ËWK Abrëll: Patrick Hallé

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass de Patrick Hallé?

De Patrick Hallé ass Grafiker an Illustrateur a gouf 1979 zu Lëtzebuerg gebuer. Vu klengem un huet hien ëmmer vill a gär gezeechent. No der Konschtsektioun am Lycée Michel Rodange geet hie weider op Léck a studéiert do Grafikdesign um Institut Supérieur des Beaux Arts St Luc.

Enn 2005 schliisslech mécht hie sech selbststänneg a grënnt de Grafikstudio Bakform. Niewent dem Grafikdesign, wat säin alldeegleche Beruff ass, zeechent hien eigentlech all Dag a senge Skizzebicher fir nei Iddien z‘entwéckelen oder einfach just well et enorm Spaass mécht. Säit 2007 huet hie reegelméisseg u Gruppenausstellungen zu Lëtzebuerg deelgeholl, a säit 2020 ass hie Member vum Atelier Empreinte.

 

E puer Wierder iwwert d’Illustratioun…

Meng Illustratioun fir de Mount Abrëll weist eng Zort magescht Fabelwiesen, e bësse wéi ee mythologesche Faun, deen an dësem Fall awer just d’Kanner kënne gesinn. Et verkierpert d’Natur a weist de Kanner, wat et alles hei z‘entdecke gëtt, wéi alles zesummenhänkt a wat mir alles léiere kënnen, wa mir et fäerdeg bréngen eis nees als en Deel vun der Natur ze gesinn. Meeschtens gesi mir eis vun hir getrennt, a mir ginn zum Beispill “raus an d’Natur”. D’Kanner hunn déi Verbindung dacks nach op eng méi einfach an natierlech Aart a Weis, fir eis Erwuessener ass et méiglecherweis scho méi schwéier fir se nach, oder erëm, ze spieren. Als Mënschheet brauche mir dat Verständnis ëm all déi Zesummenhäng awer nees onbedéngt, fir datt mir och nach an Zukunft op dësem Planéit kënne liewen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register