocado garnéieren.

Fir den Dessert brauch een:

  • 150 g gegrimmelte Feta
  • 120 g Maizena
  • 25 g wäissen Zocker
  • 2 TL Salz
  • ¼ TL Bakpolver
  • 1 IL Botter a klenge Stécker
  • 2 Eeër
  • 1L Sonneblummenueleg fir ze frittéieren
Buñuelos – Frittéiert Deegbällercher mat Kéis

De wäisse Kéis, oder de Feta an eng Schossel grimmelen, alles bis op d’Eeër an den Ueleg dobäiginn a mat engem Läffel mëschen. Dono d’Eeër derbäiginn an alles zu engem festen Deeg knieden. Sollt den Deeg ze grimmeleg sinn, een oder zwee TL Mëllech derbäiginn. Falls den Deeg ze mätscheg ass, e bësse Maizena derbäimaachen. Den Deeg an zirka zwielef Bällercher formen. Oppassen, datt d’Bällercher ronn an net oval sinn.

Den Ueleg op 150 bis 160 Grad erhëtzen. Oppassen, datt den Ueleg net ze waarm ass. Besonnesch am Ufank reegelméisseg mat engem Läffel dréinen, fir datt se net opsprangen a gläichméisseg knuspereg ginn. Zirka 8 bis 10 Minutte frittéieren, dono op Kichepabeier ofdrëpse loossen a frësch zerwéieren.

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register