ËWK Juli: Henri Schoetter

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass den Henri Schoetter?

Opgewuess zu Biergem a Beetebuerg, huet de Lëtzebuerger zu Bréissel fir Apdikter studéiert éier hie weider op Wien gaangen ass fir do Etüden an der Architektur unzefänken.

Säitdeem hien e Bläistëft kann unhalen, huet den Henri eng richteg Obsessioun fir d’Zeechnen a Molen entwéckelt, spéiderhin och fir Design am Allgemengen. Am Joer 2017 huet hien eng Paus vu senge Studien un der TU Wien genotzt fir aus senger Passioun säi Beruff ze maachen. Haut ass hien als Freelance-Kënschtler an de Beräicher Illustratioun, Logo Design, Branding an Zeechnen tëschent Lëtzebuerg a Wien ënnerwee.

Vu Klengem un faszinéiert vun Detailer, Strukturen a komplex Zesummenhäng, ass den „Heng“ konstant motivéiert seng Andréck an Iwwerleeunge mat senge Matmënschen ze deelen. „Do wou et Kommunikatioun gëtt, gëtt et Gedanken a Gefiller déi eis virubréngen, an dat a béid Richtungen.“

 

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

Meng Illustratioun soll op eis natierlech Biotopen an Déieren déi do dra liewen, wéi Kéiseker, Mouken, Blannschlécher asw. opmierksam maachen. Oft gëtt et tëschent deene sëllegen Acteuren e gesond Gläichgewiicht vun Notzen an Ofhängegkeet, eng Symbios déi de Mënsch kann ënnerstëtze wann hien informéiert ass wat alles am Summer an de Wisen a Weiere viru sech geet.

Och déi lokal a saisonal Geméis- an Uebstzorte solle méi wäertgeschätzt ginn, a wa méiglech zu den Importprodukter bevirdeelegt ginn.

E ganz wichtege Punkt ass fir mech d’Waasser an de bewossten Ëmgang mat dëser wäertvoller Ressource. Schliisslech ass et d’Quell vun all Liewen op dësem Planéit.

Dann zu gudder Lescht geet et mer drëm datt d’Leit hir Beweegungsmodalitéiten iwwerdenken an souvill wéi méiglech mam Vëlo oder zu Fouss maachen. Doduerch maache se net just der Natur mee och sech selwer e grousse Gefalen, kierperlech wéi och mental.

Mir mussen a puncto Konsum, Produktioun an Notze vun der Ëmwelt onbedéngt elo op d’Noutbrems trëppelen, fir d’Ressourcenknappheet an aner ekologesch Problemer ze verhënneren, déi leider mat grousse Schrëtt op eis duerkommen.

Trotz dësem schwéieren an trageschen Theema, hunn ech mech fir eng méi liicht a verspillten Duerstellung entscheet an dobäi méi agreabel Saache wéi Glace-Iessen net vergiess.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register